micky-maus
Jungspund
Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22
|
|
Ett wäer villaicht interessant eng nei Rubrik ze hunn fier gaanz aal Fotoen dran ze setzen dei mei aal ewei +- 30 Joer sinn also bis ca1980
Fotoen vunn aalen Negativer oder Diaen dei gescannt gouffen ann nei verschafft oder restaureiert gouffen.
Hoffen ett sinn nach aaner Useren hei dei unn deser aaler analoger Fotografie interesseiert sinn ann sech villaicht nöt trauen dei eropzelueden. mat enger neier Rubrik wäer daat hoffen ech keen Probleem..... (:o]
|
|
29.06.2013 17:58 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Ech gesinn lo net wierklech den Sënn vun soueppes. D'Andeelung vun der Galerie ass jo, bis op DigiArt, nom Inhalt gemaach. Ass also egal op eng Foto virun 100 Joer mat enger Lachkamera oder gëscht mat der Lytro gemach gouf. Wann d'Foto gutt war ass se et och nach ëmmer, an al analog Familljenfotoen well net wierklech een gesinn.
Wanns de gutt Fotoen hues weis se, och wann se analog sinn an d'Bildquali net méi sou dat ass! Gëtt jo am Moment souwisou gehyped.
__________________ Anti-Signature
|
|
02.07.2013 00:46 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Ech verstinn net firwat dat KEE Sënn sollt maachen
D'Rubrike si jo enner anerem och do datt een eng Foto resp. eng bestëmmt Zort vu Fotoe besser remfennt. Wann lo een sech besonneg fir aal Fotoen interesséiert (Ech z.B .an et gett bestemmt nach e puer aner Nostalgiker hei um Site) wier e bestemmt frou wann et soueng Rubrik géing ginn.
A wann den "Inhalt" vun der Foto nun emol schon 40-80 Joer zréck läit, firwat dann net sou eng Rubrik man?
Natierlech muss lo net jiddereen säi ganze Familienalbum roplueden, mee ech si mer sécher datt se och fréier scho woussten wéi ee gutt Fotoe mecht.
|
|
02.07.2013 16:02 |
|
|
Houll-art unregistriert
|
|
D'iddi fir eventuel een groupe fir al fotoen ze maachen ass entstaan well ech bei enger aler Foto vum micky-maus daat Thema opgegraff hun. Et geet net drëmms fir den Famillienalbum ze scannen an déi Fotoen hei zum Beschten ze ginn, mee éischter ëmm déi Grënn déi marischen hei genannt huet. En plus, net all PG-User hei mecht eréischt zenter e puer Joer Fotoen, mee et sinn der duerchaus och hei déi zenter 40 Joeren oder méi Fotoen maachen.
OK, et fënnt sech secherlech och fir déi Fotoen eng Katagorie déi schon besteet, an duerfir ass et fir mech keen Drama wann esou eng Kategorie och net agefuert gëtt, mee ëmmgedréint kann een et jo och gesinn.
Fotografien déi virun engem engem halwen Joerhonnert oder méi gemach gin sinn, drecken eppes aanescht aus, kuckt een aanescht,sinn aanescht entstaanen, asw.
Mir ënnerscheeden jo schon intuitiv beim betruechten ob eng foto alen oder rezenten Charakter huet. Vun dohir klasséieren mir se jo souwisou schon an eng gewëssen Kategorie, firwaat dann net och esou eng maachen?
|
|
02.07.2013 17:02 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Jo ok, mam Standpunkt dat een d'Fotoen dann spezifesch sichen kann mécht dat ganzt nees méi Sënn, do hutt der Rescht.
Mech perséinlech interesséiert den Inhalt méi wéi d'Technik, dofir hat ech lo net wierklech dorun geduecht. Analog fält bei mir éischter an d'Rubrik Stilelelement well een jo lo den Choix huet tëscht Digital an Analog. Vun do hier entscheed een sech ganz bewosst vir analog ze schaffen wann dat d'Motiv ënnerstëtzt, an net méi well een et muss.
__________________ Anti-Signature
|
|
03.07.2013 22:30 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech sin elo coh net direkt dofir. ech mengen dass d´nofro net esou grouss as. wéi dacks gesäit ee schon restauréiert fotoen hei um site? an dann d´fro vum Copyright all kéier. oder mengs de fläit fotoen dé 30 joer al sin, mee vu mär/där selwer geschoss gouffen? do kann ech net mathalen...
ech hat an der zäit esou eng Foto drop. se as scheinbar net méi do, mee ech hat se ennert der Rubrik "digital art" oder sou. an dat as jo och ok, mee virun allem well ech jo zum fotographeschen deel guernäischt bäigedroen hat.
wann ech elo gÃng eng al Foto eroplueden déi ech selwer geschoss hätt, da giff ech awer och net onbedéngt eng Rubrik sichen, well dat si jo just e puer joer. an et as jo net wé wann eng Foto besser wier well se mà alas. oedr wéi wann eng Foto mà opmierksamkeet gÃng verd´ngen NEMMEN duerch hieren alter. wann elo eng Foto opmierksamkeet verd´ngt onofhängeg vun hierem alter, dann as dat och net anecht, well da weise mer d´foto jo well et em d´foto geet, net em den alter.
also den ennerscheed läit an der Foto serlwer, an net an hierem alter. an dofir as e coh net derwäert eng Foto ze weisen déi NEMMEN al as, a soss näischt
__________________
|
|
05.07.2013 11:57 |
|
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Grad su richtig ass et dann awer och dass et net derwert ass eng Foto ze weisen di NEMMEN aktuell ass, a soss neischt.
|
|
14.07.2013 23:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dat stëmmt, mä mer hu jo och keng Kategorie déi "Aktuell Foto" heescht
Allerdings beschreift et d'Foto awer dach op eng Art a Weis, dofir ass eng eege Kategorie lo net sou wäit hiergeholl, just ass d'Nofro effektiv extrem geréng dofir, dat gesäit een and er Galerie an och um Feedback hei am Thread. Ech denken mat den aktuelle Fotoen vum site géif ee mol net 1 ganz Säit voll kréien.
Also vun der Basis-idee ass et lo net schlecht, just eben denken ech net dass mer et aktuell brauchen.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.07.2013 00:01 |
|
|
|
Anonymous
Grünschnabel
Dabei seit: 16.07.2013
Beiträge: 1
|
|
Alt nees eng gud Idee, dei mol einfach esou verworf get well gewessen Leit hier engstiereg Egoistemeenung hun an drob setzenbleiwen. Wei ber der Schwulendebat am Frankreich : wanns de naischt dermat ze din hues, dann haal emol einfach dein Back...
"Historech" wier eng ganz gut Kathegorie, se hätt Sënn, se hätt eng Daseinberechtegung.
Kloer kommen net esouvill där Fotoen, well et jo och keng Kathegorie derfier get ...
Ech machen schon iwer 30 Joer Fotoen hei zu Lëtzebuerg an och an menger deemoleger Heemecht, ech interesseieren mech fier den Patrimoine an och fier t'Documentation vun esou alen "Trésoren". Ausserdeem geif et mech frëen och vu aner Léit historesch Fotoen vun eisem Ländchen ze gesin....
Fier mech eng gut Idee.
|
|
16.07.2013 15:56 |
|
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Ob mir dat elo aktuell brauchen, Johny, ass fir mech net wichtig. Vileicht géife mir iwerascht gin. Am Fong geholl ass et Schued fir bal all al Foto déi net gekuckt get.
Auserneesetzen muss jidereen sich dermat: deen deen se scant a mir déi se kucken. Ech sin iwerzeecht dass et do deen een oder aneren Bijou get.
|
|
17.07.2013 00:07 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Mat däer feiner Art an Weis erreechs de sécher näischt Anonymous...
En plus klengt et vir mech wéi wann vir dech den Inhalt vun der Foto méi interessant wier wéi d'Foto selwer, wat kloer net den Sënn vum Site ass.
__________________ Anti-Signature
|
|
16.07.2013 16:04 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
"Schued fir bal all al Foto déi net gekuckt gëtt" ? Mä wéi de Marc dach scho sot, eng Foto ass jo net speziell just wel se al ass. An just well keng Kategorie do ass, heescht dat jo net dass ee keng sou Foto däerf eroplueden
__________________ 404 - Not found
|
|
17.07.2013 00:51 |
|
|
|
micky-maus
Jungspund
Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22
Themenstarter
|
|
Zitat Metalbambi:
"En plus klengt et vir mech wéi wann vir dech den Inhalt vun der Foto méi interessant wier wéi d'Foto selwer, wat kloer net den Sënn vum Site ass. "
Den Inhalt vunn der Foto mecht Foto interessant ann soss naischt, oder häää? Verstinn daat nöt
Ann fier op Thema zereckzekommen, Eng Kategorie fier aal Fotoen sinn jo oninteressant, ass joo ok. Wei wäer ett dann mat enger fier "Analogfotoen" mat Kategorie "Negatif, Dia, Lomo ann Polaroid etc...)
Denken Konscht fier Analog ass jo Foto un sech. Hei konnt een keng 800 Foto knuppen ann se op LR an PS oä sorteieren, verschaffen, veränneren asw.
Doweinst däerf een nöt esou streng bei deenen Fotoen sinn wei Haut bei Digital ann just den Inhalt mat deenen klengen Fehler sinn ze verzeiehen ann hunn Charme.
Doweinst eng eegen kategorie, wann een se well kucken, een se och fend. Och wann hei villaicht eng Minoriteit sech dofier interesseiert, sollen och enger Minoriteit hier Wönsch erfellt ginn..... Esou funktioneiert nun mol een "Demokratischen" System. Well ausser dem Komitee sech keen negatif iwwert Idee augesprach huet.
Well elo keen vum Komite ugraifen, sinn just entäuscht iwwert Argumenter, Just eng gereng Nofroo ass fier mech keen Grond eng nei Idee ze refuseieren....
M.b.G.: m-m
|
|
18.07.2013 15:31 |
|
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Et ass nach laang net all aal Foto am CNA an eng Kategorie ("mémoire visuelle", zb) op PG géif hellefen déi Fotoen besser eremzefannen an, ganz eventuell, méiglicherweis och nach 1 Subsid ze kréien....
|
|
18.07.2013 21:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
En "demokratesche System" funktionéiert nom Prinzip vun der Ënnerdréckung vun der Minoritéit. Jo ech drécken et express esou negativ aus
Well grad an engem demokratesche System eben eng Minoritéit géif ignoréiert ginn.
Mir sote jo net dass et oninteressant ass, well Quantitéit (dat wat mir a Fro stellen an dësem Fall) huet näischt mat Qualitéit (interessant sinn) ze dinn. Interessant ass et, awer de Feedback ass och hei am Forum vun aneren relativ bescheiden, wou mir mengen dass wann d'Leit d'Idee wirklech fir gutt empfannen, et och méi schreiwe géifen. (De Marc Gerard ass iwwregens schonn eng Zäitchen net méi am comité
)
Wat de Bob gemengt huet mat Inhalt ass amfong d'Motiv, also dass ee just säi Motiv weise wëll a soss sech fir näischt un der Foto interesséiert. Beispill sinn typesch Familiefotoen wou ee just weise wëll ween op der Foto drop ass, de Recht (Bildopbau, Idee, Kreativitéit) net mat abegraff.
Deng alternativ mat den analoge Fotoen fannen ech perséinlech do scho méi sënnvoll, well et manner op Alter bezunn ass mä méi op Technik, an och méi Fotoen dovu betraff sinn. Wann anerer bestätegen dass se tselwecht denken, kéint een soueng gär maachen.
__________________ 404 - Not found
|
|
18.07.2013 15:41 |
|
|
|
|
|