gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech fannen den lëtzebuergeschen Spellchecker nawell hëllefräich.
Hei zwou Iddien wéi den Spellchecker nach méi nëtzlech kann ginn.
1. Wieder déi den Programm net kennt kënnt der einfach bäisetzen. Rietsklick op d'Wuert an dann 'Add to Dictionary,' respektiv d'Equivalent deemno an wéi enger Sprooch ären Firefox ass. Dat bescht Beispill fir eis ass wuel d'Wuert Photogen.
2. Et ass mer awer zimlech séier en Problem opgefall fir d'Manéier wéi ech, an wahrscheinlech och vill aner Lëtzebuerger den Internet benotzen: mir schaffen a méi wéi enger Sprooch.
Also fir déi wou hei um Site mol deem engen oder aneren User op Franséisch oder Däitsch äntweren, oder déi regelméisseg op engleschsproochegen Siten ënnerwee sinn, (an domat warscheinlech méi wéi een Dictionnaire installéiert hunn) recommandéieren ech dësen Firefox Plugin: Dictionary Switcher.
D'Iddi hannert dem Programm ass dass en den Site "liest" fir ze erkennen wéi eng Sprooch am meeschten drop benotzt gëtt. Wann ech z.B. op den Portal vun Photogen ginn wielt en automatesch Lëtzebuergesch, elo wou ech an den Forum komm sinn huet en op Däitsch gewiesselt well den Forum-Programm jo an der Sprooch ass, mä wéi ech elo ugefangen hunn mat schreiwen huet e gemierkt dass e muss op Lëtzebuergesch wiesselen.
__________________ www.gloda.net
|
|
04.06.2010 11:39 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
yeahaa den Dictionnary switcher as genau dat wat ech gebraucht hunn! huet mech näämlech bëssi gestéiert dass een den Spellchecker néirens derzou kann bréngen NËMMEN op bestëmmten Säiten ze verbesseren!
an nach eppes: wann en am Forum net sollt goen - den EINFACHEN Editor huelen, dann huet een nees.......alles voller rouder Stricher!
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
04.06.2010 12:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
photogen gëtt als Wuert net mat ph geschriwwen mä mat f, well sech do un der Däitscher Rechtschreiwung orientéiert gëtt. Photo schreift ee jo normalerweis och éischter Foto.
photogen mat ph war deemools als Numm einfach méi flott, an fotogen.lu ass jo och Gottseidank eis
Awer merci fir Feedback, ech ginn dat weider, an och merci fir den Tipp mam Switcher.
__________________ 404 - Not found
|
|
04.06.2010 14:07 |
|
|
Mexx
Jungspund
Dabei seit: 18.01.2010
Beiträge: 24
|
|
Oha, deen Switcher ass jo nawell cool, mä bei Facebook dréint en um Rad ^^
Facebook ass op Englesch awer ech schreiwen op Lëtzebuergesch
|
|
04.06.2010 19:59 |
|
|
|