xaph32 unregistriert
|
|
ech sin geléierten fiscalist, sou einfach ass dat nët...
e puer beispiller:
student: fir steierpflichteg ze sin muss en méi wéi den mindestloun pro joer verdingen
beruffsfotograf: ouni rechnung ass et schwarzarbëcht
hobbyfotograf: léisst sëch onkäschten bezuelen, ass legal...
dobai kënnt dass et fir "artistech" aktivitéiten déi keng haptaktivitéit duerstellen, an déi e gewëssen seuil nët dépasséiren, doudsëcher keen eng opféiert
oder aaneschters gesot: mengt der ganz am eescht dass all eis super amateuren an eiser iwwerbezueltener fussballs-bananen-liga steiren bezuelen?
do gin et sou wait ech weess fraibetreech déi nët grad niddreg sin...
etc.
d'artikelen hun ech nët sou nët méi am kapp well ech schons laang nët méi an dem beruff schaffen, me schwarzarbëcht ass eppes aaneschters.
|
|
15.04.2010 13:36 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von xaph32
hobbyfotograf: léisst sëch onkäschten bezuelen, ass legal...
|
Mat deem Smiley hues de jo schonn alles gesot...
__________________ 404 - Not found
|
|
15.04.2010 13:39 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Du hues vollkommen Recht Xaph! Ech verdingen och Geld als Amateurfotograf (z.B. mat den Bichercoveren, Artikelen, etc.) an kann mein Kapp do an Rouh leen well ech niemols un meng Ausgaben erunkommen.
Awer et gin och Fotoen wou ech als Amateurfotograf d'Fangeren dovun lossen well ech domat aaneren Leit hiert schwéier verdingtent Brout eweg huelen. Ech kann mir gudd virstellen wéi schwéier dass et ass fir een Fotograf sein Brout ze verdingen an déi hun eben just Hochzeiten, Kommuniounen an Kanddaafen. D'Passfotoen fir den biometreschen Pass gin souguer elo schon op den Gemengen gemeet.
Daat ass zwar Offtopic an desem Thread an vill professionell Fotografen hun och net ganz vill Motivatioun fir emmer erem daat selwescht ze machen. Dofir ass heinsdo d'Resultat vun engem Amateur besser wéi daat vun engem Profi. Awer ech wier och net frou wann ech mein Geschäft misst zoumachen well ech mein heigen Loyer net méi bezuelen kann well mir d'Amateuren mat Schleuderpreiser d'Clienten eweg huelen. Als Amateur kennen mir jo nach mat ganz villen aaneren Fotoen Geld machen ouni aaneren Leit d'Brout eweg ze huelen.
|
|
15.04.2010 13:53 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Maachen 50 Leit am Land heiansdo eng Hochzäit ... d' Fotografen sinn dovu betraff. Och wann dann vlaicht vum Aarbechtsministère kee meckert oder wat och ëmmer.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.04.2010 14:01 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech gin der recht, hun ech jo well gesot, me vun schwarzarbëcht sin mer hei nach wait wech, an dodrëms as et jo hei gaangen, oder?
|
|
15.04.2010 14:07 |
|
|
claudedh
Jungspund
Dabei seit: 22.12.2008
Beiträge: 23
|
|
Eng Hochzait, Kommioun, Portrait, Passfoto asw, déi am optraag vun engem Client gemeet get ass par définitioun KENG Artisteg Aktivitéit, mee ee service deen ugebuede gët. An dofir brauch een eng Autorisation de Commerce.
Wanns de loo eng Landschaft knipse gees an du verkeefs en Tirage op engem Konschthandwierkermaart oder iwert soss e wee dann ass daat ENG Artisteg Aktivitéit.
Déi 2 saachen muss ee ganz kloer trennen.
Wa lo verschidde Leit mengen si kënnten einfach esou hir servicer op enger HP ubidden da sin se menger meenung no am feeler wäll se ee bezueltenen service ubidden ouni déi neideg autorisatiounen ze hun.
|
|
15.04.2010 14:12 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
…
2° Ne peuvent être considérés comme commerçants, faute d'exercer des actes de commerce:
a) le jardinier qui vend les produits du sol qu'il cultive. Cour 28 mars 1874, 1, 295;
b) celui qui tient une vacherie pour en vendre le lait. Cour 13 mai 1881, 2, 39;
c) le photographe qui ne produit que des oeuvres d'art. Lux. 25 mars 1893, 3, 185;
d) la femme qui ne fait qu'exploiter conjointement avec son mari un même fonds de commerce. Lux. 8 juillet 1903, 3, 289;
…
…
3° Si la photographie peut, dans certains cas, rentrer dans la catégorie des oeuvres d'art, il ne saurait en être de même
quand l'auteur s'est borné à reproduire servilement, par des moyens mécaniques, l'image d'objets de toute nature, et que le plus
souvent son travail personnel est remplacé par celui d'employés et de machines; spécialement le photographe qui établit un
cliché pour la représentation de sites ou de monuments publics, construit un instrument industriel dans un but mercantile. Lux. 25
mars 1893, 3, 185.
…
|
|
15.04.2010 14:55 |
|
|
claudedh
Jungspund
Dabei seit: 22.12.2008
Beiträge: 23
|
|
A genau ënnert den Artikel 3 fällt ee fotograf deen eng hochzait, kommunioun, passbild, reportage asw mecht.
Also brauch een eng autorisation d'établissement.
|
|
15.04.2010 15:07 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
wann ech keen employeur sin den aanerer fir sëch schaffen deet an just ee cd ofgin, dann ass dat nët wouer...
ech loossen jo keng postkarten drëcken déi ech dann verkaafen fir bénéfice ze maan, ech denken nämlëch dass den artikel sou gemengt ass
wann ech main cd ofgin an d'leit maan domatt wat se wëllen ouni restriktiounen, dann trëfft artikel 3 nët zou, an dat wert wuel och d'ursaach sin virwat d'hobbyfotografen déi hochzaiten maan den problem sou ugin
an fir d'tva muss een och genuch chiffre d'affaires maan, ier se iwwerhapt zoutrëfft
verlaaf dëch also nët an dengen behaptungen...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 15.04.2010 15:22.
|
|
15.04.2010 15:21 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Xaph, ech kennen Leit déi Geriichtlech verkloot gin sin an och bestrooft gin sin well si als Amateur den Optrag kritt hun eng Hochzeit ze fotograféiert (an dobei eppes verdingt hun). Do gin et genug Fäll hei am Land, enner aanerem och hei op PG. Dofir get een definitiv gesetzlech bestroft wann een eng Uklo vun engem professionellen Fotograf kritt. Do kann een d'Artiklen souvill auserneenplecken wéi een well. Daat hun denen betraffenen Leit hier Afekoten och virun Geriicht secher schon gemeet an si hun awer verluer.
|
|
15.04.2010 15:28 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech hun d'erfahrung gemeet bei sou saachen, dass et ganz vill drop ukënnt wéi een wat gemeet huet, do misst een lo den dossier kennen... do spillt vervielfältegung eng ganz grouss roll zb
do gin eben detailler duer, soit ass och egal
ech froen dat eng kéier bei engem vun mengen juristenkollegen no, dann wëssen mer et sëcher, et dierft jo den een oder aaneren interesséiren
|
|
15.04.2010 15:34 |
|
|
claudedh
Jungspund
Dabei seit: 22.12.2008
Beiträge: 23
|
|
Back to Topic.
Diskutioun vu schwaartzaarbecht ass lass gaangen wëll Lait hei link'en gepost hun op HP vun Amateur-Fotografen déi ganz öffentleg reklamm maachen an hir servicer ubidden (suguer mat Präiss).
@arwa, Gaga, Xaph32: De Johny huet di Link'en gelöscht.
@Xaph32: wees lo beim beschte wëllen nët waat vervielfältegung mat enger nët déclaréierter Aarbecht vir déi ee Geld kritt (schwaarzaarbecht) ze din huet???
|
|
15.04.2010 16:21 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
du bewegs dëch an engem schwarz-waiss shema
gët et awer nët, ech hun laang genuch (an dësem fall fisca) artikelen recherchéiert an dann proposen missen ausschaffen déi d'strooss gehaal hun, dat nennt een gro-zone an ass erfahrungsgeméiss praktësch iwwerall méiglëch.
wat ech mengen ass: ech maan e cd, gin den (och meng rechter) of a basta. dann sin ech nët an engem vervielfältegungsprozess wéi am gesetz mentionéiert.
Sin ech awer matt prozenter pro gedrëckter foto bedeelegt, (ëmmer nach am kader vun der hochzait) dann schon.
et gët (aus menger beobachtung raus) 2 aktuell shemaen:
1) e beruffsfotograf gët der meeschtens keen cd, me du bestells bei him well en do och nach mattverdingt
2) e fotograf (meeschtens d'amateuren) gin der e kompletten cd raus an du këmmers dëch selwer drëms wivill fotoen dass de brauchs (de prinzip vun der machineller massenproduktioun ass hei nët gin, wanss de lo awer 1000 postkarten drëcken léiss fir ze verkaafen dann schon)
an dat mëcht eng differenz, lo ass d'fro wat an der jurisprudenz iwwer sou saachen gesot gin ass, ech weess et nët an dofir hun ech eng frëndin (juristin) ugestallt dat ze recherchéiren, an dann deelen ech iech d'äntwert matt egal wéi se ausfällt.
nach eppes, schwarzarbëcht huet menger interpretatioun no naischt mam droit de commerce ze din, me éischter mam fiscal. einfach gesot: professionneller beschaissen den staat well se aktivitéiten ausüben déi steierpflichteg sin, déi awer nët ausweisen. an wann ech als hobby-fotograf aus jux eng hochzait maan sin ech dofir nach nët direkt e schwarz-arbëchter well et fir vill activités secondaires e coulanz-beraich gët. muss sëch lo jhust nach rausstellen op dat an dësem fall och sou ass, an wann jo, ënner wéi enger form...
reklamm matt praiss ass natiierlëch nët gënsteg well dat kloer als eng kommerziell aktivitéit kann ausgeluecht gin, do gin ech der recht
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 15.04.2010 17:07.
|
|
15.04.2010 17:05 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech hun déck bock bei engem PhotoTalk engkéier spezialisten ze invitéieren déi eis do opkläere kënnen .... iergendwéi huet jidderee verschidden erfahrunge gemach a kee wees genau wat dann elo erlabt as a wat net.
legalitéi hin. oder hier: ech froe mech virwat mäer hobby-isten eis iwwerhapt mat esou engem job wéi kommiounen, hochzäiten oder soss eng profi-spart ofgin. et get beräicher an der fotografie déi spass man an et get anerer déi reng commerziel sin. ech fannen déi meescht beräicher déi profis man net cool a si frou se net méi mussen ze man. vill léiwer trennen ech mäi beruff vu méngem hobby a man a ménger fräizait fotoen déi mer spass man.
sou hun ech méng pai (egal a wéiengem beruff) a ka méng fotoen a ménger fräizäit esou man wéi mäer et als kënschtler passt. ech hu keng zäitlimiten, kee konkurenz-denken a muss net oppasse weem ech vu ménger schwaarzaarbecht zielen ouni dass dee beleidegt as dass ech em séng aarbecht klauen vun däer séng schmier ofhänkt. wann ech engkéier keng loscht hu fotoen ze man, da loossen ech et sin, a wann 't loscht eremkënnt man ech weider. dat sin alles riese virdeeler déi e profifotograf net zur auswiel huet.
een anere gedankenustouss: 't hobby-fotografie woar virt alleréischt do! net 't profifotografie. de profi huet erausfonnt dass leit bereed si suen auszegin vir eng bestëmmt zort fotografie. dat as awer bal an all beruff de fall. a genau aus deem grond as et och langweilech eng katégorie déi et scho get ze imitéieren iwwerdeems ech aneren 't méiglechkeet huelen hiere beruff anstänneg auszeféieren.
wat 't qualitéit vun der fotografie ugeet däerf een do och keng trennung man. e meeschterfotograf kann -an ech soen dat well et dat hei am land get- méi schlecht sin wéi e klex oder gloda oder soss iergendeen ambitionéierten hobbyfotograf. et get also keng trennung vun der qualitéit ennerhalb vu profis an amateuren. dovir fannen ech et och emmer wichteg net jidderee profi ze nennen dee saugudd fotoe mecht. oder amateur ze nennen dee schlecht fotoe mecht. "amateur" a "profi" sin nemme bezeechnungen déi eis enner fotografen trennen. awer net enner artisten. en artist ka profi sin, mee kann awer och amateur sin.
mäer as et schäiss egal wat aner leit vu ménge fotoen halen. dat as e previleg! well ech sin een artiste. ech sin dozou gin ouni diplom oder TVA's nummer.
virwat si mer net einfach alleguer mäer selwer a loossen de profien hiere räum deen se brauche vir hieren job ze man ?
__________________
|
|
15.04.2010 17:21 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Witzegerweis kennen ech leit dei dat gaer maan, ech kann et zwar pch bal net gleewen...
Ech sin iwregens ganz denger menung a frou dass ech net muss op commande schaffen me einfach dierg maan wat a weini ech well
|
|
15.04.2010 17:29 |
|
|
|