Gaga unregistriert
|
|
hmmm, erem en beweis dat eng "streitfro" ememr erem zu ganz interessanten diskusiounen an opklärungen feiert !
Ech wor och eichter der mehnung dat et eng "artistech" aktiviteit as, elo liicht mer an dat een et och anescht kann gesin !
Ech denken dann awer och erem un museker, dei jo och CD'en vervielfältegen an verkaafen ?!?!?
Also ech kennen eent, daat schaft an der Steierverwaltung, an et mecht (gut) musik, an et deklareiert et elo nemmen well et den seuil max. iwerschrett, mais soss, as daat keen problem, ech kennen t'regelen nemmen fier t'fonctionnairen, an do kanns du esou sachen ouni problem machen, ausser du fängs un richteg vill geld dermat ze machen !
merci @all !
|
|
15.04.2010 23:52 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
an der musék kann een dat ähnlech gesin. et ka sin dass ech pianist sin an zwar commerziell. dann as et méiglech, dass ech gudd sin, méng theorie kann an dat kléngt och gudd. ech ka mat nouteblieder an e besse prouwen eng schéin hannergrondmusék spille vir eng reklam oder esou. dann hu mer op der anerer säit een dee net emol weess wéi e soll 't nouteblieder halen an trotzdem fetze kann. aus dem bauch eraus. sou dass de commerzielle pianist staunt.
dee moment huet et och vill mat respekt ze din wann een dee gudd as trotzdem toleréiert get. a wann een, dee schlecht as NET toleréiert get.
dat as krass.
awer mënschlech.
__________________
|
|
16.04.2010 07:43 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
an der musik definéiert sëch alles iwwer den marché...
me normalerweis ass et sou dass och den "mainstream" professionnellen qualitéitsusprëch muss gerecht gin fir richteg erfollegraich ze sin soss gët et allhëchstens eng eintagsfliege.
an do wiere mer beim punkt den den marc jo och well ugeschwat huet. d'qualitéit + kreativitéit ass nun mol dacks méi héich bei sougenannten "amateuren" vlait och well se sëch nët all daag engem knallharden business mussen ënnerwerfen. ech stellen awer och fest dass d'profien sëch oft neien techniken oder soss ëmstellungen verweigeren an dann mierken se op emol dass den marché hinnen an verschiddenen beraicher fortgelaaf ass... an do gët et keng excuse, well dat zielt fir all beruffer, d'informatiker programméiren haut och nët méi am turbopascal oder wat och ëmmer
|
|
16.04.2010 08:57 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Fir mat engem Beispill ze ennerstraichen waat munch Profi ungeet.
Mir waren lescht Joer ob enger Hochzait, wou ech dann och zum Schluß e bessen mam Fotograph an Gespreich komm sin (Een Mann ech schätzen Mett 50), e bessen hei an do gelabbert an wei ech gefrot hun mat waat hien seng Fotoen nobearbecht seet hien mir mat guer naischt, Foto bleiwen wei se am Apparat sin.
Zu deem Zaitpunkt hun ech nach gemengt deen Mann wär eng Absolut Kanoun ob sengem Gebitt wann hien daat net neideg hät, abé Fotoen duerno hun schon ausgesin wei wann se et neideg gehaat hätten.
Koppel war e bessen enttäuscht vun den Fotoen esou daß ech mech dun ungin hun fir eppes klengs mat mengem ganz beschränkten Wessen an Fotobearbechtung drun ze änneren, ob Jpeg war eh net mei alles meiglech, mee Resultat war durch minimalen Computer Ansaatz rieseg.
Do hun ech mech awer och gefroot wei daat kann sin, an ech mengen daß och esou Leit einfach den Numm vun enger ganzer Spacht an den Dreck zeihen, sie liewen mam Titel Profifotograph an sin et net oder waren et emol.
Mee ech well se awer elo net all an een Deppen geheien, daß mir eis do net Falsch verstin...
__________________ Laurent
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Laurent76 am 16.04.2010 10:23.
|
|
16.04.2010 10:23 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Laurent76
sie liewen mam Titel Profifotograph an sin et net oder waren et emol.
|
Laurent,
Da doten war en Fotograph, an vun engem Profi weit ewech.
Iwwert seng Arbechtsanstellung kéint een elo och stonnelang diskutéieren.
Mais waat ass en Profifotograph ? Ass en den Suen domader verdengt automatesch en Profifotograph ?
|
|
16.04.2010 10:33 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Definitioun vun Profi:
"Personne qui exerce régulièrement une profession, un métier (par opp. à amateur)."
Definitioun vun Amateur:
"Personne qui pratique un sport, qui s'adonne à un art, etc., pour son agrément sans en faire profession."
Sou gin déi Wieder am Larousse definéiert an daat ass och sou wéi se sollen benotzt gin. Ech kann sou gudd Fotoen machen wéi ech well, wann ech den Beruf "Fotograf" net ausüben, dann sin ech emmer een Amateur. An de Begreff "Amateur" huet iwerhaapt neischt péjoratives un sech. Mir dierfen net ufänken eis Sproch emzedefinéieren...
Awer waat huet daat iwerhaapt nach mat desem Thread ze din???
|
|
16.04.2010 11:23 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
en attendant dass ech eng "juristech" äntwert kréien, kann een jo mol weiderquaken ;-)
|
|
16.04.2010 11:34 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
Definitioun vun Profi:
"Personne qui exerce régulièrement une profession, un métier (par opp. à amateur)."
Definitioun vun Amateur:
"Personne qui pratique un sport, qui s'adonne à un art, etc., pour son agrément sans en faire profession."
Awer waat huet daat iwerhaapt nach mat desem Thread ze din??? |
@ JC: eigentlech net vill, oder ?? well, daat wuert Profi huet mech beim Laurent senger Äntwert gestéiert.
Domader well ech soen, dass verschidden Amateuren (och hei um Site) besser Fotoen machen ewei munchen Profi (och erem op den Kommentar vum Laurent bezun).Wou ma erem beim Thema "sichen Fotograf fir eng Hochzäit" wieren.
Huelen ech en Profi oder en Amatuer.....affaire a suivre.
Definitiun vum Larousse hin oder hier, Pobeier an Realitéit sin 2 puer Schong.
Sou gesin echet.
|
|
16.04.2010 11:50 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech gesin d'Problem net méi. Op der Chambre de Commerce ass et sou definéiert:
"
De nombreuses activités se prêtent mal à la distinction activité civile/activité commerciale. Ainsi, les tribunaux luxembourgeois qualifient de commerçant le photographe qui se borne à reproduire servilement, par des moyens mécaniques l’image d’objets de toute nature alors que, concomitamment ne peut être considéré comme commerçant le photographe qui ne produit que des œuvres d’art.
"
Daat hescht jo op gudd Lëtzebuergesch: Wann ech "servilement", also am Viraus als entgeldlechen Service, ubidden Fotoen ze machen, dann brauch ech eng Authorisation de Commerce, well ech jo dann een Commerçant sin.
Gin ech awer op eng Hochzeit agelueden an ech machen do Fotoen vum Brautpuer an kréien dofir nach e Patt zum beschten, dann brauch ech keng Authorisation de Commerce well ech dem Brautpuer et jo net am viraus entgeldlech ugebueden hun.
Daat geht jo Kristallkloer aus dem Text eraus an et gin Fäll hei an Lëtzebuerg wou Amateurfotografen eng Geldstrof missten bezuelen well se vun engem professionellen Fotograf eng Plainte kritt hun dodurch dass se den Service entgeldlech am Viraus ugebueden hun, d'Fotoen gemeet hun an eng Rechnung ausgestallt hun. Ech kann daat bezeien.
|
|
16.04.2010 12:28 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
@jc: ech verstin dëch nët ëmmer...
am ufank hues de mer sou geäntwert an schons matt denger 2. äntwert hues de komplett eng ahner menong vun der gin. dass kollegen vun der verklot gi sin, wosst de jo vun ufank un...
dat 2. ass, fir dass en eng plainte krit a verklot kann gin, muss e jo well bei eppes erwëscht gi sin an dono och beweiser hun
ënner wéi engen konditiounen ass dat geschitt, hun déi dat méi oft gemeet, hun se reklamm gemeet etc
et brengt mir zwar selwer naischt me ech well et einfach wëssen
|
|
16.04.2010 12:51 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
[quote]Original von Shantideva
Du hues vollkommen Recht Xaph! Ech verdingen och Geld als Amateurfotograf (z.B. mat den Bichercoveren, Artikelen, etc.) an kann mein Kapp do an Rouh leen well ech niemols un meng Ausgaben erunkommen.
Awer et gin och Fotoen wou ech als Amateurfotograf d'Fangeren dovun lossen well ech domat aaneren Leit hiert schwéier verdingtent Brout eweg huelen. Ech kann mir gudd virstellen wéi schwéier dass et ass fir een Fotograf sein Brout ze verdingen an déi hun eben just Hochzeiten, Kommuniounen an Kanddaafen. D'Passfotoen fir den biometreschen Pass gin souguer elo schon op den Gemengen gemeet.
quote]
ech hun dat hei gemengt, mir sin eis jo awer eens, dass hei eigentlëch 2 diskussiounen entsstaanen sin
1) Schwarzarbëcht -> wat méi den fisc betrëfft
2) droit d'exercice -> droit de commerce
???
hu mer dat lo kuerz ugekuckt:
et geet ëm bezeechnung fotograf déi nët dierf mëssbraucht gin ënner virspiggelung vun falschen tatsaachen
an d'notioun vun enger activité secondaire ass existent an ënner restriktiounen akzeptéiert
alors quid?
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 16.04.2010 14:09.
|
|
16.04.2010 14:04 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech hun elo grad op d'Chambre de Commerce ugeruff an och bei d'Chambre des Métiers.
An hei gellt folgendes. Wéi gesoot gellt daat waat uewen am Gesetz definéiert ass. Den Fotograf ass een geschützen Beruf an all Fotograf dierf een Amateurfotograf geriichtlech usichen wann deen him Konkurrenz mecht andems heen Suen op denen Sachen verdingt déi ennert d'Katégorie vum Punkt 3 fällt ("qui se borne à reproduire SERVILLEMENT, par des moyens mécaniques l’image d’objets de toute nature").
Soss gellt déi "magesch" Zuel 10.000 €/Joer....
Awer, soubaal ech engem Berufsfotograf durch Servicer (wéi Hochzeiten, Kanddaafen, Portrait an Kommuniounen) Konkurrenz machen, dann machen ech Schwarzaarbescht (och als Amateur) an hun dobei och mol nach keng Authorisation de Commerce an der Fotografie, déi een just kritt wann een och den dementsprechenden Diplom huet.
Mir gouf awer och un d'Herz geluecht mech beim Ministère de la Culture als Könschtler ze declaréieren fir all Missverständiss aus dem Wee ze goen.
|
|
16.04.2010 15:04 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
Ech hun elo grad op d'Chambre de Commerce ugeruff an och bei d'Chambre des Métiers.
An hei gellt folgendes. Wéi gesoot gellt daat waat uewen am Gesetz definéiert ass. Den Fotograf ass een geschützen Beruf an all Fotograf dierf een Amateurfotograf geriichtlech usichen wann deen him Konkurrenz mecht andems heen Suen op denen Sachen verdingt déi ennert d'Katégorie vum Punkt 3 fällt ("qui se borne à reproduire SERVILLEMENT, par des moyens mécaniques l’image d’objets de toute nature").
|
Theoretesch ginn et do awer weeer fir daat legal ze emgoen. Zumindest haat ech do firun Joeren eng idee an chambre de commerce soot mir deemols dass daat theoretsch geif goen mee sie missten daat awer nach mei genau nokucken fir secher ze sinn. Ob deen ganzen opwand sech renteiert hätt ass natierlech eng anner fro.
Mee ech muss dozou och soen dass et deemols net em hochzeiten, kommiounen asw gangen ass. Also dei Optragsfotografie oder wei och emmer een daat well nennen.
Desweideren wei ech deemols op chambre des metiers ungeruff hunn fir mein fall ze erklären krutt ech zb nix gezielt vun der meiglegkeet fir mech als Künstler unzemelden. Do gouf gesoot, du dierfs keng fotoen verkaaffen, Punkt. Weder un Zeitung, nach un Billeragence asw asw. op daat stemmt oder net, keng ahnung.
Mee mir haaten jo schon mol eng discusiioun zum thema
Dofir wier sou eng discussiounsronn wei den Marc se fiergeschloen huet mol net schlecht, daat geifen bestemmt vill leit interesseiren.
|
|
16.04.2010 15:46 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
Soss gellt déi "magesch" Zuel 10.000 €/Joer....
. |
daat héescht ?
|
|
18.04.2010 12:40 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Majo, een Kënschtler dierf bis zu 10.000.- Euro d'Joer un senger Konscht verkaafen ouni mussen Steieren drop ze bezuelen.
Awer, du hues du jo nach een speziellen Status wells du jo eng Journalistenkaart hues. Daat get net an Konscht agestuft, mee als Photojournalismus. Ob do déi 10.000 Euro och gellen wees ech net.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 18.04.2010 20:44.
|
|
18.04.2010 20:43 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
@shanti, net secher mä hun vill freelance gemaach an nie probleemer matt steieren, souguer online vente...soulaang ennert 10000€, keen probleem
|
|
18.04.2010 21:13 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von ShantidevaAwer, du hues du jo nach een speziellen Status wells du jo eng Journalistenkaart hues. Daat get net an Konscht agestuft, mee als Photojournalismus. Ob do déi 10.000 Euro och gellen wees ech net. |
oha, ech hun alles, mais keng Journalistekaart
ech sin och kée Journalist, wat e richtege Beruf as, mais en -Lokali-, dh. e Lokalkorrespondent !! ;-)
|
|
19.04.2010 07:06 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von arwa
oha, ech hun alles, mais keng Journalistekaart
ech sin och kée Journalist, wat e richtege Beruf as, mais en -Lokali-, dh. e Lokalkorrespondent !! ;-) |
Ah OK, also ass daat nach eppes aaneschters an ech hun erem eppes beigeléiert. Ech war do der Meenung dass, wann een sou en Kärtchen hätt mat där een sech ausweisen kann, dass een dann den Status vun dengem Pressefotograf hätt (sou get daat mol am Katalog vum Enseignement Supérieur genannt). Si hun daat nämlech sou definéiert:
"Le photographe de presse se différencie du photographe dans la mesure où leurs conditions d'exercice ne sont pas identiques. Le photographe de presse a une carte de presse, ce qui lui donne un statut particulier et des rapports de travail très étroits avec le milieu journalistique.
La photographie de presse doit témoigner et permet une prise de connaissance immédiate de l'évènement. C'est en quelque sorte une seconde écriture."
Also nennt sech daat bei dir dann och bestemmt Amateurfotograf an et gellt dann daat selwescht wéi och fir Könschtler.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 19.04.2010 07:57.
|
|
19.04.2010 07:56 |
|
|
|