nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Ola,
ech hunn mech lo mol decideiert mer eng Kompakt zouzeleen. Well ech main Rucksaack mat der Spigelreflex net emmer derbaihunn an een awer heienso eppes gesait waat een awer gären well knipsen. Eben eppes fir an täsch oder an den Auto.
Huet schon een Sigma DP1?? oder haat schon chance fir se ze testen??? Ech fannen se wierklech flott. Se huet och alles waat ech well mee just Optik steiert mech. 16.6mm Festbrennwait an nach nemmen Blend 4. Ok kann een och keng optik vun 72 an eng Kompakt anbauen mee ech fannen et schuet dass een souen liichtschwaacht Objektif huet an och na net Zoomen kann.
Huet flaicht een eng Idee waat et nach um Komaktmaart gett wou een sech awer net nemmen op Automatik beschränken muss??
|
|
04.08.2008 14:10 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also ech kann der dei vun Panasonic nemmen empfehlen.
Ech hun d'Lumix DMC TZ-1 selwer, hun lo mol bessen ob hieren Site gekuckt an do kriss de d'LZ-10 mat enger Leica Lens mat 30-150mm (5x opteschen Zoom) an Blend 3.3-5.9.
Hier Lensen sin richteg gudd, daat kann ech schon am Vieraus bestaetegen an daat eenzegt waat mech gesteiert huet, di feelend manuell Astellmeiglechkeeten, sin hei drob: hues Programm-, Beliichtungs-, Blendenautomaktik an manuellen Modus.
__________________ Anti-Signature
|
|
04.08.2008 15:10 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
Themenstarter
|
|
Merci fir deng änfert. Hunn mer dei ungekuckt an dobai op dei heiten gestouss:
Samsung NV24-HD an den Tester huet se iwwerduechschnettlech gudd oofgeschnidden. Enzegen problem ab ISO 400 fänkt se antscheinent vill un mat rauschen. Mee daat hunn se all enbeschen...
|
|
04.08.2008 19:15 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
Themenstarter
|
|
Jo do hues du recht.. hunn lo awer en gudden Test gelies, do steet mei dran wei op hierem Site
Mee dei meescht Leit kaafen se sws nemmen wann se gudd ausgesait an mindesten mei Pixel wei deenen aneren hier huet
Cam huet en meschaneschen verwacklungsschutz an en neiartegen digitalen.
Antscheinent wanns du fotoen mat enger langer Bliichtungszait mess mecht den Aparat 2 Fotoen. Dei eischt beliicht en nemmen ganz kuertz fir dass en schärfeninfos huet, dono mat der richteger beliichtung kritt en Farwinfos. Zum Schluss gett aus den 2 Fotoen eng erechent.
Optik fannen ech och gudd, Blend 2,8 bis 7,3. 7,3 ass zwar net immens bei 87mm mee ech mengen bei enger Kompakter ass daat awer ok.
Den Menü ass speziell mee ech mengen wann een den Trick raus huet geet et awer richteg Fex
|
|
04.08.2008 22:01 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
Themenstarter
|
|
Majo, wei ech daat heieren hunn duecht ech: Merde wei einfach wisou ass keen eischter drop komm
Unsech ass idee einfach.
|
|
05.08.2008 01:22 |
|
|
|