jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Wollt mol froen wien dësst Joer op d'Photokina fiert ????
Sie ass jo vum 23. - 28.9.2008 zu Köln.
Ech wollt mol eng Kéier dohinner fueren, war nach nie do.
Wéi ass et do ????
Ass et dowärt dohinner ze fueren ????
Wann neen firwat ????
Ech hun dacks héieren bzw. gelies et wären och vill interessant Biller do ausgestallt, stëmmt dat ?????
Merci am Viraus fir är Äntwerten.
|
|
21.07.2008 14:56 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
War firun 2 Joer do an gin secher rem. As einfach flott all dei grouss nei saachen ze gesin, an och all dei klengegkeeten. VIll flott ausgestalten biller, jein, et as eng Fotosmess, also kloer dass vill staenn Fotoen do stoen hun...mee mengen daat as awer schon alles....auser ech haett eps verpasst
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
21.07.2008 15:16 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
Ech kann mech nach erënneren datt an den Ënn 70er Uafanks 80er moll dacks Ausstellungen do waren wouse vill Reklam an der "Color Foto" gemeet hun. Do war mol eng wou se d'Lieser vun däer Zaitschrëft opgefuedert haaten Biller ze maachen, déi goufen zum Deel iwwert d'Eisebunnsbréck, wou een Foussgängerwee ass, bis bal bei d'Kölner Gare ausgestallt.
Ech war virdrun op hieren Internetsite, do schéngt et mer wéi wann et eng Partie Ausstellungen géifen gin.
Mol kucken wat een esou do fënnt a gesait.
|
|
21.07.2008 15:47 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Hun mer den site ugekukt, an jo effektiv et sin eng ganz retsch expoen do, haat daat ob all fall net mei sou an erennerung...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
21.07.2008 15:53 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
Dann hat ech jo richteg gekuckt.
Dann ass et dowärt dohinner ze fueren.
|
|
21.07.2008 16:11 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ben, souguer wann d'photokina och vill ausstellungen bidd, an dei bestemmt kukenswaert sin, denken ech mer dass awer den eigentlechen but vun der photokina grad/mei interessant as. Well ausstellungen fent een emmer an vill, daat aanert net sou.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
21.07.2008 16:20 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
Dat stëmmt schon, mais esou kann een déi zwou Saachen mattenëen verbannern, flott Biller kucken an an engems déi néi Apparater woumadden een flott Biller ka maachen.
Wären keng Fotoausstellungen do, dann mengen ech kéimen baal nëmmen Fachléit an déi Profi - / Amateurfotographen déi sech just fir déi néitesten Technik interesséieren.
Ech géif gären méi Fotosausstellungen kucken goen, hun just net ëmmer d'Gelëenheet dozou oder beschwéieren mech fir extra X-Kilometeren ze fueren nëmmen fir eng Fotosausstellung ze gesin. Wann een dann an eng Staadt fueren fir eng Fotosausstellung ze gesin dann kann een zwar deen Déplacement an engems maachen fir sech déi Staadt, wann se am Ausland ass, och unzekucken, mais dann leeft een gären Gefor datt een hannenno zwar d'Staadt gesin huet awer d'Fotosausstellung net, ausser et ass een e puer Deeg do.
|
|
21.07.2008 17:08 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
|
|
Hmmm, vum 18. un ass rem schoul, mee geet net iergendeen reng zoufälleg den weekend, also den 27. oder 28.? well dann geing ech gär magoen
weivill kascht den ticket?
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
21.07.2008 20:22 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
@ Polinger
Et war elo héi net rieds gaangen datt mer zu enger Partie géifen matteneen dohinner foueren.
Fro mol een vun den Admins héi, vlaicht organiséiert een vun hinnen eng Reess op Köln fir d'Photokina.
|
|
22.07.2008 09:16 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Hm also bis elo ass naicht geplangt sou.
Ech gin awer wahrscheinlech dohinner, wann ech bis dohin alles ferdeg hun mat menger Wunneng, an deem Fall keint ech dech mathuelen, falls ech den Weekend gin, waat ech jo och na net wees
|
|
22.07.2008 15:40 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Den 9 euro ticket hat ech och gesin me do hat ech main Ticket schons kaf :-((
|
|
25.07.2008 09:00 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von GrAl
Den 9 euro ticket hat ech och gesin me do hat ech main Ticket schons kaf :-(( |
tja, do kann éen soën : " domm gaang " , oder , ze seier d'Knäppercher gedreckt :-)
|
|
25.07.2008 13:23 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Also, ech hun meng bei FC och fir 9 Euro kritt ouni Studentenausweis.
|
|
29.07.2008 15:47 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
|
|
Ech soen lo mol: Wann dei weekends ass, an ech eng fahrgelegenheit kreien (kann der bei denger wunneng jo vläit hellefen, oshi? xD) an ech den Ticket kann dohannen mat mengem normalen Schülerausweis fier 9€ kaafen... dann sin ech gaaaanz gären dobai
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
30.07.2008 06:13 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
mengen net dass de mer do hellefen kanns
|
|
30.07.2008 15:58 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
|
|
xD hun ech mer zwar schon iergendswei erwaard
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
30.07.2008 21:57 |
|
|
Jos
Mitglied
Dabei seit: 18.12.2005
Beiträge: 37
|
|
Photokina 2008 / Ticket ? |
|
Moi'en,
Wann ech daat Thema hei richteg verstaan hunn, dann huet deen een oder aaneren een Ticket fir 9,00 EUR iwwert _een aaneren Forum_ kaaft. Ech och...
Huet schon een vun Iech en Ticket vun deenen gescheckt kritt?
Merci fier d'Info,
Jos
|
|
29.08.2008 18:34 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
RE: Photokina 2008 / Ticket ? |
|
Salut Jos,
Ech hun se schon zenter dem leschten Méindeg.
Gréiss,
Jean-Claude
|
|
29.08.2008 20:27 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
RE: Photokina 2008 / Ticket ? |
|
krut och dei letzt Woch eng Riesenenvelope mat den 10 Ticketsën,
all éenzel an enger Plaistikhüls an un enger ......... ach, wei nënnt éen die Dënger, fir ëm den Hals nach...........
ëch duecht, a waaaaaaat kreien ëch da lo do geliwwert
|
|
30.08.2008 14:47 |
|
|
|