possy
Grünschnabel
Dabei seit: 11.08.2007
Beiträge: 4
|
|
Nikon P80 geint Nikon D40 |
|
Salut
Ech well mer en nächster Zeit wahrscheinlech eng nei Kamera zouleen. Bis lo sin ech op 2 Apparater gefaal, dei mer gefaalen: Nikon Coolpix P80 an Nikon D60
Bon dei eng ass eng Zoomkamera an dei anner eng Spigelreflexkamera, sou weit sin ech och schon
Usech huet P80 alles waat ech brauch, mee hei gin jo dei Zoomkamera, wei ze genannt gin, kritiseiert an doweinst sin ech onsecher. Ech sin mer bewosst daat en bei der P80 keng Objektiver kann auswiesseln, mee lo froen ech mech op eh daat wierklech braucht. Kuerz gesot: ech gin nemei ennz
Kann mer e weiterhellefen an Argumenter vir P 80 an vir D40 soen, vir mer de choix ze vereinfern.
merci am viraus
Pascale
|
|
13.07.2008 21:08 |
|
|
|
RE: Nikon P80 geint Nikon D40 |
|
Salut
Weieng Kamera de wells haengt dovun oof wats de wells maachen an virunallem wei zefridden de domat wells sin.
Als laangjähregen Nikon'er an awer Neiling an der Digitaler Spiegelreflextechnik hat ech mer dei fro och gestalt an se as seier beäntwert gin.
Als Beispill Nikon D60 huet wierklech eng immens Bildqualiteit an as och na einfach ze bedingen. Den Greissten Nodeel bei der P80 gesin ech dodran dass de eischtens se net kanns erweideren, an och dat vill astellungen fehlen.
Den Praisennerscheed relativeiert sech och schnell. P80 kascht der wuel em dei 350, an D60 as der su wei ech se kaaf hat mat Double Zoom Kit an Bildstabilisator!!!! + täsch 800 euro. (kriss se och fir 610 € ouni den 55-200)
Elo huelen mer mol un du wells der an 4 joer eng nei kaafen. Deng P80 kanns de weggeheien, wubai de bei der Nikon awer opmannst d'objektiver kanns verwenden.
Meng Aentwert als D60 Besetzer. Wenn de wells RICHTEG an digital Fotografie eraklammen dann entscheed dech fir eng Dslr. Et waert der secher net leed doen.
|
|
13.07.2008 23:01 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Jop ass alles gesoot gin !
bei der Dslr hues de emmer d'Geléigenheet ze erweideren .. Objektiver, Bletz an lauter su Geschier.
Wanns de der schon eppes neies keefs, dann kaaf der eppes anständeges woumat sde och spéider zefridden bas.
Geing der och eng Dslr urooden, egal weieng et lo ass ..
|
|
13.07.2008 23:08 |
|
|
possy
Grünschnabel
Dabei seit: 11.08.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
RE: Nikon P80 geint Nikon D40 |
|
gudd lo hun ech gemierkt daat ech eng Keier D60 geschriwwen hun an statt D40
mee waat ass lo den greissten ennerscheed zweschen denen kameraen (also lo schwetzen ech vun der D40 an D60) a weient Objektiv geif der mer als eischt uroden.
wei gesot: waat Digitaler Spiegelreflextechnik sin ech blutegen Ufänker
|
|
14.07.2008 10:04 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Ma un objektiver .. kuck mol hei bessen am Forum no, mengen goufen schon Beitreeg doriwwer. Mee soss mengen ech geet dat normalt Kitobjektiv fir den Ufank duer. (18-55mm)
War de Moien am Auchan an do haten se d'D40 fir em di 350€ mam 18-55mm
Also ech hun d'Canon 400D lo seit 3 méind an hat och den 18-55mm. Mat der Zeit mierks de wou et nemmi duergeet an dann muss de der eppes neis zouleen.. muss de selwer kucken.
Ech hun mer firu puer Wochen den 50mm kaaf well deen zimmlech gutt ass an och net su deier ass.
Hoffen konnt der weiderhellefen,
mbG Sebastian
|
|
14.07.2008 13:10 |
|
|
possy
Grünschnabel
Dabei seit: 11.08.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
bon main Problem ass: ech wees net virwat en weien Objektiv brauch
Ech hun lo sou e Katalog vvirun mer leien, do ass D20 379 euro mat dem 18-55 mm
Bei Hifi z.B. kritt en dann D40 vir 549 euro mee do ass niewent dem 18-55 mm och den 55-200 mm dobai.
Waat ech mech froen: virwat brauch en daat 55-200mm Objektiv? Ech hun bessen am Internet rechercheiert mee nach emmer keng Entwert op dei Fro fonnt.
|
|
14.07.2008 13:20 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Ma ehm wanns de su en normalen fotoapprat hues, deen huet dann su knapps 10mm. Dh wanns de eps fotografeiers ass d'objekt na zimmlech weit weg.
50mm oder 55mm ass wéis de mam aan geseis ongefeier.
An 55-200mm ass eben Zoom, eben eng mi weit Brennweit. Ech muss mer och su eps uschaafen, mee spueren nach bessen fir eppes guddes
Mat 200mm kenns de awer schon weit..
|
|
14.07.2008 13:31 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also mol vier unzefaenken: DSLR war schon dei richteg Entscheedung.
Ech geif der rooden wei schon gesoot gouf, den Kit ze huelen (18-55) an dan wans de dermat schaffs mierks de wou deen net duergeet, wans de z.B. mei WW(Weitwenkel) braus muss de der daer eent zouleen an wans de mei Tele braus, vier Sportsfotoen z.B., daer eent.
Den 55-200 ass en Telezoom, verklengert also den Bildausschnett an vergreissert doduerch d'Motiv. Kans de iwwerall gebrauchen wous de vier eng mei kleng Brennweiten net no genuch drunkenns, bei Sport, Events, Paparazzi
,...
__________________ Anti-Signature
|
|
14.07.2008 13:41 |
|
|
Shogun unregistriert
|
|
Denk drun datt bei der 40 nemmen AF-S or AF-I Obektiver ennerstetzt gin...
|
|
14.07.2008 15:27 |
|
|
|
Zitat: |
Original von Shogun
Denk drun datt bei der 40 nemmen AF-S or AF-I Obektiver ennerstetzt gin... |
dat as bei der D60 awer och den fall. dei aner nikon objektiver passen, den autofocus get allerdengs net ennerstetzt.
also main tipp as beim fototrade. Nikon D60 mam Bildstabilisator 18-55mm an Bildstabilisator 55-200 (den eenzel 350 euro kascht) + eng täsch vun cullmann am wert vun 80 euro plus eng kaart vun 1gb (dei allerdengs net duergeht) fir 800 euro.
wenn de wells manner ausgin dann geing ech den kit mat just dem 18-55 huelen. den misst em 615 euro sin.
D40 as och emmer na gudd, en kolleg vun mir as ganz zefridden domat. wat awer bei der d60 besser as, sin verschidden neierungen wei displayoofschaltung, den verbesserten sensor (besser bildquali och an heigem ISO) eng antistepsdengen, mei laang akulaafzaiten, an virunallem den objektiv mat bildstabilisator (wenn de ouni stativ schaffs, wat oft den fall waert sin)
na froen, dann net zecken^^
|
|
14.07.2008 22:12 |
|
|
Shogun unregistriert
|
|
Stemmt. Mee wann en sech fier d 40 interesseiert wisou soll ech dann eppes zur 60 soen
Kennt nemmi fier. Sorry datt ech ett gut gemengt hat.
|
|
14.07.2008 22:31 |
|
|
possy
Grünschnabel
Dabei seit: 11.08.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Ech haat uewen och eng Keier gefrot, waat dann lo den Ennerscheed zweschen dem D40 an dem D60 ass.
mee daat mat den Objektiver hun ech och schon matkrut, mee daat wert mech wuel net immens steiren.
Ech wert mech wuel vir den D40 entscheeden, mee ech well mer en reicght vir mein 18. an 2 Meint leechten. Mee wei ass daat mat den Preisennerungen? Ecvh hun heiren daat verschidden Modeller mei deier gin sin mat der Zait an annrer mei belleg.
|
|
15.07.2008 10:57 |
|
|
|
hey,
also zu den praisännerungen kann ech nemmen soen dat d40 elo sait iwwer 2 joer um maart as, an doweinst schon op engem immens nidregen niveau setzt. ech gleewen kaum dat sech do na eppes drun änneren leisst. wat allerdengs kann sin as dat dei letzebuerger händler an 1-2 meint di daitsch praisser ganz unhuelen, wat zum deel schon geschitt as.
also denken net dass de do na mat praisnoloos kanns rechnen. zumol well den apparat den moment den bellegsten dslr entry as den ech gesin. duerfir lount et sech och fir leit dei am ufank mat klengem budget (enner 500 euro) erakommen wellen, do zouzeschloen.
merci fir nolauschteren^^
|
|
15.07.2008 18:32 |
|
|
|