|
|
Nemri_Blue
Mitglied
Dabei seit: 16.02.2006
Beiträge: 27
|
|
Makro Objektiv: Sigma EX 105/2,8 Macro DG C |
|
Salut!
Ech well mir en Makro Objektiv kafen wat em 100 mm huet. Sinn do ob 2 Stéck gefall iwer déi ech mech elo informéiert hunn:
Sigma EX 105/2,8 Macro DG C
Canon EF 100/2,8 MACRO USM
Huet een vun iech eent vun deenen 2 Objektiver? Wat sinn aer Erfahrungen, sidd dier zefridden? Wat sinn d'Nodeeler?
Ech hunn gesinn beim Sigma ass do iegendwéi eosu een "komeschen" Mechanismus wou fir esou een "Rouer" erausdréit bei der Scharfstellung. Stéiert dat net? Huet een Erfahrung gema mat esou engem Genre Objektiv? Dat ass neemlech een vun den Haptdecisiounspunkten tescht deenen 2...
Léif Gréiss,
Carmen
|
|
04.04.2007 20:22 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Kuck der mol folgend intern Links un, vielleicht hëllefen dir dei schon en bëssen weider:
Ënnert deenen Links fënns de och dësen zousätzlechen Link: Objektiv-Testübersicht.
|
|
04.04.2007 21:13 |
|
|
|
Also ech hun d'Sigma EX 105/2,8 Macro DG C an muss soen dat ech deck zefridden sinn, allerdengs wanns de autofocus mess brauch en seng zait... den "Rouer" daat erauskennt, also, jo kanns et als nodeel gesin me eierlech gesot hat ech bis lo na net dat ech gesot hun merde, sch**ss "Rouer"... amfong steiert et (mech) net.
|
|
04.04.2007 21:49 |
|
|
Nemri_Blue
Mitglied
Dabei seit: 16.02.2006
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
Ok, dat ass dat wat ech wollt wessen. Ech hunn mech neemlech gefrot op et net stéiert wann een géing mi no un den Sujet rugoen oder sou. Hunn och op esou Foren gelies dass et usech stabil gebaut ass mee dass den AF/MF System lousch ass an dass dat iegendwéi e bessen kleesbreg wier... ?! Hunn mehc och gefrot wéi een esou eppes botzt well do bleift den Stëbs jo éichter an den Ecken henken ewéi bei "normalen" Objetiver oder net?
@ Mojoo: Merci fir déi Linken ech hat schon Threaden enner Material all gelies mee hat net geduecht enner Technik an eosu kucken ze goen...
|
|
04.04.2007 22:04 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also ech hun schon extrem vill guddes iwert den sigma do heiren, giff soen ass eng ganz gudd alternative zum canon, den autofokus dierft eigentlesch bei macro net den greissten problem sin
|
|
05.04.2007 00:17 |
|
|
ChLo
Jungspund
Dabei seit: 23.10.2006
Beiträge: 11
|
|
RE: Makro Objektiv: Sigma EX 105/2,8 Macro DG C |
|
Ech hun och den Sigma 105mm/2,8 fir Nikon an sin ganz ze fridden domat.
Ett huet eng Nohgrenz vun 23cm am fir nach méi no kennen ze goen an sou kennen nach méi "grous" kennen ze knippsen hun ech mir nach en Zwëschenreng dobei kaaft.
Deen as guer net déier bei ebay an du kriss nach besser Resultater eraus.
Du kanns jo mol bei mir an der Galerie puer Makro Photoen kucken déi sin mat dem Sigma gemach.
|
|
05.04.2007 09:24 |
|
|
Nemri_Blue
Mitglied
Dabei seit: 16.02.2006
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
RE: Makro Objektiv: Sigma EX 105/2,8 Macro DG C |
|
@ Laurent: Klengt jo ganz gudd. Du sees Alternativ... heecht dat dass du mengs de Canon wier trotzdem éichter unzeroden? Ech hunn gelies d'optesch Waerter an Qualitèit wieren beim SIgma angeblech besser....
@ ChLo: Ech hunn mir deng Fotoen ugekuckt an di sinn och super flott ginn.
|
|
05.04.2007 09:32 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
RE: Makro Objektiv: Sigma EX 105/2,8 Macro DG C |
|
Zitat: |
Original von Nemri_Blue
@ Laurent: Klengt jo ganz gudd. Du sees Alternativ... heecht dat dass du mengs de Canon wier trotzdem éichter unzeroden? Ech hunn gelies d'optesch Waerter an Qualitèit wieren beim SIgma angeblech besser....
@ ChLo: Ech hunn mir deng Fotoen ugekuckt an di sinn och super flott ginn. |
ëch haat se allen 2, den Canon nëmmen ganz kuerz.
100 mm sin mir , bei Vollformat , nët genuch............ (daat as awer en annert Thema )
also, mam Sigma hun ëch vill Fotoën geschoss, war eigentlech ganz zefridden
knackschaarf etc.
mais daat vun Canon as äppes ganz aanescht, vill mei seier wei den Sigma,
Innenfokus !!! As nat. och en aaneren Preis !!
Wann déen keng Roll spillt, dann Canon,
mais Sigma as schon eng gudd Alternative
desweideren gët ët jo och nach - Tamron - 90 mm, do kënnen ëch eng ganz partie Leit, dei daat hun an deck zefridden domadder sin !!
kuck och mol hei : http://www.photozone.de/8Reviews/index.html
hei en puer Fotoën mam Sigma an eos 350D:
http://www.fotocommunity.de/pc/pc/extra/egallery/pcat/133359/display/5373465
http://www.fotocommunity.de/pc/pc/extra/egallery/pcat/133359/display/5466345
|
|
05.04.2007 17:39 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also preisleeschtung fannen ech wirklesch den sigma am agreabelsten
giff der wirklesch deen unrooden an leiwer d suen spueren fir deng aner zieler, wees jo das de nach lang net faerdesch bas
|
|
05.04.2007 18:52 |
|
|
Nemri_Blue
Mitglied
Dabei seit: 16.02.2006
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
@ Laurent: Ok! Merci! :-) Jo waert nach esou lang net faerdeg sinn... :-)
@ Knolles: Merci fir deng Entwert. Ech hunn bis elo na naicht negatives hei vum SIgma héiren
an naicht iwerragend besseres beim Canon
. Tamron wollt ech net well et just 90 mm huet an ech ma soen gelos hunn dass fir Insekten und Co opmannst 100 mm erfuerderlech wieren.
|
|
05.04.2007 23:10 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
salut,
majo ech hun zwar net den 105mm vun sigma, mee den 180, mee ausser der brennwait an der blend, dei do ganz weineg mei heig ass, ass do bestemmt net vill ennerscheed.
an ech muss soen, main 180mm sigma ass daat bescht objektiv waat ech hun. faarwqualiteit an kontraster iwwertreffen bei waitem meng canon objektiver, dei zwar och keng festbrennwaiten sin.
ech hun och ni deen vun canon getest, mee ech kann mer kaum virstellen, dass deen vill besser kann sin, an wann, dann ganz secher net esou vill, dass et derwert wier duebelt souvill dovir ze bezuelen.
|
|
06.04.2007 15:24 |
|
|
Nemri_Blue
Mitglied
Dabei seit: 16.02.2006
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
Et sinn méi oder wéineger 100 Euro Ënnerscheed. Ech tendéiren mëttlerweil perséinlech och éichter zum Sigma no all deem wat ech bis elo gelies hunn. Et ass haptsächlech main Kolleeg deen mech veronsechert well en mengt deen Innenfokus an den USM wieren eosu wichteg, well ennert anrem verschidden Déiercher net esou frou mat Kaméidi wieren an den Sigma jo awer méi hart wier....
|
|
06.04.2007 16:42 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
hmm naja den eric iwerdreift ^^
mengen net dadd daat objektiv wei een panzer klengt
also bon ok ech muss schon soen op mengem neien tokina 12-24 vermessen ech den schnellen autofokus iergendwei schon, mee bon... ech mengen ett muss net emmer een canon aus der L reih sin
also giff hechstens soen dadd en mei lues wier am fokusseiren, bon ok das secher mee d lautstaerkt naja daat argument ass bessi weit hiergeholl ^^
dei meescht insekten heiren souwisou neicht
|
|
06.04.2007 19:47 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Et mecht een jo net nemmen Fotoen vun Insekten. :-)
An wat mech usech emmer stéiert, as wann et keen Innenfokus huet well dain Objektiv dann emmer seng längt ännert beim scharfstellen, dat kann nerven. Mech stéiert et, wann et soss keen stéiert as et jo gutt. :-)
Bis dann
|
|
13.04.2007 15:04 |
|
|
|
|
|
|