Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Lo gouf awer scho laang hei nix mei geschr.
Fransousen dei hun et elo gudd, hrhr. D'Brasilianer hu sech jo alt bessen gebessert. Si gespaant op de Match haut tëscht DE an Equador.
__________________ 404 - Not found
|
|
20.06.2006 14:11 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Equador gewennt
|
|
20.06.2006 14:30 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Daitschland... nja... se hun virun 32 joer gewonne, dann virun 16, an 16 joer dono (also lo) gewanne se jo vllt rem... aberglaube?
Nja... wei leeft et mat italien...? Ech kommen do net noo... spillen se gudd? KOmmen se waider? Haat bis elo na keng zait en match vun hinnen ze gucken...
|
|
20.06.2006 20:23 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Also Däitschland spillt staark, daat muss een zougin. Sie an d'Spuenier sin dei eenzech dei mer bis lo gudd gefall hun.
Italien haat ech nemmen den eischte Match gesin an den war net immens interessant (wisou hun ech wuel den 2. net mei gekuckt?
)
__________________ 404 - Not found
|
|
20.06.2006 20:38 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Italien huet biss elo nach net alles gewissen waat se kennnen
di sin eigentlech besser !geint usa hunn se mech wierklech bessen entteucht hoffen se spillen bessen besser geint tschechen!
|
|
20.06.2006 21:28 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Tschechien.... ade... italien olee... also do brauch ech mer keng gedanken ze maan... obwuel ech se net ennerschetzen tschechenen...
ee se hun mech schon krass enttäuscht bei USA -IT
|
|
20.06.2006 22:41 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ech hun mer gëscht eemol rem een WM Match ganz ugekuckt. Soulues gëtt et jo spannend.
Et war den Match um 21:00 Portugal - Holland.
Dun hun ech mer d'Froo gestallt "Ass dat dooten Fussball?"! Ass et daat wat Milliounen vun Mënschen faszineiert? Wann jo, dann stemmt dach iirgendeppes net.. ?!
16 Giel Kaarten.. 4 Rouder..
Ech well elo net behaapten dass et alleng den Portuguisen hier Schold ass dass um Terrain esou gekrischt gëtt, mee ech gesin baal nemmen bei Footballsmatcher mat Portugal esou Onfairness an onnéideg Gestréids. An wann ech dann mat aaner Léit iwwert deen Match schwetzen, kreien ech emmer dei nemmlecht Réaktioun "Typesch Portuguisen...!".
Wei dun gescht den Figo eng lächerlech Kappnoss gemaach huet, hun ech fir d'éischten Kéier während deser WM mengen Emotiounen fräien Laaf geloos..
Ech waar wiirklech roosen, ech hun mech richteg opgereegt!
Ech fannen et wiirklech schued, onfair, lächerlech... wat d'Equippen sech do geschter um Terrain geleescht hun, hiert Behuelen beweist nemmen Aggressivitéit.
Dei aaner Equippen brengen et jo awer (bis elo) och färdeg ouni Kläpperéien an Drohungen ze spillen, also firwaat kennen d'Portuguisen (resp. Holläner) et net?
Wei ech dat Spill geschter gesin hun, woueen dei läscht Minuten gemiirkt huet dass et nemmen nach em Rippen an Krich geet, haat ech wiirklech keng Loscht mei op Fussball!
|
|
26.06.2006 18:54 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Jo stëmmt, daat war kee Fussball. Mee den Arbiter war einfach Schäiss, an sou eppes ass d'Resultat (ech soen lo net dass et alleng seng Schold war, op kee Fall) En huet bei verschiddene Kaarten iwerdriwen, bei aaneren hätten mussen mei streng sin.
Daat waat de Figo sech geleescht huet, misst bestrooft gin, sou eppes gehéiert weder op en Terrain, nach op eng WM. Mee t'ass eben de Figo.
Dee Match haut war awer och naja ... Dei rout Kaart war wuel iwerdriwen wei ech fannen fir d'Italiener, MEE den Eelefmeter do war och niemols een. Do ass den Arbiter op den Italiener voll ragefall. Ech hu jo scho vill Matcher gekuckt, mee no dem den Gool do gefall ass, sin ech opgestaan do ënnen, hu gesoot "Daat do ass kee Fussball waat bei der WM gespillt get" an sin direkt ropkomm. Do vergeet engem total d'Loscht un dem ganzen.
PS: Wann se daat gemaach hätten dass d'Arbitteren Zäitlupp kënne kucken fir Décisiounen ze huelen wär gescht an haut sou muenches besser gelaaf.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.06.2006 19:02 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Bon... mee wann een eierlech as... ass et och daat waat lait gäeren gesin... an mer dierfen net vergiessen waat fier dei meecht net bewosst ass, dat fussball en kampfsport ass...
Bon... ech hun et lächerlech fonnt, mee och witzeg fonnt vun deem dei kappnoss kruut... den figo huet jo do ganz kuerz ugetippt, ant opfer fällt da schon schwaach...
Onfair ass et... mee bon...
Haut ITALIEN / AUSTRALIEN!!!
Muss soen... absolut langweileschen match, besser gesoot schlecht gespillt, mee doofier spannend...
Australien huet zwar gudd gespillt, mee italien haat spill enner kontroll...
An fier en Italien fan ass d'häerz wierklech schnell geschloo an den leschten sekonnen, mee wou dann och nach en 11 meter ugeschoss gouf, kruut ech baal en kolapps... hyperventileiert, einfach nemmen glecklech.... wor einfach... wow.... aaaahhhrghh.... 11 METER!!! TOTI!!!!
Toti lauft an zum ball, schiesst, und TOR!! TOR TOOOOOOR!!!! Meine damen und herren, Italien ist weiter!! Kaum zum glaube!!
Ongefeier sou huet sech den spriecher positiv opgereescht...
|
|
26.06.2006 20:37 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Mier ass et geanu su gaang hunn baal en herzinfackt kritt zum schluss:
fannen dass italien zwar nach relativ gutt gespillt huet mat engem mann manner fierun allem vun do aus un wou den totti rankomm ass!
!an di rout kaard waar vollkommen iwwerflesech!! Wann se emmer su giffen spillen wie geint Tchechien dann kinnten se och weltmeeschter ginn!!! waat ech och hoffen
|
|
26.06.2006 20:49 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Jo se hun effektiv nach gudd gespillt dofir dass se zu 10 waren, daat muss och ech, als nët sou Italien-frënd zougin. Mee den Eelefmeter war genee su iwerflessech wei d'rout Kaart. Verlängerung an vleit durno nach Eelefmeterschéissen hätt gudd bei dee Match gepasst.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.06.2006 20:52 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Wann et nach biss zum eelefmeeter scheissen komm wier hätt ech wierklech een herzinfackt kridd
:-))
|
|
26.06.2006 20:55 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Wär awer wuel dei eenzeg fair Arderweis geweecht e Gewenner ze ermettelen. Wann Italien dann weiderkomm wir, OK, mee sou, muss ee scho baal soen se hun et net verdingt sou weiderzekommen. (Mee emmer nach mei wei d'Portugiesen...)
PS: Hun lo endlech emol en letzebuergeschen Trikot
__________________ 404 - Not found
|
|
26.06.2006 20:57 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
PS: Hun lo endlech emol en letzebuergeschen Trikot
|
Hehe
|
|
26.06.2006 20:59 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Get et daat iwerhaapt ;-)
|
|
27.06.2006 01:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Gesäis de da bei eisem eischte grousse Meeting (wann ech drun denken
)
__________________ 404 - Not found
|
|
27.06.2006 01:29 |
|
|
olimi
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
lol... ech engen et ass roud, oder?
|
|
27.06.2006 01:31 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Desen nët. Wäiss ass en.
Sin gespaant wei d'Brasilianer haut oofschneiden
__________________ 404 - Not found
|
|
27.06.2006 14:04 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Na 1 daach dan geht et weider
|
|
29.06.2006 13:27 |
|
|
zia
Mitglied
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 40
|
|
Naja, den 11m war schon verdengt
, ech huelen un et ass em bewosst gin dass dei rout Kaart e bessen haard war, an dun huet en sech gesoot, wei en dei aktioun firum goal gesin huet, oh, geff den Italiener en 11m fir dass se mer verzeihen
Kann jo sin
Waat soll een derzou soen, wei emmer sin d'Italiener mat deckem Fund weider komm. Mee eierlech, sin mer daat dann net schon gewinnt
(Ech haalen natirlech zu Italien
)
Ansonsten ass mer den Fussball awer Wurscht, sin keen fanatiker.
|
|
29.06.2006 16:22 |
|
|
|