n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
|
|
Ech wollt e klengen Vierschlag zur Fotosbewärtung machen. Anzwar kann een momentan wuel eng foto bewärten, fannen dass et awer liicht verstoppt as.
Geing et amfong mei praktesch fannen wann een, wei een daat vun aneren site kennt (mengen youtube huet et), zB 5 Stären huet (oder et keint een suguer vleit den Photoapparat aus dem logo huelen
) an dann keint een ganz einfach uklicken ob een dFoto gudd (5 stären) oder schlecht (1 stär) fennt
An Stären dei een geseit, gin emmer de Mettelwert un.
wei gesoot
just en Vierschlaag, wann net gefällt dann einfach ignoreiren
|
|
27.01.2010 14:37 |
|
|
Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
|
|
Ech schwätzen elo just fir mech, an ech ka mer denken, dass och nach aner Leit esou denken: dee System géng wirklech d'Bewärtung vereinfachen, mee mir géngen dann déi méi genau Kommentare vun denen "alen Huesen" felen, duerch déi ech nach vill ka bäiléieren. Einfach Stäeren uklicken géng mir net genuch bréngen.
Näischt vir ongutt, ass just meng Menung
|
|
27.01.2010 15:19 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
kommentairen sollen natierlech net eweg faalen, mais mir as obgefall, dass vill fotoen erop gelueden gin wou keen kommentar dazou kennt. Deen jetzegen bewärtungs system awer och net sou wierklech benotzt get.
Heescht, wann ca. 100 leit deng foto gekuckt hun, wees de guer net wei se ob aner leit gewierkt huet. Wann een de bewärtungsystem also mei erfier hierfen keint, weist een no denen 100 visiteuren vleit awer, ob dFoto eischter positiv oder negativ ob dLeit gewierkt huet. Dann hätt een awer en Feedback och wann keen en Kommentar dazou geschriwen huet
|
|
27.01.2010 17:00 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Deem kann ech nemmen zoustemmen.
Ech sin zwar nach nei hei, mee dei Idee gefällt mer gudd mat den Stären, et kann een jo net bei all Photoen een Kommentar derbai schreiwen, mee dei nei gin ech awer all kucken an et keinnt een se effektiv dann besser bewerten.
Irgendwei keinnt een daat jo och elo maachen awer ech maachen en et och selten.
Et mißt een eppes fannen daß een Groußdeel vun den Leit dei Photo kucken gin och schon baal automatiseiert Stären verdeelen, daat geif a part vun den Kommentarer nach een gudden Feedback brengen.
Ech hun daat awer och mat der Wochenofstemmung nach net richteg verstaan, daat kann een jo och uklicken. Waat geschitt duerno?
__________________ Laurent
|
|
28.01.2010 08:18 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech denken wanns de 200 klicks hues an keen comment, dat ass genuch bewertung...
ech perséinlëch schalten d'bewertung aus, an gin och soss keng bewertung of well ech den schoulprinzip oflehnen, dat hei ass main hobby an punkten interesséiren mëch do nët
kënnt dobai dass punkten souvill aussoen wéi den stil kommentar "Ganz schéin foto", dat ass reng subjektiv,...
méi interessant fir mëch ass een kommentar à la "fotoschoul", wéi een der och dacks genuch kritt, domatt kann ech ëmmer méi ufänken wéi matt soss eppes
;-)
|
|
28.01.2010 08:35 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Jo stemmt, elo wous te et sees muß ech der vollkommen recht gin. Esou weit hun ech guer net iwwerluert.
Et huet een un sech ze seier Stären verdeel, mee wann een en Kommentar mecht dann muß een sech schon mei mat der Photo auserneen setzen. An net Photo ob, 3 Stären, paff, dei nächst 2 Stären paff, dei nächst 4 Stären paff
Tjo, esou seier kann een Meenung wieselen
__________________ Laurent
|
|
28.01.2010 08:45 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
jo xaph, du hues recht mais am aaneren fall faalen dann och fill kommentarer wei :"schein" eweg, an et huet een nemmen mei deifgrenneg (soen ech emol) kommentarer, dei einfach bewertung as dann fier dei, dei nemmen wellen soen, daat gefällt mer ... oder fannen ech net gut, awer elo keng deifgrenneg erklärung dozou wellen gin !
ech mengen epes waat schon do as, awer kaum genotzt get, kann een probeieren e bessen mei "netzlech " ze machen ! wier schon besser wei et elo as !
seet den Gaga
|
|
28.01.2010 11:21 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
et soll jo och net drem goen, dass enn der woch deen jeinegen gekreint get, deen inerhalb vun der woch dei meeschten bewertungen verdeelt huet
@xaph du sees jo, dass du et ausschalts. Daat keint een jo beihaalen, een deen et net well, kann et ausschalten
|
|
28.01.2010 13:37 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
|
|
Ech muss dozou soen dass bis elo nach mengen ech, nie een meng Foto bewärt huet an entweder muss een et mei offensichtleg machen oder oofschaafen...ech sin souwisou dofier dass dei 'aal Huesen', dei mat Erfahrung deenen mei neien an manner erfahrenen mei genee Komentarer derbei schreiwen an soumat desen helefen kennen hier Fotoen ze verbesseren. Ech ferten och dass dat mat den Steren bessi ze einfach wier an dass doduech d'Komentarer ze kuerz kommen, mee dat kann een net behapten wann een et net probeiert huet, aus deem Grond sin ech dofier dass mer dat Ganzt auprobeieren
bescht Greiss,
Lola
|
|
28.01.2010 15:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also ech hun express bëssen ofgewaart bis ech eppes géing schreiwen, wollt mol liesen wat d' Leit all vu sech aus soen. Dofir dann mol mäi Kommentar:
Ech weess net wat Der ëmmer mat de Bewäertungen hudd
Et kann een et sécher méi einfach maachen mat sou Stären, et kann een et awer och à la Facebook maachen einfach mat engem "Like" an "Dislike" oder sou ... Meng Schlussfolgerung ass allerdings: Déi Aarbecht déi et géif maachen fir do eppes ze änneren nëmmen fir eppes auszeprobéieren, ass besser investéiert an nach aner Saachen déi vill méi wichteg / dringend sinn
. Ech komme schonn net gutt no mat dem wat nach muss gemaach ginn, an dann mussen méi onwichteg Saachen no hannen réckelen, do zielt d' Bewäertung derzou. Well et geet jo ëmmerhin drëm eppes bäi ze léieren an der Fotografie hei, dat mécht een net mat Bewäwertungen
__________________ 404 - Not found
|
|
28.01.2010 16:19 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
|
|
Do hues de voll an ganz recht!
|
|
28.01.2010 17:48 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
wei gesoot war just e vierschlach
... dass aner saachen fier gin as verständlech
... et kann een vleit namol drop zreck kommen
|
|
28.01.2010 18:22 |
|
|
Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
|
|
[quote]Original von xaph32
ech denken wanns de 200 klicks hues an keen comment, dat ass genuch bewertung...
1) An deem Fall , wou keen eng (ordentlech) Bewärtung ofgëtt, reduzéiere mer dat Ganzt jo dann op eng einfach "Ausstellung". Ass dat de But vum Site, da sinn ech d'accord, mee da sinn ech hei op der falscher Plaz.
2) 200 Klicks a keng Bewärtung = schlecht Foto, dat hëlleft mir och net weider, wann ech net weess, wat ech u menger Foto ka verbesseren
|
|
29.01.2010 00:17 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech denken et gin e puer art a weisen fir kommentarer ze kréien:
eng foto ass opfälleg duerch wat och ëmmer (am positiven wéi am negativen), an dann gët et automatësch eng rei saachen ze soen
oder awer den auteur schreiwt an senger beschreiwung dran wat en wollt (probéiren) etc, an freet no den menungen, normalerweis kommen dann eng rei menungen zesummen. eng beschreiwung lount sëch meeschtens... ech hun dacks keng loscht eppes ze schreiwen wann fotoen einfach sou ropgepucht gin...
|
|
29.01.2010 09:45 |
|
|
vitovox
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
ehc verstinn de Johny....et as nët einfach permanent um code ze kniwelen....wéi wär et wann jiidereen den existenten bewärtungs-system géif benotzen...dann wär de probleem jo geléisst...et as traureg ze gesinn dass keen et benotzt....ech krutt eng bewärtung, an emol net op der beléiwster foto.
|
|
11.02.2010 12:44 |
|
|
|