yannhellers
Jungspund
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 12
Herkunft: Olm
|
|
ech wees net op ech hei am richtegen forum sin oder op schon een engkeier doriwer eppes geschriwen huet
ech mengen ech sin net deen eenzegen deem daat schon opgefall ass...
ech fannen z.b. dass verschidden leit emmer matt ganz flotten ideen kommen fir eng foto ze maan an dann puer deech drop fennt een nemmen mei fotoen dovun... vun waat schwetzen ech? wann ech kucken... weivill der kierchenfotoen hun mir elo schon um site? keng oofwiesselung, eng kopie vun der aanerer. weivill fotoen hun mer elo schon vun deem amerikaneschen kierfesch?
et fennt een guer keng oofwiesselung mei.
waat mir och opgefall ass wann z.b. elo grad eent eng foto vun engem figgelchen erop gelueden huet dann dauert et keng 20 min. dann sin der schon rem 5 aanerer dei eng ähnlech foto erop gelueden hun.
vierwat net selwer ideen sichen an sech net souvill un aaneren fotoen inspireieren?
bon vleit iwwerdreiwen ech och
mee wollt mool froen op daat nach engem opgefall ass??
MFG
Yann
__________________
|
|
12.04.2006 13:46 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Jo, daat ass mir schon e puer Mol opgefall, mee hun et wuel och schon selwer gemeet.
Denken bei villen ass daat awer net onbedengt Ideen klauen, mee einfach "ahjo, dovun hun ech och nach eng Foto op mengem HD di besser/anescht/etc. ass, froën mech waat ech do fir Kommentaren gif kréien".
De Problem ass, "it's all been done", et ass schwéier en Sujet ze fannen deen net schon vun aneren Leit behandelt gin ass. Anererseits kann een hannendrunner setzen, "... not by me", an et ass heiensdo grad interessant ze gesin wéi verschidden Leit den nämmlechten Sujet behandlen.
|
|
12.04.2006 14:12 |
|
|
yannhellers
Jungspund
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 12
Herkunft: Olm
Themenstarter
|
|
jo mee matt der zeit gett et beemool langweileg emmer rem dei nämlecht sujet'en ze gesin nee? also kA sou ass et mool bei mir...
__________________
|
|
12.04.2006 16:26 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jo ech gin der do Recht Yann, mee et ass baal iwerall sou.
z.B. dei Foto dei ech gemaach hun vum Metro do. Daat war eigentlech deemols e Schnappschoss, wu awer d'Resultat gudd war. Op dene Säiten wu ech dei Foto gewisen hun (Puer däitsch GFX-Säiten eben), war virdrun nie sou eng Foto ze gesin an beemol kommen der emmer méi emmer méi ... Also och do geschitt daat. An vermeiden kann een et net wierklech.
Allerdings fir eis Contests wou mer geschwenn wärten een ufänken ass et sou dass een d'Fotoen dei ropgeluede gin, net ka gesin bis Deadline erreecht ass fir genee daat ze vermeiden do
__________________ 404 - Not found
|
|
13.04.2006 00:29 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
De Phénomène den de Yann beschreift besteht tatsächlech. A mengen An as dat schlëmmsten Beispill d'Foto vun engem isoléierten An.
Ech muss awer soen, ech empfannen dat eigentlech net als Nodeel, bien au contraire! Ee vun de Virdeeler vum Internet a speziell vun dëser Säit as, dass een sech kann inspiréieren.
Sou kann een sech souguer mat anerern Fotografen moossen a vergläichen. Et kritt een nei Iddien (duerch a vun anere Fotografen) an op déi Manéier kann een sech selwer emmer weider entfalen. Dat as gutt.
Lo mol éierlech, och wann een den éischten as, den hei op photogen.lu eng Foto post, sou läit d'Inspiratioun fir déi Foto ganz dax bei enger Foto déi ee sossanzwuerg gesin huet. Droit d'Auteuren op Fotosiddien gett et net (siehe Lëtzbuerger Wort vun haut)
|
|
18.04.2006 14:34 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Gin dem RJ an allen Punkten recht.Fannen daat o net sou schlemm
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
18.04.2006 18:16 |
|
|
yannhellers
Jungspund
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 12
Herkunft: Olm
Themenstarter
|
|
sou schlemm fannen ech et jo och net. mee ech fannen dass et einfach matt der zeit langweileg gett. emmer an emmer rem dei nämlecht objecten, sujet'en ze gesin
__________________
|
|
18.04.2006 21:46 |
|
|
patty
Tripel-As
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 175
Herkunft: Dudetown
|
|
moien, ma ech hun lo just gelies wat's du geschriwwen hues an net wat dei aaner geschriwwen hun!
ma ech fannen du hues rescht wat daat mat den fotoen ubelangt et ass mer och schon obgefall, et sin oft dei selwescht motiver mee all foto ass anneschters well se emmer vun aaneren Laid gemach geet dofier fannen ech daat och net sou dramatesch!
et sin secher och bei mier Fotoen do wou et schon gin wees daat zwar net sou genau, mee huelen et awer un!
Ech fannen daat och net sou schlem dat et vill Fotoen puer mol gin! Weigesot all Foto ass aaneschters!
Patty
__________________ -->Patty<--
|
|
18.04.2006 22:33 |
|
|
|