Mano
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 111
Herkunft: Bettembourg
|
|
Majo wei der wesst ass schoul rem amgaangen an lo gleich kommen och rem dei berühmten klassefotoen. Et ass zwar lo net sou dass ech mech dohinnerstellen an foto muss man, mee mer sichen als klass eng extra iddi vir eis foto mi interessant ze man an vun denen aneren ze ennerscheeden, ech wollt alt emol puer iddien sammelen esou wei zb:
mam Pyjama oder Men in black
Freen mech schon op puer ausgefalen iddien dei secherlech an puer vun ierch stiechen
__________________ Have a look at: Mano's Photography
|
|
20.09.2007 22:57 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
mmmh...su à la matrix? :-)
also mat laang schuarz mäntel an sou sonnebrëller....
cool iddi anzait
|
|
20.09.2007 23:05 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
wei een 26 lang schwartz maentel organiseiert well lo mol dohinner gestallt sin
hmm zb dadd jidereen aus enger anerer fenster kuckt? oder sie leien all am haff an du hells se vun engem mei heigen gebei hmm ^^
|
|
20.09.2007 23:08 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
mir haaten mol engkéier eng klassefoto gemach op där jidfereen (souguer de proff) den selwechten "schokoriegel" an der hand haat (also jidfereen sain, mais allkéiers déi selwecht zort).
Et kéint jo och jidfereen en aanert buch, en lineal, blaisteft, bic, etc an der hand hun?
|
|
20.09.2007 23:09 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
@Laurent: hmmm
jo...stemt. geet bestemt, mee fir eng klassefoto vill opwand. tsorry
|
|
20.09.2007 23:53 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
fläit all am proffegezei, an dee klengsten an der klass mam direkter un der lénkt
__________________
|
|
21.09.2007 00:41 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
boah... lo daerf ech meng revange um Lycee huelen *ggg* ...
Location: Klassesall
alles op d Kopp stellen, Still emgeeien, dem Prof sai Pult an den Eck reckelen, de Prof op sai Pult setzen oder drenner setze wann ett geht, e Schuler op dem Prof sai Pult stelle mat engem richteg fette Lineall, styl: ha.. lo kritt de Prof der Mol op d Beltz, puer Schueler op hier Pulter stellen, aanerer op d Still, Banken emleen, aal Bicher duerch d Loft geheien , d Tafel mat egal vollkritzelen, vlaicht: we don't need no education *ggg* de Schwamm duerch d Klass geheien, de Budem volltessele mat Bicher, Rucksaeck, d Kleeder egal wouhinner geheien...asw... accessoire matbrengen dei NAISCHT mat der Schoul ze din hu wei Spraydousen, Guitar, Basketball, tennisracketten, jiddereen seng Actioun am Bild wou de Prof soss maule geiff, Knaetsch am Baak a Bloose maan, ooh meih... ech denken do fennt jiddereen eppes waat em gefaellt a waat e soss net an der Schoul maachen dierf *ggg*
an engem Saaz: fun, disorder and chaos !!! dovunner dreemt dach all Schüeler
aaner Idee : am Gang
d Klass leeft dem Prof mat dem Schwamm no an dee well just nach fort... action !
vun uewe roof photographeiere fier all gesiicht z'erkennen...
aaner Idee: Prof an d Mett, zesumme gekauert, Klass rondrem mam Schwamm sou gesait een d gesiichter vlaicht besser ouni misssen mei heisch ze stoen, Klass mault de Pof un .... Linealer am grapp .....
oder op der Toilette photographeieren..as dach bestemmt och witzeg...
maacht dach waat der wellt
.... d geht een nemmen 1 Keier an d'Schoul *ggg* dei eng just mei laang wei aanerer
have fun!
|
|
21.09.2007 11:32 |
|
|
Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
|
|
Jongen, d'Mano muss selwer op dei Foto kommen wei soll se dann nach fotografeieren
Nee den Kolleisch krit en ,,professionnellen'' Fotograf gescheckt fir sin Apparat enkeier dohin ze stellen an op den Knäppchen ze drecken. LoL
@ Mir hun lescht Joer och deck gegrübelt, wei mer daat keinten unstellen fir net als banal Schüler op der Foto ze stoen, vue que dass all dei aaner Klassen eng Thema haaten. Schliesslech hun mer eis decideiert fir d'Eischt Schouljoer ze spillen
War deck witzeg, zumols well den decken Thill matgemeet huet
Ahh jo richteg du wols eng Idee: ehhm..majo...wei wär et wanns de eppes mat Zuelen mes. Wann ech mech rescht errenneren mengen ech dass de op enger B bas, ausser du haess gewieselt
Hudd der keng s/w gestraiften Kleedung doheem? Soss haett der ierch keinten als Amerikanesch Prisoneier verkleeden an ierch eng Nummer op d'Broscht peschen. Sou am Senn, dass wann der den Examen net packt, dass der weider am Kolleisch wärt angespaart sin. lol.
Den Moment fällt mer awer naischt weideres an..Problem bei sou Saachen as och , dass een dann muss realistesch bleiwen. Ech well soen, du kanns net vun enger ganzer Klass mat 30 Leit verlaangen, dass dei all grad dei selwescht Verkleedung doheem am Schaf haenken hun.
hhhmm wär jo schein.
Oder probeiert eppes mat der V200..sou dass der eventuel net grad an d'Kam kuckt, mee dass der sou maacht wei wann der geift op der V200 schaffen
|
|
22.09.2007 12:21 |
|
|
nikkie unregistriert
|
|
mir dréien eis alleguerten einfach em
eng klassefoto vun hannen souzesoen
|
|
23.09.2007 02:37 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
An du mengs wirklech da geif een äerch op der anerer Säit vum Negativ gesinn o0
Ah nee hautesdags gëtt dat jo net méi sou gemaach, domm digital Welt.
__________________ 404 - Not found
|
|
23.09.2007 16:00 |
|
|
nikkie unregistriert
|
|
|
23.09.2007 16:23 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Vill oofwäichen vun der klassescher Foto kanns de net. Sierf der mol am kloeren, wéivill Spillraum datts de der erlaabs.
Zu Matrix oder men in black : Dat ganz Joer ass ken beret eng Schouluniform ze droen, also mat et och net fir eng Klassefoto. An dann all hannert engem Sonnebrell verstoppen?
Bedenk och, datt jidferen och duerch säin egenen Stil an der Kledung onverwiesselbar ass. Wells de deng Leit och nach an e puer Joer op der Foto eremerkennen?
Dir kennt iech zwar alleguerten zum Beispill eng rout Nues opsetzen fir iech als eng zesummenhalend Klass erkenntlech ze man.
Wellt der iech mat der Schoul identifizéieren? Wann jo, muss d'Schoul resp. en onverkennbaren Del vun der Schoul mat op d'Foto. Also kennt der iech net déplacéieren.
Dovunn oofgesin dierf et näischt kaschten.
Dat eenzegt wat der dann nach bleiwt ass eng ongewéinlech Perspektiv iergendwou um Schoulterrain:
- All an en dueblen oder draifachen Kres setzen, d'Hänn an Kapp an d'Lut an d'Foto flatschdeg vun uewen man.
Hues de keng Méiglechket d'Foto vun uewen erof ze man, setzt iech sn en Bou an maach déi selwecht Foto vun enger Treppchen aus.
- Gidd an en Klassesall an setzt iech egal wéi op d'Still an d'Bänken. Drop, drenner, op der Kopp, leien, stoen...
- jideferen vun iech huet en Hobby. Bann dat an d'Foto mat an. Den gaeren liest kritt en Pak Bicher an den Grapp, den Velo fiert setzt um Velo oder huet soss säin Sportgerät dobäi, den gaeren molt, kritt en Pisel an en Deppen Faarw an den Grapp, den gaeren esst, kritt en Teller Spagetti an den Grapp etc. etc.
- maach vun all Kapp eng Foto, vergréisser se op 20x30cm, pech en klengen Still drun an dann mechs de eng banal Klassefoto wou jidferen seng Foto virun d'Gesiicht hällt. (Dat kanns de ower och henno am PS man. Maach dann just eng Foto wou jidferen en klengen Bengel am Grapp huet wéi wann en sech d'Foto géif virun d'Gesiicht halen an dann am PS kopéiers de déi eenzel Kapp-Fotoen dran)
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von GrAl am 24.09.2007 14:21.
|
|
24.09.2007 11:27 |
|
|
|
Also mir hun eng foto gema meedercher schwarz jongen weiß; eng an da Schwammbocks (leider ass dat nemmen cool wann d'ganz Klass matmecht; huet bei eis net geklappt :/) an lo man ma nach eng mat den kittelen aus da chimi an dennen witzegen breller
|
|
29.09.2007 21:03 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
jo tolll ...
... an ech sin sëcher dir kennt iech no Joeren nach all erëm ...
|
|
29.09.2007 23:41 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
nikki: wou bass du dann? de proff huet sech do awer net un 't reegel gehalen
__________________
|
|
30.09.2007 00:27 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
*ggg* Deen Prof do kennen ech!! Haha.
Nikkie, bass du am LHC???
|
|
30.09.2007 01:22 |
|
|
Mano
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 111
Herkunft: Bettembourg
Themenstarter
|
|
ass en geschichtsproff aus dem Athénée
Also als eischt soen ech ierch alleguerten schon mol en groussen MERCI vir all aerr Iddien
sin richteg frou iwwert deen groussen asaatz hei
Eis foto gett den 24.oktober gemaach, wann emr se dann hun dann kennt se och heidran
dei iddi dass jiddereen mecht wat en gaer mecht (dei iddi mam hobby) dei gefellt mer gudd
an och dass jongen sech eng faarw undin an meedecher...mee dat weess ech net op dat bei
onser klass eng sueng gudd iddi ass, well ech dat eenzegt meedchen sin..dat geseit vleit
bessi witzeg aus XD
jo an der schwammbox dat war och eng iddi dei mer haten..mat der schwammbox an kravatt
keint gudd sin dass dei iddi realiseiert gett ass awer nach net fest!
Also freen mech iwwert nach iddien dei ierch zoufälleg duerch de kapp schwierwen!!
__________________ Have a look at: Mano's Photography
|
|
30.09.2007 14:19 |
|
|
|