gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
As wuel ze bezuelen, an fonktionéiert ganz gudd. Sou séier gin ech dat net méi hier.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.09.2007 10:14 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Gudd Optiken sin nun emol extrem deier. Di nët esou gudd si méi belleg.
|
|
08.09.2007 10:46 |
|
|
broken-limits
Mitglied
Dabei seit: 23.08.2006
Beiträge: 30
Themenstarter
|
|
Merci, dat heescht dir mengt allen 2 ech soll ma d'canon objektiv kaafen?
|
|
08.09.2007 12:28 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Hänkt dovun of wéis de schaffs. Wann nëmmen déi zwee zum Choix stin, wat brauchs de dann méi oft, 17-28mm oder 55-70.
An méi deier as oft, mee net ëmmer direkt besser.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.09.2007 13:01 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
24-40 f2.8 vu Canon gëtt et och nach... su niewenbäi
(Mee >1000€)
an Standard kritt en d hannen ...
Ech hun als Standardobjktiv en 24-105 f4, fannen ech selwer optimal. a wéi de patrick soot, gutt Objektiver sinn nun mol deier, do gëtt et kéng Äusnam.
__________________ 404 - Not found
|
|
09.09.2007 21:34 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Mäi Standardobjektiv fier Pentax Digital as en 16-45mm f4.0. Ech fannen dese Brennwäiteberäich interessant well e vum dach schon starke Wäitwenkel an de liichten Tele erageet.
E Zoom-Objektiv wat bei 24mm ufänkt as a a méngen Aen nët wäitwénkleg genuch fier als "Standard" duechzegoen. Ech hun z.B nach en 24-50 f4.0 an en 28-70 f4.0. Di 2 si flott, mee et fehlt mer awer de Wäitwénkel, wat mech derzou bruet huet den 16-45 ze kafen. Natierlech hängt dat Ganzt awer och dovun of, wat ee fotograféiert. Ech ka mer fierstellen, dass fier Porträit de Wäitwenkel vläit nët esou wichteg as.
Di konstant Liichtstärkt as secher interessant, mee bäi wäitem nët esou wichteg wéi ee mengt. Wichteg as, dass de Zoom genuch "liichtstark" am Tele bleiwt. Eng Ufanksblend vun 5.6 bei em di 50mm as ****is. Do läit och a méngen Aen de Nodeel vun de bellegen Kit-Objektiver. Bei 50-80 mm sollt ee nach wéinstens f 4.0 hun. Dann as ee schon gudd zervéiert.
F 2.8 Zoomer sin mat engem groussen Nodeel verbonnen: de Präis, d'Gréisst an d'Gewiicht. Den eenzege fierdel as do, dass den Autofocus vläit bei däischtere Motiver e besse besser geet. Mee méi huet een do nët gewonnen, u Bildqualitéit praktesch och nët, éischter de Contraire. Mee eis Letzebuerger schéngt et gudd ze goen, duerfier mengen der vill dass se "professionellt" Material fier d'Vakanzefotoe brauchen.
Fier den Amateur mescht et vläit éischter Senn sech e Zoom à la 16(1
-50(70)mm mat f 4.0 ze kafen (nët ze deier a villsäiteg anzesetzen) an eventuell e 50/1.4(1.
oder en 28/2.0 als Ergänzung (extrem Liichtstark Festbrennwäiten).
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 10.09.2007 12:46.
|
|
10.09.2007 12:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
patrick: deng 16-40 dei hues de awer dann op KB, oder op Crop ?
__________________ 404 - Not found
|
|
10.09.2007 15:12 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
16-45mm fier de Crop Sensor. (24-70 op KB emgerechent, wat awer nët vill Sënn mecht, well d'Brennwäit onofhängeg vum Sensor/Film as
U sech misst ee jo vu Bildwénkele schwätzen
)
Ech gin emmer d'Brennwäiten un di um Objektiv stin. Soss as een hanno ganz duergeneen.
|
|
10.09.2007 15:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jo kloer gëtt een emmer dei un dei drop stinn, maan ech och.
45mm wann et dei um Kb wiren dann wir et keen Tele ...
(dofir hun ech gefrot)
Canon huet fir dee Beräich och nach säin 17-40 f4 ...
__________________ 404 - Not found
|
|
10.09.2007 16:10 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
den 17-40 ass fier ze sabberen, ass mein klengen liebling
|
|
11.09.2007 03:54 |
|
|
|