jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
|
|
Funk- a Blitzauslöser Yongnuo |
|
Just zur Info fir all déi déi sech iwwert e Funkauslöser Gedanke gemaat hun.
Ech hu mer rezent den YONGNUO RF-603 Funkauslöser kaaft den déi besonnech Fähegkeet huet entweder e Blëtz kënnen fernzesteieren, an/oder emgedréint d'Kamera aus der Distanz auszeléisen.
Daat huet mech intrigéiert, an ech wor am Ufank bessi skeptesch. Vu dass den Prais vun em déi 40 € passabel ass, hun ech se bestallt. An siehe da, et funktionnéiert "out of the box" perfekt an ouni Problemer. Genial daat klengt Steck.
Ech kann also lo problemlos bis zu 100 m (an doriwwer) e Blëtz ausléisen, oder alternativ meng Kamera schaarfstellen, an ausléisen.
Kann ech just empfehlen. Bis dann.
Jekyll.
|
|