Shantideva unregistriert
|
|
Bicher iwert Fotografie an Beaarbeschtung |
|
Ech wollt mol een Thread op machen iwert Bicher déi een well weiderempfehlen well se engem ganz vill bruecht hun. An menger Sammlung sin och vereenzelt Bicher déi mir immens vill nëtzlech Informatiounen bruecht hun iwert Fotografie, Cadrage, Beaarbeschtung an Technik déi ech gären weiderempfehlen. Hei ass mol daat eischt waat ech grad hei leien hun:
Der fotografische Blick
Bildkomposition und Gestaltung
Michael Freeman
ISBN 978-3-8272-4288-4
Preis: 29,95 €
An desem Buch kann een ganz einfach all wichteg Grondlagen iwert d'Bildkompositioun léieren. Dozou gehéiert den richtegen Gebrauch vun den Objectiver (firwaat Tele, firwaat Weitwenkel an wou sind déi wichtegst Ennerscheeder), richteg mat den Bildelementer schaffen (Linen, Curven, Punkter, Cadrage, Gëllenen Schnett), richteg mat dem Liicht schaffen an och richteg mat den Faarwen schaffen, asw. asw.
Et ass vieleicht keen Buch fir een absoluten Ufänger, awer wann een gären Bildkompo an Bildgestaltung maitriséieren léiert, dann ass daat een ganz gudd Buch.
Ech hun do nach aaner interessant Bicher déi ech dann och hei beisetzen an et wier flott wann sech nach aaner Leit giefen bedeelegen, et kann een nemmen beiléieren.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 11.02.2009 14:42.
|
|
11.02.2009 14:28 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
Der Entscheidende Moment
Joe McNally
ISBN ISBN 9783827326928
Präis: 39,95 €
Mega-einfach a locker erkläerten tipps a wäisheeten aus deene verschiddenste situatiounen aus dem McNally séngem beruffsliewen.. kann ech enmme recommandéieren
__________________
|
|
11.02.2009 14:55 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hun och dem McNally säin Buch (The Moment it Clicks). Den Engleschen Titel bréngt d'Iddi un sech besser eriwwer, hien beschreiwt Saachen déi een mengt et géif een kennen op séng Art an Weis an dann mecht et op eemol "klick" an alles mëcht Sënn
"Light Science & Magic" as immens interessant wann een well léieren wéi Luucht sech verhällt an virwat grad esou an net anescht. Immens nëtzlech wann een vill mat Blëtzer oder Studioanlagen schafft, mee anscheinend as et net sou einfach zu Lëtzebuerg opzedreiwen, ech krut mäin vun amazon.co.uk.
"How to Photograph Absolutely Everything" as en Titel deen sech vill Virhëllt, mee fir Ufänger effektiv ganz gudd Tips gët déi einfach ze verstoen an ëmzesetzen sin. An fir den Präis sin wierklech immens vill Situatiounen dran behandelt.
__________________ www.gloda.net
|
|
11.02.2009 15:04 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Cool, do freed sech jo elo Amazon iwert d'Bestellungen.
Majo, dann hei nach een Buch waat ech och immens recommandéieren. Fir mech ass daat déi absolut Photoshop-Bibel:
Adobe
Photoshop CS3
Studio Techniques
Ben Willmore
Adobe Press
ISBN-13: 978-0-321-51046-4
ISBN-10: 0-321-51046-1
Ech wees elo net ob et daat Buch och schon fir den CS4. Wann net, dann kann et net lang daueren.
|
|
11.02.2009 17:33 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
|
|
"Heute schon geblitzt?"
vum Dirk Wächter
ISBN 978-3-00-024277-9
e flott Buch fir Blëtz-Ufänger wéi mech!
Leider hätt ech mir gewënscht e bësse méi gewuer ze ginn, mee fir eng Ufanksbasis ass d'Buch gutt!
|
|
11.02.2009 21:38 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Dan
"Heute schon geblitzt?"
vum Dirk Wächter
ISBN 978-3-00-024277-9
e flott Buch fir Blëtz-Ufänger wéi mech!
Leider hätt ech mir gewënscht e bësse méi gewuer ze ginn, mee fir eng Ufanksbasis ass d'Buch gutt! |
déem stëmmen ëch zou,
as gudd fir éen Ufänger, mais, weis du schon schreifs, kënnt nach e besselchen mei dra stoën.
dei 2.te Oplaag (ech hun dei 1.) as nach besselchen verbessert an erweidert , wei ëch mol gelies hun
sou oder sou, vir déen Preis - schon zë rekommandeieren !!
|
|
12.02.2009 09:56 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech hun dann hei nach een ganz gudd Buch waat mir och vill bruecht huet:
Profibuch Aktfotografie
Stefan Weis
Franzis Verlag
ISBN 978-3-7723-6259-0
Virwaat Aktfotografie? Majo, ech wollt mir een Buch kaafen iwert Fotografie mat engem Model an do ass jo Aktfotografie baal daat schwieregst an allen hinsichten. Et war mir drems gangen fir souvill wéi méigelech iwert den Shooting an alles waat sech em den Shooting dréint gewuer ze gin, dh. Virbereedung, eischten Kontakt mam Model, Verhalen wärend dem Shooting, Beliichtung, Posen etc.
Dest Buch huet dann och all d'Äntwerten op meng Froen gehaat:
- Auswahl von Models
- Der richtige Umgang mit Models
- Die richtigen Kameras und Objektive
- Arbeiten mit Studioblitz
- Optimales Licht und Beleuchtung
- Knackige Posen und Bildbesprechung
- Retusche....
.
.
.
Virun allem deen Deel den em d'Logik vun den Posen handelt huet mir vill bruecht.
Een zimmlech einfacht Buch mat guddem Inhalt.
|
|
12.02.2009 18:50 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
|
13.02.2009 17:09 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
Dest elei ass och net schlecht fier Ufänger wéi mech
Digitalfotos
professionell bearbeiten mit Photoshop
Pavel Kaplun
Data Becker
Digital ProLine
ISBN: 978-3-8158-2645-4
__________________
|
|
13.02.2009 20:56 |
|
|
|
Ech fannen folgend Buch wirklech gelongen,
"Photoshop CS3 für digitale Fotografie" vum Scott Kelby
>> link Amazon
Virunallem, wann een nach weineg Ahnung huet vum PS. Alles gett Schrëtt vir Schrëtt erklärkt, an daat op eng ganz locker Art a Weis (typesch Kelby eben). Natierlech ass dat Buch secherlech naischt vir well méi experimentéiert Useren ! An ech ka mer och virstellen, dass den S. Kelby am allgemengen dach bei den Fotografen zimlech emstridden ass: déi eng soen bestemmt: Wow, den Mann ass einfach de Glanz, aaneren wärten wuel éischter mengen "wat ass heen dann vir een Superstar à la Hollywood".
|
|
15.02.2009 16:38 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
Photoshop CS3 - RAW - Fotoschule
Och nach "Meng Fotobibel" genannt
Wann een dat Buch huet brauch een menger Meenung no keen anert méi.
En riesegt Buch fir 78€ wou et wei den Titel et seet als éicht em Bearbechtung geet, awer och nach relativ vill iwwert RAW geschriwen gett, waat daat ass, wéi een domat emgeet an och eng Fotoschoul mat dran ass.
Buch huet ongeféier DinA4 Gréisst an ongeféier 1000 Saiten.
Kuerzt Inhaltsverzeichnis mat groussen iwwerschreften an mat Saiten unzuel:
1. Arbeitstechniken (186 Saiten)
Adobe Bridge CS3
Photoshop-Basics
Auflösung, Bildgröße un Farbe
Ebenen, Masken und Freisteller
Bildanpassungen
Scharfzeichnen
Schwarzweiß-Fotos
Restaurieren und Transformieren
HDR, Filter- und Texteffekte
Panoramabilder
Camera Raw
2. Workshops (329 Saiten)
Schnelle Bildkorrektur
Schärfer und Weicher
Farben
Licht und Belichtung
Foto-Werkstatt
Porträtretusche
Schwarz und Weiß
Perspektive
Bildmontage
HDR und Tone Mapping
Bildnachweis
3. RAW (168 Saiten)
Was ist RAW?
Bildverwaltung
RAW, DNG, OpenRAW
EXIF-Informationen
GPS-Daten in Bilddatien
Silkypix Developer Studio
Adobe Lightroom
Rettungsring RAW
4. Fotoschule (295 Saiten)
Motive erkennen
Lichtstimmungen erkennen und einfangen
Personen- und Porträtfotografie
Porträtretusche am Computer
Stimmung auf Familienfesten
Produktbilder
Typische Motive der vier Jahreszeiten
Panorama-Fotografie und Montage am PC
Volksfeste und prächtige Feuerwerke
Stimmungen bei Abend und bei Nacht
Kinderfotos für das Familienalbum
Bewegung und Dynamik festhalten
Tierfotografie
Nah- und Makrofotografie
Architekturfotografie
Kunst- und Studiolicht
Stillleben und Tabletops
Feuer und Wasser - Elemente in Szene setzen
HDR-Fotografie gigantischer Tonwertumfang
Aktfotografie - Stilvolle Körperbilder
Hannert all Kapitel ass en Index wou een Stechwuertartech eppes fannen kann.
Bei der Fotoschoul stin och bei all Bild d'EXIF-Daten dobai, waat och ganz netzlech kann sin.
An et ass schéin gemach mat villen Biller an einfach erklärt. Dh sou Leit wei ech kucken dann och nach heiansdo gären dran.
http://www.amazon.de/Photoshop-CS3-Fotos...34779750&sr=8-1
|
|
16.02.2009 11:54 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech sin jo grad amgang en Essay ze schreiwen an dem et iwwer d'Fotografie geet, an eent vun den Bicher déi ech nees gelies hun as 'On Photography' vum Susan Sontag. Den éischten Deel, 'In Plato's Cave' as nawell zimmlech accessibel an ech géif jidderengem uroden deen eemol ze liesen, well en, virun allem Fotografen, dorun erënnert wat Fotoen alles bewierken, an wisou mer se maachen oder kucken.
'In Plato's Cave' kann een online liesen, hei (PDF) oder op Däitsch hei.
Déi wou dann op den Gout kommen kënnen sech jo 'On Photography' oder "Über Fotografie" zouleen. Den Roland Barthes huet och en Buch wat sech mat ähnlechen Konzepter befaast geschriwwen, 'Camera Lucida' oder am orignal op Franséisch <<La chambre claire>>.
__________________ www.gloda.net
|
|
27.02.2009 23:55 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech well all denen Leit villmols Merci soen déi den Owend um Workshop waren. Awer eppes hun ech nach vergiess. Et ass jo praktesch onméigelech an enger sou begrenzter Zeit all Aspekter vun der HDR Photographie an dem Tonemapping ze behandlen. Vieleicht kéint een jo irgendwann een Workshop mam Thema "HDR für Fortgeschrittene" machen wou een dann nach iwert daat eraus geht waat mir haut schon alles gesin hun. Ech gief awer denen Leit, déi sech wirklech fir d'Thema HDR LDR an DRI interesséieren een Buch ganz besonneg und Herz leen, an daat ass daat folgend:
Das HDRI-Handbuch
Christian Bloch
ISBN 978-3-89864-430-3
Daat ass eng richteg Bibel zum Thema HDR.
|
|
16.07.2009 22:41 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
do wier ech direkt dobai ;-)
ech hun awer och haut nach e puer detailer gesin déi mer sou vlait nach nët bewosst waren
gudden workshop!
|
|
16.07.2009 23:15 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Ech perseinlech fannen et haut des dags bessen schuet dass an sech all buch wou een iwert fotografie keeft sech plus plinus 75 % oder mei mat photoshop befasst an nemmen 25 % oder manner mat fotografeiren .
Photoshop huet an sech neischt mat Fotografie ze dinn (also lo streng gehol )
Dofir fir all dei pervers ennert en klengen link zu online bicher anno 1800 am Tubak
)))
Daat ass hardcore
))
best collection of dusty books old
Zesummen gedroen vum Rui M Leal deen verschiedener vun eis missten kennen vue dass en eng zeit zu Letz war
Vill spass domat
))
|
|
20.07.2009 15:14 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
D'Dunkelkammer dann wuel och net. Daat waat een haut mam Photoshop mecht huet een soss an der Dunkelkammer gemeet (an get och nach haut gemeet).
c.f. Ansel Adams & Co.
(Flotten an interessanten Link awer
) |
Do ginn ech der vollkommen recht dass den photoshop dei modern dunkelkammer ass
Mee waat ech domat wollt soen ass dass dei meescht leit haut mengen dass wann een photoshop beherrscht dass een dann och fotografeiren kann. Daat stemmt nämlech net
An der vergangenheet war et mol sou dass Leit ungefangen hun mat knipsen, an deemnowei wei se motiveiert waaren, hun se ungefangen hier filmer selwer ze entweckelen.
Haut spillen dei meescht sust nach am PS rondrem an hun vum knipsen keng ahnung.
(daat trefft natierlech net op all mensch zou awer leider op en groussen deel)
|
|
20.07.2009 17:13 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Jo, ech hat daat och an dem Stil opgeholl, wollt awer mengem gudden "Kolleg" Photoshop e bessi Partie haalen....
|
|
20.07.2009 18:57 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von Shantideva
Jo, ech hat daat och an dem Stil opgeholl, wollt awer mengem gudden "Kolleg" Photoshop e bessi Partie haalen....
|
hehehehe
)) Dann ass et gut
Mee photoshop ass trotzdem eng geil erfindung
Et ass jo net sou wei wann ech en net geif benotzen
An Lightroom
|
|
20.07.2009 19:00 |
|
|
|