gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech sin amgang vill Fotoen fir eisen Scoutssite, www.lgspeiteng.com ze verklengeren an ze kompriméieren. Dobäi as mer opgefall, dass vill von den Fotoen, déi ech bei enger macimaler Dimensioun vun 720px an enger Kompressioun vun 20 späicheren, iwwer 200kB grouss sin. Dat kënnt mer dach zimmlech ongewéinlech fir. Ech hun mol en Test gemach, wann ech se nom resize net méi schärfen huelen se direkt nëmmen nach ronn 150kB ewech.
Zum Verglach: ALL méng Fotoen op Photogen sin 640px maximal, an se sin all ëm déi 150kB, mee bei wäitem net sou kompriméiert.
Kann et sin dass d'Schäerfen wierklech esou en Ënnerscheed fir d'JPEG Kompressioun mëcht? Huet soss schon een emol esou eppes bemierkt?
__________________ www.gloda.net
|
|