Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Heliopan Filtere si genee dat selwecht Glas wéi B+W, awer méi bëlleg
Ech schaffe scho laang mat ND Filter, an hat nach ëmmer dat stärkst wat ee sou krut, dat ass en 1000x, respektiv en ND 3,0. Domat kann ee schéi laang beliichten, an trotzdem muss ech, wann et hell ass, alt nach d'Blend kleng maache fir op déi Zäit ze kommen déi ech wëll, géif also nimools duergoen mat engem méi schwaachen.
Klengen Tipp wanns de souee keefs an herno Fotoe mëss: Schaarf stellen ass do bësse schwéier wells de duerch de Sucher quasi näischt gesäis, den AF mécht do guer näischt méi a manuelle Fokus ass och schwéier. D'Method déi ee soss ëmmer gesot krut mat Filter rofhuele, schaarf stellen, drop schrauwen an dann knipsen ass relativ nerveg - hei kënnt de Liveview extrem gutt! Mam Filter, Liveview aktivéieren, razoomen an dann manuell schaarf stellen: Klappt immens gutt a séier.
__________________ 404 - Not found
|
|