CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Wéi eng Software hues de benotzt fir den Panorama zesummenzesetzen?
Link op d'Foto firdrun & duerno?
Ech loossen bei mengen meeschtens den Enblend driwer laafen, mee hun ganz selten och einfach en bloën Verlaaf (50% Opacity) iwert mein Himmel gesaat wann den Enblend net duergaang ass - daat fonktionnéiert natiirlech just wann den Himmel souwiesou schon perfekt blo ass an ouni Wollecken.
(Also wann ech mech richteg erënneren kann hun ech eng Kéier d'Farw gewielt uewen am Himmel an eng Kéier d'Farw gewielt ennen am Himmel, beid fir en Verlaaf benotzt an engem eidelen Layer sou dass just den ieweschten Deel vun der Original-Foto couvréiert ass, an dann deen Layer mat 50% Opacity firun den Original gesaat)
Mee daat wichtegst ass menger Meenung no en ordentlechen Objektiv deen keen Vignetting produzéiert, respektiv wann een do naischt änneren kann dann zumindest net onbedengt den Objektiv am Wide-Angle benotzen wou den Vignetting meeschtens am ausgeprägtesten ass.
Ech hun e groussen Ennerscheed gemierkt wi ech vun menger 18-55mm Kit-Lens op den 24-70 emgestiegen sin, an d'Resultat bei deem ass quasi emmer och besser mat 70mm wéi mat 24 (daat heescht manner problematesch ze stitchen well och manner Distortioun an Parallax-Fehleren wann ee keen Panorama-Head benotzt).
|
|
25.03.2006 10:11 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
Themenstarter
|
|
|
25.03.2006 10:21 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Ahjo, nach eng aner Iddi: verschidden Leit op Forumen hun iwer Problemer bericht wann se automatesch Toolen iwert hier Panoramaën laafen gelooss hun an hier Originaldateien just 8-bit (also JPEG) waren, firun allem "Banding" am Himmel.
Ech hun eigentlech emmer en 16-bit Workflow, schaffen also mat TIF-Files fir meng Panoramaën. (Mam Resultat daat ech tonneweisi Hard-Disken (muss) hun
)
|
|
25.03.2006 10:31 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
Themenstarter
|
|
|
25.03.2006 10:32 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Ech haat mer daat elo schlëmmer firgestallt no denger éichter Beschreiwung.
Fir mech ass den Test bei engem Panorama-Himmel emmer: wéi geseit et am klengen aus (do fallen engem d'Farwennerscheeder besser op), an wéi geseit et aus während ech scrollen (komescherweis ass daat och di beschten Method di ech fonnt hun fir Stëppskären ze sichen).
An effektiv, do gin et Problemer bei dengem "before" - mee dee "before" ass jo awer schon nodeems de manuell mam Patch an Healing Brush korrigéiert hues, oder? Hues de och en "before before"?
Di puer Kéieren wou ech Photomerge getest hun war ech relativ onzefridden dermat - Panotools ass net perfekt, mee ech hun mech elo dru gewinnt, also ass et mettlerweil "never change a running system"
Ech wellt just den Memory management vun PT an vun Windows wier besser, well hun hei een circa 700 Megapixel-Panorama deen ech nach muss an enger finaler Versioun zesummensetzen, mee wou en net mi eenz get. :-(
|
|
25.03.2006 11:45 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Also Panotools un sech kascht naischt, an den PTAssembler ass 39$, an denken daat ass en duerchaus wert; well den Typ deen sech drëm bekëmmert daat schon joërelang mecht, emmer am Forum disponibel ass fir ze hëllefen, etc.
|
|
25.03.2006 13:13 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
Themenstarter
|
|
Jo ok en as et waert mee ech hun na keen visa
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
25.03.2006 13:14 |
|
|
|