Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Waat fir "Zousatzbearbechtungsprogrammer"? |
|
Et ass mir obgefall daß bei den Kommentaren vun den Fotoen nach ganz vill Zousatzfotosbearbechtungsprogrammer genannt gin, well heeschen, daß deen een oder aneren sein Programm huet wou en "normalerweis" domadder schafft, sief daat elo PS, Aperture, NX2, ...... etc an do nach verschidden aner Programmer dran intégreiert oder neirwenbei huet...
Soubaal dann do nees een Num fällt gin ech mir daat dann och meeschtens unkucken, mee ech sin secher do gin et der nach mei.
Evtl keinnt een dei emol eng Keier obzielen, waat een domadder kann maachen, waat se ± kaschten, ob se fir ob Mac ode PC sin etc etc.
Als Beispill:
- Photomatix fir HDR ze erstellen, Mac an PC, ± 75€, www.photomatix.de
- Color Effex Pro, Programm fir Filteren iwwer Foto ze léen, 52 Filteren mat mei wei 250
Effekter, leist sech an PS, Lightroom, Aperture an NX2 intégreieren, ± 139-299€,
www.niksoftware.de
- Sharpener Pro, Programm fir Biller ze schärfen, leist sech an PS an Aperture intégreieren,
± 200€, www.niksoftware.de
Waat haal Dier vun der Idee ?
Voilà , wann een Fehler sollt dran stin kann een mech gäeren korrigeieren.
Bei der selwechter Geléenheit weillt ech dann och no engem Panorama Programm sichen fir ob Mac.....!
__________________ Laurent
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Laurent76 am 05.03.2010 14:33.
|
|
05.03.2010 14:26 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ptgui ass e gudden pano-programm, gët et als standalone (wat ech recommandéiren) oder als plugin fir ps
souvill programmen gin et der dann och rëm nët, notamment wann se sollen gutt sin
|
|
05.03.2010 16:41 |
|
|
ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
|
|
Dfine vun Nik software ass gaz gudd, respektiv d'Alternative Noise Ninja, fir d'Reduktioun vun ISO Rauschen. Ganz empfehlenswärt bei héigen ISO Fotoen.
ColorEfex vun Nik ass och ganz OK wanns de schnell en Effekt, wells dra brengen, di kanns de awer och all am Photoshop maachen, well den ColorEfex ass net grad geschenkt, a fir dee Präis kriss de vill Bicher iwwer Photoshop di der och soen wéi et geet. Beim ColorEfex sin der vill net richteg ze gebrauchen, aanerer sin net vill mi schwéier am PS, an e puer sin der wierklech net schlecht. Als Alternativ vun Colorefex get et nach vun OnOne Software, mee och net geschenkt.
Fir HDR benotzen ech den Photomatix als plugin, deen fannen ech zimmlech gudd.
Sharpener Programmer fannen ech perséinlech un sech Blödsinn, well Photoshop respektiv Aperture hir Aufgabe gudd genug maachen.
|
|
05.03.2010 23:18 |
|
|
|