Shantideva unregistriert
|
|
Kommerziellen Fotokontrakt |
|
Gudde Metteg Alleguer,
Ech wollt wessen ob ennert Ierch vieleicht Leit sin déi schon een Kontrakt oofgeschloss hun fir hier Fotoen kommerziell zur Verfügung ze stellen. Ech sin geschter vun enger Agence ugeschriwen gin déi verschiddener vun mengen Fotoen wellen vermarkten. Si schaffen Haaptsächlech mat der Bicherindustrie, der Musiksindustrie an der Filmindustrie zesummen. Sou sollen eventuell verschidden Biller fir Coveren vun Bicher an CD sou wéi och Plakater fir Filmer benotzt gin. De Problem ass awer dass ech jo och sou meng Fotoen schon privat
verkaafen an ech mir net secher sin ob ech mech do net an eppes gief anlossen waat mir méi schued wéi gudd mecht. Déi Agentur huet zwar gemengt dass ech meng Fotoen och niewenlaanscht nach kann weider verkaafen well daat een ganz aaneren Marché wier an et do net zu Konflikter gief kommen waat d'Lizensen ubelaangt. Een aaneren Problem ass och dass ech do soll een Kontrakt vun 3 Joer ennerschreiwen. Hei ass mol den Site:
http://www.arcangel-images.com
Et sin jo och Profien hei um Site déi mir vieleicht e bessi kennen weiderhellefen. Sin ob jiddefall fir all Äntwert dankbar.
Shantideva
|
|
24.01.2009 16:40 |
|
|
Ali unregistriert
|
|
RE: Kommerziellen Fotokontrakt |
|
Ech waar mier den Link ukucken, geséit aus wéi wann daat éng Banque d'Images wier. Géing also effektiv oppassen waat se matt déngen fotoen welles hun. Weess nett op ech dier heimadden vill hellefen, mee emfro déch vléicht bei www.luxorr.lu
Ech waar t'lescht Joer op énger Konferen iwwer droits d'auteur hei am Land an do waaren déi och präsent an konnten zumindest gutt Rootschléi gin.
|
|
24.01.2009 22:39 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Merci dir 2. Et ass eng Banque d'Images awer et soll anscheinend just déi beschten Qualitéit zu korrekten Preiser verkaaf gin. Waat si sech elo ennert engem korrekten Preis virstellen wees ech och net. Ech hun op jiddefall 5 MB Dokumentatioun kritt. Dozou gehéiert och eng Model Release, genau Uleedungen wéi ech virgoen soll, Keywordlëschten fir d'Fotoen ze taggen an eng genau Beschreiwung vum Betrieb selwer. Fir Fotoen kennen do eropzelueden muss een als eischt e puer kleng Versiounen per Email schecken. Si stemmen dann doriwer oof an schecken engem dann déi Fotoen zereck déi een kann eroplueden. Eroplueden därf een och just Dateien (per FTP) déi ganz heischopléisend sin an praktesch keng JPG Kompressioun hun. D'Dateien sollen zweschend 10 and 50 MB hun. Et geseit sou aus wéi wann daat een seriösen Betrieb wier awer ech hun eben meng Bedenken mat denen 3 Joer Kontrakt. Deen Kontrakt muss een Handschreftlech ausfellen, ennerschreiwen an per Post un si zereckschecken. Si justifiéren daat domat dass sie och vis-à -vis vun hieren Clienten een Qualitéitsservice wellen bidden an net wellen d'Risiko agoen dass während enger Transaktioun een Fotograf sech einfach zereck zitt.
Hei ass mol waat si nach schreiwen:
"If I join Arcangel, can I continue to sell prints of my work?
Yes you can. You can continue to sell prints both online and
through galleries, exhibitions etc...
The print and collectors market is very different to the market
we operate in. We specialise in licensing your images to
businesses not to individuals or the general public."
Jo, an dann nach dat heiten:
"Can I withdraw my images from the library whenever
I want or cancel the contract before the three year period?
No. There are various reasons for this. In order for our
collection to maintain a level of consistency, we must
ensure that we are not constantly removing images.
Many of our clients work on high profile projects, some
of these can go on for months. During that time if an image
is going through the approval process and the client finally
get’s full approval only to find that the image has been
pulled from the collection early, they would then have to start
all over again.
"
@BlackPanther: Merci fir den Link, daat geseit ganz interessant aus. :-)
@Ali: Merci fir den Link, ech woust mol net dass et sou een Site fir Lëtzebuerg et.
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 25.01.2009 08:27.
|
|
25.01.2009 08:19 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
|
25.01.2009 16:56 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Merci, ech kucken mir daat och mol duerch. An Zweschenzeit hun ech dann och mol eng äntwert kritt op meng Nofroo iwert den Firwaat an Wéivill:
"
After looking over your website
i think your work would go down extremely well with our clients.
Many clients come to us for images of derelict and abandoned buildings
and structures. If you look at some of our photographers, such as Dave Wall,
Tom Motts and Tony Worobiec you will see some of the work we hold.
These types of images are very popular in the international book cover
market, where we sell images to on a daily basis.
...
Our fees are based on how the images are used, so print runs, country, size,
placement, duration, exclusivity issues etc...all come into play when a price
is negotiated with the client. We are the upper end of the stock industry,
so we will always try to negotiate the best price possible without overpricing
the client. Book covers can range from a few hundred Euros to 1500+ Euros for major
print runs and multiple territories.
"
Daat klengt jo mol interessant. Ech denken ech kontaktéieren einfach och mol den een oder aaneren vun den Artisten fir een Feedback.
Merci!
|
|
26.01.2009 10:35 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Saluti,
eng Propose:
falls daat doten konkret soll gin, kann ech jo en Kollesch froen, ob hien den Kontrakt mol durchliesen kann, well hier schafft hei am Ländchen um Gericht an kennt sech mat esou Sachen aus.
Kann Dier neischt verspriechen, mais et kann jo net schueden
|
|
26.01.2009 13:29 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Merci fir deng Propose. Ech hun mir den Kontrakt nach eng Kéier gudd durchgelies an och ennerschriwen. Muer schecken ech en eraus an dann kréien ech eng ennerschriwen Kopie erem. Domat hun ech mech nach zu neischt Verpflicht sou lang ech hinen nach keng Foto zur Verfügung gestallt hun. Ech hun mech och e bessi emgekuckt an kann neischt Negatives iwert deen Betrieb fannen. Ech gin awer gären op deng Propose an wanns du daat arrangéiert kriss. Merci!
|
|
26.01.2009 22:05 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Ok ech froen hien emol op en Zäit huet, an mir den Gefallen machen kann....
|
|
27.01.2009 09:51 |
|
|
|