Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Projet Virstellungen » ech sichen ganz vill verschidden(!) Leit fir mäi Photosprojet: looking_my_best » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen ech sichen ganz vill verschidden(!) Leit fir mäi Photosprojet: looking_my_best  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
trf trf ist männlich
Grünschnabel


Dabei seit: 15.11.2009
Beiträge: 1

ech sichen ganz vill verschidden(!) Leit fir mäi Photosprojet: looking_my_best Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hallo,

ech sichen erem vill verschidden leit fir mäin Photosprojet looking_my_best. Ech hat dat Ganzt am Abrell ugefaang an d'Resultat wor och ganz flott. Allerdéngs woren déi 26 Leit awer nett esou reprÄsentativ. Dat heescht, ech sichen VILL méi Leit a virun allem vill méi VERSCHIDDE leit, fir datt de Projet méi diversifiéiert gett.

Et wir och schéin wann Leit géinge mattmaachen, déi net d'Modelmoossen hunn. Also gär e bessi méi ronn, och méi al ass wellkomm.

Hei eng Beschreiwung vum Projet:

D’Idee

Bei „looking_my_best“ geet et ëm d'Subjektivitéit vun der Schéinheet, also dorëms, datt et net nëmmen eng universal Schéinheet gëtt, déi fir jidfereen gëllt, mee datt et u sech ganz vill verschidden Schéinheete gëtt, déi vum jeweilege Betruechter respektiv der jeweileger Persoun selwer oofhänken.

An dësem Projet geet et also vill iwwert engem säin eegenen Selfimage. Dat heescht: Wéi gesinn ech mech selwer? Wéi fannen ech mech attraktiv? Fannen ech mech iwwerhaapt attraktiv? Wéi wëll ech op méng Emwelt wirken?

Wat gëtt gesicht?

Ech sichen virun allem gemëschte Leit, männlech, weiblech vun ganz dënn bis ganz déck, vu jonk bis al, vu bleech bis brong, e bessi vun allem eben.

Eenzeg conditioun... 16 joer oder méi al. Fir Leit déi ënnert 18 Joer al sinn, mussen d’Elteren matt ënnerschreiwen an et muss een Elterendeel mattkommen op de Shooting.

Dir sollt iech also esou undoen an stylen, wéi dir mengt, datt dir am Attraktivsten sidd. Dat kann also vun total ongestyled bis ganz gestyled, vu plaakeg, iwwert "normal" Kleedung bis ganz chic, wéi och ëmmer. Einfach esou wéi dir iech am Attraktivsten fannt.

De Shooting:

Virum Shooting, ënnerschreiwe mir zesummen e Model release, dat ass e contract, deen d'Rechter un de Biller reegelt.

D'Fotoe gi virun engem hellen neutralen Hannergrond gemaach an et ginn Ganzkierperportraite gemaach, also vu Kapp bis Fouss. D'Beliichtung ass ganz neutral a flächech, esou datt een sech nëmmen op dat Wichtegst konzentréiert: de Model. Ech gi kéng Uweisungen, wéi ee soll posen; dat ass dem Model selwer iwwerlooss. De Model kann a soll also esou posen wéi e wëll. U sech ass et eischter eng Dokumentatioun. Dat heescht, ech dirigéieren nett, ech maachen keng Mise en Scene. Ech stelle just de Kader an maachen dann d'Fotoen.

Dat Ganzt kann a 5 Minute fäerdeg sinn, mee et kann och e bessi méi laang daueren. Et hänkt e bessi dovun of, wéi gutt mir weiderkommen. Mee de Maximum ass 15 Minuten pro Persoun.


Wou a wéini?

D’Fotoe ginn am CarréRotondes an der Stad gemaach an zwar an der Period tëschent dem 11. Dezember 2009 an dem 23. Dezember 2009.

Umellen a reservéieren:

Dir kënnt iech umellen an och schon e RDV festleeën andeems op www.lookingmybest.info/join.html gitt.


Wat kritt dir?

Ech kann iech leider näischt bezuelen mee jidfereen dee mattmëcht kritt eng Foto op Pabeier (+/- 20x30cm) an eng CD matt enger Selectioun vun de Fotoen.

Souwuel d'CD, wéi och d'Foto kritt Dir net direkt matt, mee erreicht nodeems den Projet offiziel an ëffentlech virgestallt ginn ass.


Wat musst dir soss nach wëssen?

D’Ziel vum Shooting ass eng Expositioun, respektiv eng Publicatioun. Do steet awer momentan nach näischt fest.

Wann nach iergendwelch Froen sinn, oder wann dir interesséiert sidd mellt Iech bei mir:

info@lookingmybest.info

Weider Infoen an déi éischt Fotoen op: www.lookingmybest.info
15.11.2009 16:44 trf ist offline E-Mail an trf senden Homepage von trf Beiträge von trf suchen Nehmen Sie trf in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Projet Virstellungen » ech sichen ganz vill verschidden(!) Leit fir mäi Photosprojet: looking_my_best

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH