Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
|
|
Motivatioun fir Ufänger: Ët muss nët deier sin... |
|
... oder wéi ee mat engem Handy/klenge Fotoapparat och schéi Foto'ë mécht.
Dës Foto'ën sollen Ufänger uregen an och beweisen, datt ët nët nëmmen deen deieren
Fotoapparat ass, dee gutt Foto'ë mécht, mä datt d'A daat wichtegst Wierkzeug ass.
De Fotoapparat ass schons méi nëmmen en Accessoire, deen dem A vum Fotograféierenden
ët erméiglecht daat wat ët gesin huet ze materialiséieren an ët duerno och kënnen
ze weisen.
Wat ech hei wëll zum Ausdrock bréngen ass, datt een och mat manner finanzielle Moyen'ën
sech de Spaass um Knipsen nët doduerch soll verdiewen, datt ee mengt, ët misst een elo och
dee superdeieren Apparat do hunn, deen engem ët géing erméiglechen, fir grad esou schéi
Foto'ën kënnen ze maachen, ewéi déi, déi een dës läscht an dëser oder jener Fotoillustréierter
gesinn hat.
Besonnesch en Ufänger léisst sech heiansdo dovunner beandrocken, wann ee méi bekannte Profi
oder Amateur erëm esou eng super Foto gemeet huet. Ët ass seier eriwwer mat der Freed um Hobby,
wann een eng Fixette do drop mëcht amplaz ët einfach mat engem méi klengen Apparat ze probéieren.
Éischtens gesäit ee un esou enger Héichglanzfoto meeschtens nët wéivill Zäit dee Profi dann och
do gebraucht huet, fir séng Super-Foto ze maachen, well do geet ët meeschtens nët mat engem
schnellen "Ratsch-Klick" duer, sondern ët kënne schon ganz Deeg duerfir gebraucht gi sin. En
einfachen Amateur huet am Ufank awer nët ëmmer esou eng Engelsgedold, fir vläit nëmmen eng
eenzeg Foto ze maachen.
Ët ass natierlech évident, datt ee mat engem méi deiere Geschier och eng besser Kalitéit ka
produzéieren, och ass ët dacks esou, datt manner deier Apparaten e schlechteren Handling kënnen
hun an eben einfach nët esou eng héich Leeschtung kënnen erbréngen.
Fotograféieren soll ursprénglech haaptsächlech Spaass maachen, wouwéinst een, deen domadder
ufänkt fir d'éischt sollt versichen erauszefannen, waat en am léiwste wëllt fotograféieren, an
sech duerno eréischt dat passend Material eraussicht. Bis dohin kann ee roueg och mat engem
manner opwendegen Apparat, sief ët esouguer einfach séngem Handy Spaass um Knipsen hun an
éischt Erfarungen maachen.
Ët leiert een nët vill bäi wäerend däer Zäit, wou ee viru Vitrinen hin an hier leeft, de
Portmonni op an zou mécht a sëch schuddert wéinst deene ville Suen, déi een egal ewéi awer nët
onbedéngt muss hiergin, wann ee bis weess waat ee braucht an ët fäerdeg bréngt sech op eng
Saach ze limitéieren, déi een duerno dann och an de Grëff ka kréien.
Ët sollt ee sech vläit esou, oder esou änlech Fro'ë stelle, fir sëch nët herno mat engem Monster
vun Apparat ënnert dem Chrëschtbeemchen erëm ze fannen, deen esou eng dëck Bedienungsanleitung huet,
datt een no 3 Deeg schons 30 gro Hoer bäi krut.
P.S.: Méng Beispill-Foto'ë si mat engem Foto-Bearbechtungs-Programm verschafft gin !
PRO: Ët kann ee méi seier Erfarunge sammelen mat manner groussem Geld-Opwand.
CONTRA: Ët huet een evtl. e schlechteren Handling (bedienungsonfrëndlechen Apparat, wou ee muss
vill kniwwelen an sëch duerch Menüer duerch-schlängelen), wou een also och Gedold brauch, evtl.
riskéiert d'Flemm ze kréien, well dee Material nët daat mecht oder kann, waat ee wëllt...!
Beispillfoto'ën:
«Le Lac d'Ailette» mam Handy
Strong Sunrise
Kilroy1313 hat dieses Bild angehängt:
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Kilroy1313 am 08.12.2009 23:06.
|
|
08.12.2009 23:05 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
d' iddi esou ee post opzeman as immens gudd, mee deen trakter an deen iwwerschaffte sonnenennergang sin elo net grad gudd fotoen. wann den effekt as "asou, an DAT as mat engem handy gemach?" dann as d'beispill gudd. déi fotoe beim séi sin du scho besser.
hei as och nach e gudd beispill: lilou.photogen.lu .... déi fotoe si quasi alleguer mam handy gemach.
wier gespant ob sech nach photogenisten als handy-fotograf oute giffen.
__________________
|
|
09.12.2009 12:24 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Fréier (virun e puer Joer) huet een fier 100 Euro en SLR-Film-Boitier mat 50/1:1.8 Objektiv kritt. Domat war ee vum technesche Standpunkt quasi perfekt ageriicht.
Haut klappt dat nët méi esou richteg. Oder gin et um Occasiounsmarché DSLRen an där Preiskategorie? Do läit vläit de Problem fier den Einsteiger. Richteg bellescht a gudd Material get et an dësem Beräich nët.
|
|
09.12.2009 12:42 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
fotografie as mat luucht molen. dat geet coh mat engem handy. handy-fotos si cool
__________________
|
|
09.12.2009 17:57 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
ouni lo laang gesicht ze hun, eng gebrauchten 300D get et ab 200 euro (waat da kritt ee vir bessen mer och eng nei)
nei kameran gin et vir ähnlech praisser:
sony A230 : 330 euro
Olympus E 450 : 380 euro
nikon D3000 : 400 euro
canon 1000D 420 euro
(jeweils mat Objektiv)
eng eierbar kompakt kascht och net dramatesch manner
a vill Leit hun handien dei kaschen mei....
|
|
09.12.2009 18:02 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
btw.
mat enger Döschewo kënt éen de Bierg och rop, do brauch éen kée BMW oder Mercedes,
virun allem am Wanter
|
|
10.12.2009 08:02 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
An trotzdem kënnt et herno och immens vill op de Chauffeur un ...
__________________ 404 - Not found
|
|
10.12.2009 09:30 |
|
|
|