Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
|
|
Salut,
Folgendes:
Ech géif gär iwwert e puer Stonnen ewech Fotoen all sou an souvill Sekonnen maachen (ass do Zäitraffer de richtegen Äusdrock?) fir den Opbau vun enger Concertsbühn an de Publikum deen an de Sall kënnt ze machen.
Ech schaffen mat enger Canon 5D MKII
Kann ee mer soen waat do déi eleganst an effektivst Léisung ass wann ech déi Fotoen net wëll manuell machen?
Merci alt schon am Viräus...
Dan
|
|
30.12.2009 20:00 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Fernsteierung oder Software.
Et get eng Fernsteierung op gadgetinfinity.com fir 5D Uschlëss mat villen sou Adtellungen déi ech mer vläit eemol zouleen. Ech meneg Canon huet och eng mat Intervalometer (sou heescht dat wat s de wëlls maachen), mee déi as vill méi deier.
Vu Software weess ech net op DSLR Remote Pro nach weider entwéckelt gët, mee déi hätt den Job gemaach.
Oder du kanns der fir den iPhone/iPod Touch den OnOne DSLR Remote installéieren. Dofir muss de awer bannent Räichwäit vun engem WiFi Réseau sin. Ech hun d'Intervalometerfunktioun vun deem Programm och nach net getest, just déi normal Aktivatioun.
__________________ www.gloda.net
|
|
30.12.2009 20:04 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
Bei menger D300 hun ech eng Funktioun bei der ech anstellen kann all wéivill "zaiteenheet" hien eng Foto soll machen. Beispillsweis mecht hien dann all Stonn oder all 5 Stonnen oder all 2 Minuten Respektiv all 30 Sekonnen eng Foto. Kann een no belieben anstellen. Misst et dach och bei der Mk5 gin?
|
|
30.12.2009 21:19 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
Themenstarter
|
|
Ech denken ech hunn eng Léisung fonnt, well Canon déi Funktioun bei hiren DSRL effektiv net huet.
Hei ass wat ech mir elo bestallt hunn a probéieren wäert:
Kaiser Kabel-Fernauslöser mit Intervallsteuerung Twin1 ISR iC
Ech hunn deen Tipp och an enger Zeitung fonnt, an do krut déi Léisung ganz gutt Kritiken... mol kucken wéi et an der Praxis ausgesäit.
Merci awer op alle Fall mol fir är Äntwerten!
|
|
31.12.2009 08:59 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
ma da wëschen ëch dir lo schons vill Spaass domadder
mais pass awer op, nët dat hernoter den
Kaiser Kabel-Fernauslöser mit Intervallsteuerung Twin1 ISR iC
nëmme mei leng do leit an deng 5D2 hops as
|
|
31.12.2009 09:02 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
|
31.12.2009 10:38 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
@pol: haha dain läschten Link weisst do eppes zimlech geniales!!!!! DAAT get probeiert wann ech nees doheem sin!wosst dach dass meng V200 och Fotoen kiint man! (wann ech lo na rausfannen wei een sech Kaffi dermat maachen kann...)
get getest...an mengen @Dan dass dSoftware-Leisung (mam Laptop derneewt) wascheinlech dei einfachst as...
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
31.12.2009 11:42 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
Themenstarter
|
|
Merci fir är Tipps.
Huet eng Software dann iergendwellech Virdeeler vis-à -vis engem Intervalläusléiser wéi z.B. deen, deen ech genannt hunn?
|
|
31.12.2009 13:14 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@Dan, de Virdeel vun der Software as dass de kanns d'Fotoen direkt op den HardDisk vum Computer späicheren loossen, an dass de e groussen Preview um Bildschirm hues an dass de kanns Astellungen wéi Fokus, Blend, Beliichtungszäit etc à distance steieren.
Fir d'Zäitrafferfunktioun kanns de der jo ausrechnen:
Gesamtzäit / Intervall * Fichiersgréisst
a kucken ob dat op déng Späicherkaart passt. Wann jo, bréngt der d'Software fir dëst konkret Beispill méi Nodeeler wells de muss en Computer un den Fotoapparat hänken.
__________________ www.gloda.net
|
|
31.12.2009 13:52 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
ech mengen dee greissten virdeel vun der software ass, daat wanns de et nemmen emol brauchs kascht et guer naischt ;-)
|
|
31.12.2009 13:55 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
Themenstarter
|
|
Ok déi Argumenter liichte mer an!
Op meng Späicherkaart passen d'Fotoen, dohier kee Problem mat der Plaatz.
Am Noutfall kann ech d'Kaart och wiesselen!
Mam der Software hunn ech eventuell an dësem Fall e Problem, well ech mam Laptop einfach manner flexibel sinn wat d'Plazéiren vum "Geschier" ugeet...
An ech denken déi Art vu Fotoen muss ech dëst Joer e puer mol méi oft maachen well den Atelier säi 15ten Gebuertsdag feiert...
|
|
31.12.2009 15:30 |
|
|
|