Pit
Mitglied
Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36
|
|
Ech war elo an den USA, an do sinn ech op interessant Offeren gestouss. Do gëtt et Fotosgeschäfter, déi Material op den Dag, pur Deeg oder op d'Woch verléinen. An dat mol net all ze deier. Sou kann een z.B. en 11-24mm Canon L Objektiv fir zirka 30 Dollar/Dag lounen. Wann een bedenkt, dat sou eng Lëns bal 3000 Euro kascht, an déi mol ausprobéieren well, dann ass dat eng gutt Saach. Och wann een mol eppes well fotograféieren, wat net alldeeglech ass, an en speziellt Objektiv nëmmen 2 oder 3 Deeg brauch, ass dat flott, wann een dann net esou eng Lëns direkt kafen muss.
Weess een zoufälleg, ob et an Lëtzebuerg oder Ëmgéigend esou eng Méiglechkeet hei gëtt.
Wann net, wär et dann net vielleicht eng Iddi, sou eppes iwwert den Veräin ze organiséieren ? Dat wär och dann flott, wann een sech en Objektiv zouleeën well, sech awer net onbedéngt sécher ass, an dat virdrun kuerz testen wëllt. Natierlech misst een kucken, wéi een sou eppes dann organiséieren an versécheren muss. Et ass elo net esou, dat ech direkt eppes sichen, mee d'Iddi an sech fannen ech net sou schlecht
|
|
23.06.2016 10:13 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Jo, d'Idee fannen ech och ganz gutt, mais... et ass wéi emmer et wärt drun scheiteren, dass wann et iwert den Verein leeft daat ganzt net kann "professionell" gemach gin, an Du wees jo, et gett net lauter seriös Leit, mais och en ganzen Koup Idi...mat denens Du herno deck geheit bass, well et vir an hannen net klappt !
Menger Meenung noo geet daat nemmen hei um Site op enger Vertrauensbasis wann een deen aaneren kennt, an dann nach...?
|
|
25.06.2016 18:25 |
|
|
Pit
Mitglied
Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36
Themenstarter
|
|
Jo, dat denken ech och....
Ech hunn awer an Daitschland och en pur Siten fond, wou dat geet...
|
|
25.06.2016 18:29 |
|
|
Paul-H
Grünschnabel
Dabei seit: 19.07.2012
Beiträge: 7
|
|
Also, den Mirgain an der Staat mecht daat och mee seng Präisser, besonnesch d'Kautiounen sen exorbitant héich.
|
|
25.06.2016 19:59 |
|
|
gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Jo, daat ass jo e gutt Beispill wéi déi Professionell sech ofsecheren.
|
|
26.06.2016 17:11 |
|
|
pixelman10 unregistriert
|
|
|
01.07.2016 10:22 |
|
|
|