Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
|
|
en neit Objektiv & Stativ |
|
Hallo där léiw Leit,
ech hunn eng D90 an 2 Objektiver: mäin "Immerdrauf", een Nikkor 18-105 (Kit-Objektiv), an en Nikkor 50mm Festbrennwäit.
Ech géif mer gäeren een neien, liichtstarken "Allrounder" matt manner Zoomëmpfang kafen, deen (entweder matt oder ouni Lënsen) eventuell makrofäheg wier.
Opgefall ass mer de Sigma 17-70mm F2,8-4,0 DC Makro OS HSM oder den SIGMA 17-50 mm F2,8 EX DC OS HSM Objektiv, allerdings ass deen e Stéck méi deier an net direkt makrofäheg.
Huet een eent vun denen Objektiver? Zefridden/Onzefridden? Kennt een nach Alternativen?
Ausserdem: Ech wëll mer endlech een egent Stativ kafen. Hunn zwar heiheem emmer Zougrëff op méngem Papp säint, hätt awer gäer een eegent fir matt op Freiburg & op Reesen. Et sollt handlech an trotzdem stabil sinn. Op wat muss ech oppassen? Huet iergendeen do gudd/schlecht Erfahrunge gemaach?
Wier frou iwwer all Tipp.
Merci,
Gwendoline
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gwendoline am 12.04.2012 15:35.
|
|
12.04.2012 15:11 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Bei Objektiver géif ech mer näischt méi kafen wou d'Blend net op mannst bis 2.8 op geet, virun allem wells de jo awer och Portraiten mëss. Déi 2 Grënn sinn dats de mol éischtens vill méi onofhängeg vun heller Beliichtung bass wells de méi Luucht ran kriss, an zweetens dat bei f/4 oft schonn ze vill Déiftenschäerft am Bild ass.
Ech weess net ops de en gudden Allrounder fënns deen och nach gutt als Makro ze benotzen ass, well dat awer en zimlech spezifeschen Beräich ass. Wanns de der vill mëss géif ech mer do eng Festbrennwäit zouleeën derfir, an wann et just mol vir Geleeënheeten ass géif ech den 50er benotzen, man dat och sou.
Eng Festbrennwäit kriss de meeschtens och relativ präiswäert wanns de no enger gebrauchter sichs.
Fir en Stativ muss de der iwwerleeën vir wats de et haaptsächlech brauchs. Besser en méi klengt an liicht vir mat ze schleefen, oder en méi déckt an schwéiert wat awer och méi stabil ass. An dann einfach an den Buttek an probéieren. Den Stativkapp deen op den Trepieden ass, ass meeschtens Ramsch, rechen also evtl. och an dats de nach en Kapp kafen muss.
__________________ Anti-Signature
|
|
12.04.2012 18:33 |
|
|
Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
Merci fir deng séier Äntwert! :-)
|
|
12.04.2012 18:54 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
RE: en neit Objektiv & Stativ |
|
Salut Gwen!
Ech hun daat Sigma 17-50 Objektif. Ech haat fierdrun daat 18-105. Hun daat awer verschenkt.
Zum Sigma:
Et ass zwar net graad bëlleg mee sein Praiss wert fier mech. Et ass mein Allrounder. Blend 2.8 ass bei Portraiten eng flott Saach. Eng Festbrennweit ass do zwar an deem Punkt nach besser mee eben ageschraenkt am Zoomberaich.
Ab Blend 4 stellt se schin ordenrlech scharf. Se huet och een Verwackelmechanismus.
Eenzeg Nodeeler :
- As net fier Macro gemaach.
- Net graad esou gut verschafft wéi Nikon. Beim Schaarft stellen dréint den Baussenrang mat.
- Méi schwéier am Gewiicht wéi d'18-105 vun Nikon.
Als Alternativ get et vun Nikon och nach den 16-85. Daat huet den Fierdeel vum méi groussen Zoomberaich. Ass super verschafft; mescht besser Biller wéi den 18-105. Mee en huet keng duerchgehend Blend vun 2.8 wéi den Sigma.
|
|
12.04.2012 19:56 |
|
|
Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
RE: en neit Objektiv & Stativ |
|
Merci! Ech mengen de Nikon kënnt dann éichter net a Fro.
|
|
14.04.2012 11:11 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
|
14.04.2012 16:41 |
|
|
|