Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 9 von 9 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Mondfinsternis !!!
Rabicop

Antworten: 16
Hits: 36.818
Mondfinsternis !!! 19.02.2008 18:18 Forum: [Foto] Rendez-vous


Fréi opstoen heescht et muer de moien!!!!


Zweschen 03:00 an 05:00 wäert hei zu letzebuerg eng mondfinsternis ze gesi sin.

Interessant as dest well muer de moien eisen himmel jo nach sollt kloer sin an réicht ab muer den owend bedeckt as.

Di nächst mondfinsternis as réicht 2015.

avis aux amateurs
Thema: Un d'Juristen
Rabicop

Antworten: 6
Hits: 27.696
06.11.2007 12:41 Forum: Allgemeng OT


wéinstens hues de se em schon fäerdeg entweckelt :-)=
Thema: TopFoto funktioun ausgeschalt?!
Rabicop

Antworten: 6
Hits: 35.738
TopFoto funktioun ausgeschalt?! 27.10.2007 15:53 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Am Fong eng gudd Saach, menger meenung no

besonnesch no deenen läschten diskussiounen

mee dozou kann een awer baifügen, dat eng jury emmer nemmen eng jury as.
op ville plaatzen besteet eng jury aus max.5 leit an do as hei nach d'chance dat d'jury aus vill mei leit zesumme gesaat wor.

mee ech denken et awer dat et schlussendlech besser sou as.

wa mir all giffen dat selwescht schein oder interessant fannen wier et jo awer och recht langweileg oder? :-) Zunge raus
Thema: hobby zum beruf machen
Rabicop

Antworten: 21
Hits: 62.044
27.10.2007 12:06 Forum: Misc


net firun allzelanger zait hun ech och zum beispill an diversen shopping centren sou "vernissagen" gesin. do waren leit di zum beispill hiert liewe lang fotoen gema hun an dunn di bescht "ech erennere mech zum beispill un eng mam thema "TANSANIA - KENIA"
dee mann huet sech sou sain draam erfellt fir d'biller auszestellen an se och dunn deelweis un de mann bruecht well en se och verkaaf huet.
do stecht dann och vill geld dran well sou laang wi's de net bekannt bas investeiers du oder eventuell sponsoren d'geld fir de loyer fir anzwousch op enger foire oder an enger galerie deng biller auszestellen.
sou mess de der allerdings een numm wann et de leit gefällt. ob's de awer sou dat grousst geld mess, resp genuch fir dovun ze liewen zweiwelen ech staark un.

as et net sou dat di meescht fotographen sech net duech d'fotoen mee duech ee geschäft wou se foto an elektromaterial verkaafen iwwer waasser halen. dat muss de och bedenken. star fotographen am portritsberaich sin hei zu letzebuerg relativ rare...

ee beispill vun engem professionnellen letzebuerger fenns de hei.

http://www.objectif-lune.lu/

ech denken dats de dech am beschten bei deem emfrees wéi hien et gemach huet fir sech dat opzebauen wat en haut huet, an flait spréngt jo eng léierplaatz dobai raus...
Thema: Nemmen nach Chat ?
Rabicop

Antworten: 36
Hits: 76.690
14.03.2007 13:58 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


trotz alledeem, sin ech dann awer och oft traureg, wei weineg konstruktiv kritik iwwerhaapt dann hei geschriwwe gett...

et soll jo em fototechnik resp veraarbechtung goen, wei een wat besser ka man.

mee dann musse mer och kommentarer wi

"oh wat eng schein foto" etc. hei raushuelen, well se kengem wierklech eppes hellefen...
anerersaits machen sou kommentarer de site alt besse mei lieweg.

sou kennt duech eng foto di uewen gekuckt gett eng diskussioun zweschen foto user zou stanen. di et flait interessant mecht, sech mol fir deen enzelnen user z'interesseieren... wien do eventuell di selwescht meenung huet zu enger oder mei fotoen.
kloer komme mer dann rem op en chat raus, wu et no engem oder mei kommentarer einfach guer naicht mei mat engem kommentar mee just na mat enger diskussioun ze din huet. wien vun eis huet dann loscht eng PN ze man, fir deem jenegen dat ze schreiwen, an flait well en jo och nach dat aner user sech mat an di diskussioun uschleissen, sou dat et net bei engem dialog bleift.

objiddefall, gin ech dem johny 100% recht mat deem wat e schreift. schliesslech huet hien de senn an zweck vum site na emol verdaitlecht.
an awer hauchen eenzel ausschweifungen dem site awer ee gewessent liewen an, sou droen leit wi JADE oder Knolles duech charme och e gewessenen deel zum succes vum site bai, well si en sympatesch man
Thema: Canon EOS350D oder Canon EOS400D
Rabicop

Antworten: 8
Hits: 27.147
05.12.2006 17:07 Forum: Material


wi gesot, fir en ufänger deen just een universellt objektiv brauch as wir et ideal 17 - 105 wou een vu waitwenkel bis liicht an den tele rageet.

ech hun d'brennwait 24-105 just ugin, hun net op den 24-105 L wollten raus. (dei as ze deier fir en ufänger, mei deier wi d'400d selwer :-)
mee ech empfannen d'24-105 eeben eng flott universell leisung.

een dee just 1 objektiv wellt aus prakteschen grenn hun, deckt mat sou enger oder eng ähnlech brennwait dach e grousse beraich oof.

fir optimal ze fueren muss een wierklech scho bal 3 steck hun.
mai baitrag war och mei geduecht fir

1. drop hinzeweisen dat de praisennerscheed zweschen 350d an 400d net mi grouss as an dofir d'400d interessant gett, vu que dat se awer dach e puer fiirdeeler huet.
2. drop hinzeweisen dat en objektiv kaafwuel iwwerluecht soll sin, an dat de kit objektiv zwar net sou schlecht as wi en nogesoot kritt, awer leider net universell asätzbar as.

dest sollt een deen sech eng DSLR keeft sech dach duech de kapp goe lossen.
Thema: Canon EOS350D oder Canon EOS400D
Rabicop

Antworten: 8
Hits: 27.147
05.12.2006 13:54 Forum: Material


ech hun d'350d deemols mat kit objektiv an 55-200 USM als Zoom Kit kaaf.

hu gemengt, ech hätt den härgott mat der grousser zeif.

den 18-55, as en objektiv mat deems de relativ flott fotoe kanns man, universell asätzbar fir insekten an landschaften. vu que dat d'effektiv brennwait 28 - 88 (1,6 crop) di normal brennwait vun 50 och ofdekt.
den 55-200 hat ech kaaf fir di sachen di driwwer rausgin als Tele.

wat ech allderdings lo no 6 meint an vakanzen an USA an COSTA RICA rausfonnt hun, as dat et emständlech as fir éiwech d'objektiver ze wiesselen.Oft as den 55-200 ze laang an den 18-55 ze kuerz. Si ergänzen sech zwar mee du muss emmer wiesselen.
sou datt ech dir rekommandeieren eppes wei den 17-85 IS oder een 24 - 105 ze kaafen. do bas de vun ganz waitwenkel op klenge zoom gudd ofgedeckt
(dest zielt nemmen wanns de just welles hues 1 objektiv ze kaafen wat besse vun allem kann).

ech hun um internet praisser vum boitier vun der 400d fonnt di em di 600euro leien, woumat de prais net mei grad sou heich as an et sech dann eventuell renteiert den (besseren nofolger) 400d ze kaafen.
de johny huet jo den direkte verglach opgezielt zweschen 350 an 400

deen eenzege rood deen ech der ka gin, (mai feeler) setz dech am ufank firum kaaf bessen mam choix vum kaaf vun deem richtegen Objektiv auserneen.
du muss wesse wats de wells.1,2, oder ganz vill objektiver. an och wats de investeiere wells.

ech soen no 6 meint dat 350d meng erwaardungen absolut erfellt, dat et duech si spaass mecht sech mam thema digitalfotographie auserneen ze setzen.
D'400d as mettlerweil awer am praiss roofgang an wann ech haut firun der wiel 350d an 400d steing, giff ech secher d'400er huelen, sou wei ech mech deemols zweschen 300d an 350d fir di 2. entscheed hun.

hoffen ech konnt der bessen hellefen.
fir mei informatiounen empfehlen ech der de site
www.dslr-forum.de do gett et honnerten vu baitreech an verglaicher zweschen 350d an 400d an e ganze koup tester iwwer all meiglech objektiver.
Thema: Photocours
Rabicop

Antworten: 5
Hits: 25.411
07.11.2006 11:49 Forum: Misc


ma, bon ech hat a menger ausbildung zu dem beruff deen ech jo man, en photocours gema,losse mer soen, dat ech e vun de weinege war, dee bis dohin schon mat SLR geschafft hat, an mech och interesseiert hun. dei sachen hun ech am fong scho verstan, wi ech d'foto beliichten oder firwat ech se wei muss beliichten, mee et geet em dat ganzt rondrem wi och enner anerem de photoshop, deen fir mech en rätsel mat 7 sigelen as, ech benotzen den ArcSoft photostudio, do hun ech just begrenzt fonktiounen, mee fir de minimum wu ech meng fotoe verschaffen, geet dat x mol duer.

ech wir wierklech mol un engme photoshop cours zb interesseiert, an dat anert, probeieren ech eben am moment mer selwer baizebrengen. mee wi gesot wa mer emol zesummen zu puer ennerwee sin, kann een sech austauschen an emmer nemme baileieren
Thema: Photocours
Rabicop

Antworten: 5
Hits: 25.411
Photocours 23.10.2006 02:41 Forum: Misc


Salü, ech wollt mol einfach froen ob keen ahnung huet wou een e photocours kinnt man, vun uschalten bis bearbechtung, je alles wat een sou un tips brauch.

et as sou dat ech zwar eng ronn 5000 fotoen mat menger DSLR bis lo gema hun, an awer zum Beispill keng 1 am RAW gema hun, eben well ech net wees wi ech se verschaffen, ausserdeem muss ech wann ech mer méi well gin, fir eppes richteg flott op d'bild ze kreien, alt puer mol nach laang probeieren, oft geschidd et dann dat d'motiv net mei un der plaatz as , oder dat zum beispill d'wierder konditiounen oder luucht net mei sou stemmt. je ech brauch einfach ze lang.

am fong, giff ech soen dat wann d'haus 8 stäck huet, ech ongefeier am 3. stack ugefang hun, an leider de schlessel fir an di ierwescht stäck, am éischte stack lait, also kann ech menger meenung no net vum selwen bis ganz rop :-))

weem dat hei lo na net ze konfus gin as, deen däerf jo dann einfach eppes äntweren, wann en eppes vun engem photoconcours gewuer gett. oder mech emol wellt owes mat op tour huelen an mer bessen wessen well vermettelen :-) verwirrt
Zeige Beiträge 1 bis 9 von 9 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH