Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 40 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: www.rent-me.lu
zia

Antworten: 0
Hits: 18.417
www.rent-me.lu 04.11.2009 09:41 Forum: Projet Virstellungen


Ech stellen ierch hei, mam accord vun Johny smile , en Projet fir deen ech mat engem Kolleeg amgangen sin opzestellen.

Em waat geet et:
- Um site geet et haaptsächlech fir können sachen ze lounen an verlounen, an daat tescht Privtaleit. Am moment ass et haaptsächlech tescht Privatleit, wann herno interesse do ass kann een daat ausbauen op Professioneller.
- D'idee stamt vun engem Franséichen site, haat eng keier eng reportage gesin op der Telé, an do funktionneiert den system relativ gudd. Mir wollten daat och emol hei testen, mee net nemmen fir Letzebuerg selwer mee och d'Grenzregiounen.

Firwaat esou en Site machen?
- Majo, eischtens hun mer eis geduercht, firwaat net probeiren esou eppes opzestellen, mer hun naischt ze verleiren.
- Zweetens, an daat ass mir öfters passeiert, dann huet een z.B. en Apparat gebraucht fir arbeschten ze machen, an dann wosst een net wou et hierkreien oder fir net all ze deier ze lounen. Oder et haat een eng Party an dann hätt een gäRen Dëscher an Bänken gebraucht, oder nach sou en Zelt etc.
- Drettens, wien huet net doheem am Keller oder soss wou sachen stoen dei een nemmen eng keier am Joer gebraucht an dann leien se do ze versteppsen. A plaatz se do leien ze hun, firwaat se net un aner Leit verlounen dei se keinten gebrauchen.

Voilà plusminus firwaat mer sou en Site erstallt hun.

Elo versichen mer lues an lues Reklamm ze machen fir den Site. Den Site ass funktionsfäheg, och wann mer nach soen et ass en Projet. Et sin just vereenzelt sachen dei nach net färdeg sin, wei e puer texter, oder nach den Logo, am moment ass deen provisoresch bis mer den definitiven kreien. Mee fir den rescht ass den Site färdeg. Et kann och gudd sin dass vlaischt nach Rubriken feelen oder esou, mee daat gesin mer wann dei eischt Annoncen kommen.

Am moment ass nach net vill drop, vu que dass mer en elo mol firstellen, just e puer sachen vun mir. Mee daat ass nach net alles waat ech wärt dropsetzen smile

Voilà, wann dir interesse hudd könnt der jo mol luussen goen wien wees, ierch vlaischt umëllen an schons sachen dropsetzen smile

URL: http://www.rent-me.lu
Thema: PG Update
zia

Antworten: 440
Hits: 1.012.719
08.04.2009 15:30 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Salut,

Also ech hun hei den IE7, net den IE6. An hun trotzdem den Problem mat der transparenz. Hänken mol en Screenshot drun.

En aaneren Problem deen ech hun ass wann dei ennermenüer ugewisen gin an ech well drop goen, dann verschwennt en direkt, d.h. en geet zou. Ech muss irgendwei op enger gewessener plaatz sin fir können op den Menü ze kommen fir dass en net zou geet.
Thema: PG Update
zia

Antworten: 440
Hits: 1.012.719
07.04.2009 16:54 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Salut Johny,

E klengen problem, an zwar wanns de iwwert den menü "Aneres" fiers, setzt deen sech transparent iwwert den Menü deen do drënner steet, also "Astellungen, Member etc.". Do erkennt een dann d'ennermenüer net, an wann een dann driwwer fiert dann verschwennt den ennermenü an den Menü "Astellungen" gett aktiv.

Naja, hoffen du verstees waat ech der wollt erklären großes Grinsen

Mir ass nach eppes opgefall, bon, kann och sin dass ech daat elo net richteg verstanen hun, egal. An zwar wei ech mech ageloggt hun haat ech 2 System Noriichten. Hun dei zwou norichten gekuckt, dun hun ech op den menü "Start" geklickt, an et stung nach emmer do dass ech 2 System Noriichten hun obwuel ech mer se ugekuckt hun. Sin dun rem dei norichten kucken gangen, hun rem op Start geklickt, und siehe da, den counter stung op 0.

Nach eppes, hehe, an zwar wann ech op eng News an den System Norichten klicken, dann geet jo do eng seit op mm ganzen text. Ech hun gesin dass wann een op der Haptseit op eng Noriicht klickt gett dann eng nei Seit op, majo bei den System Norichten net, d.h., dass ech meng News kann liesen mee ech muss op den Back knäppchen vun Browser klicken fir rem zreck ob d'seit ze kommen.

Sou das wars fir haut, elo Feierowend smile
Thema: Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen
zia

Antworten: 62
Hits: 159.567
11.07.2007 16:12 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Firwaat macht dir daat dann esou komplizeiert, firwaat net einfach esou machen dass jidderen eng keier drun kënnt fir bei enger Foto matzewielen. Natirlech ennert deenen Leit dei dann och hei aktiv sin. Sou kënnen mei erfahren wei och vlaischt mei onerfahren Leit an dei Jury kommen an hier Meenung soen. Well daat aanert ass fir mech kloer, do sin emmer dei selwescht herno dei gewielt gin.

Mee bon, ass just eng idee, dir décideiert.
Thema: Refuseiert!
zia

Antworten: 51
Hits: 100.692
13.02.2007 14:38 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Rischtisch smile
Thema: Refuseiert!
zia

Antworten: 51
Hits: 100.692
09.02.2007 14:27 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Also, ech sin zwar keen groussen Fotosexpert, mee ech muss dem Johnny awer recht gin, well daat sin eigentlech eischter Schnappschëss.
Thema: Numm an der Foto...
zia

Antworten: 8
Hits: 32.608
26.01.2007 13:41 Forum: Fotobearbëchtung


Ech machen et sou gudd wei nie, mee ech benotzen dofir den XnView.
www.xnview.com
Thema: Lost...
zia

Antworten: 30
Hits: 66.871
17.11.2006 10:28 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Et sinn eben grad net d'User déi ugegraff sinn me emmer d'Jury oder d'Admins

Ech wees net ob's daat dooten net falsch verstaanen hues. Ech wollt domat soen dass wann Leit hei eng Foto als Top-Foto virschloen, an dei gett net ugeholl, deenjeengen sech an sénger éier verletzt fillt well halt d'Foto dei hien virgeschloen huet net ugeholl gin ass. Doweinst halt den virschlaag dass nemmen en Admin eng Foto kann virschloen.

Kloer verstin ech dann wann dann eng Foto virgeschloen gin ass vun engem Admin an d'Useren dei awer net gudd fannen och hei Kritiken opkommen.

Am beschten alles oofschalten an nemmen nach Fotoen uweisen mat den Kritiken vun den useren.

Johny, egal wei's du et mess, et ass nie gudd, well et emmer Leit gin dei eng aaner Meenung hun derzou.

An ech fannen et halt schued dass an sou enger Community wei dess net mei zesummengehaalen gett wei et sollt, an dass jidfereen sein wessen deenen aaneren matdeelt aplaatz een färdeg ze machen well en halt eppes falsch gemach huet.

An engem aaneren Sënn verstin ech zwar och deenjeenegen deen dann eng negatif Kritik kritt dei wirklech net Konstruktif ass, an deen dann halt net frou driwwer ass. Ech haat daat jo och.
Thema: Lost...
zia

Antworten: 30
Hits: 66.871
16.11.2006 09:54 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Wei wier et dass nemmen en Admin eng Foto kann als Top Foto proposéiren an dass dann dei ganz Jury driwwer oofstemmt? Een vun der Jury deen mengt dass een dei keint proposéiren mecht et an et gett secher keen gestreids mei bei den User dei eng proposéiert hun an wou den Jury se net ugeholl huet. Deen fillt sech dann och net an senger éier ugegraff, vu dass daat jo hei den Problem ass.

Oder d'Fotoen huelen direkt beim Top Foto zuutz deel an den Jury décidéiert iwwert all Foto op et eng Top Foto ass oder net.

Kloer wärt och hei dann jidfereen eppes ze soen hun falls eng Foto net Top Foto ass, mee op mannst ass keen user ugegraff.

Kapisch??
Thema: Lost...
zia

Antworten: 30
Hits: 66.871
15.11.2006 15:41 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech fannen et einfach schlemm dass Leit dei deen selweschten Hobby hun sech sou können zerklappen well een vergiess huet en schwarzen Punkt ewegzeretouscheiren.

Ech fannen den Johnny hält sech nach relativ zreck, well an aaner Communities wären der hei schon vill net mei do.

Et sin hei Spillreegelen opgestallt gin dei dir acceptéiert hudd wei der ierch ugemellt hudd, majo, dann haalt dei Spillreegelen och an a plaatz elo hei en decken opzeféiren. Ass wei beim Sport, do sin och spillreegelen, hälls de dech net drun flitts de raus. Wann dir geint d'spillreegelen sidd ma dann bleiwt eweg. Punkt!

Wann d'Admins eppes décidéiert hun ass et esou an net aanescht. Sie machen d'spillreegelen, net dir.
Thema: Fussball WM
zia

Antworten: 87
Hits: 131.556
10.07.2006 10:23 Forum: Allgemeng OT


Italien huet gewonnen an et ass och richteg esou, se hun bis zum Schluss gekämpft.

An waat den Zidane sech do erlaabt huet war einfach null, sou eppes vun sou engem Spiller an sengem läschten Match, sou eppes mecht een net. Egal waat den Italiener gesoot oder gemach huet, daat reegelt een aanescht. En huet sech seng Finall selwer verschass.

Fir den rescht, ob et elo en schéinen oder keen schéinen Match war, et ass d'Resultat waat zielt.

Ech fannen den Schiedrichter huet richteg gepaff, an sou kommentaren dass en vun der MAfia bezuelt gin ass sin einfach nemmen Null. Souwisou kruuten d'Fransousen hieren Elefmeter geschenkt, well den Italieneschen Spiller huet en mol knapps bereiert an deen aaneren huet sech faalen gelooss.

Naja, egal, Italien ass Weltmeeschter an feddisch.
Thema: Fussball WM
zia

Antworten: 87
Hits: 131.556
29.06.2006 16:22 Forum: Allgemeng OT


Naja, den 11m war schon verdengt großes Grinsen , ech huelen un et ass em bewosst gin dass dei rout Kaart e bessen haard war, an dun huet en sech gesoot, wei en dei aktioun firum goal gesin huet, oh, geff den Italiener en 11m fir dass se mer verzeihen smile Kann jo sin smile

Waat soll een derzou soen, wei emmer sin d'Italiener mat deckem Fund weider komm. Mee eierlech, sin mer daat dann net schon gewinnt großes Grinsen (Ech haalen natirlech zu Italien großes Grinsen )

Ansonsten ass mer den Fussball awer Wurscht, sin keen fanatiker.
Thema: Photogen Skill oofschaafen?
zia

Antworten: 26
Hits: 63.687
16.06.2006 09:42 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
fir een deen eng referenz sicht ass et mei einfach di rubrik vun den topfotoen ze kucken


Jeps gesin ech och esou. Souwisou, wann een schon eng zeitchen hei Aktiv ass geseit een un Hand vun den Fotoen wien schon mei ahnung huet wei en aaneren. Do seet den Skill, sou wei en elo ass net vill aus. Well et kann sin dass een deen, soen mer mol, nach Ufänger ass an der Fotografie mei en héichen Skill kann hun wei een deen keen Ufänger ass. Dofir seet den Skill unsech net sou vill aus.

Ass mol meng Meenung.
Thema: Photogen Skill oofschaafen?
zia

Antworten: 26
Hits: 63.687
14.06.2006 09:30 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Also ech muss derzou soen dass ech daat mam Skill iwwerhaapt net kucken. Ech sin och aktiv hei um Site, kommen all daag 4-5 mol kucken. Ech gin just net allzevill Kommentarer oof, well, wann ech naischt ze soen hun zu enger Foto loossen ech et sin.

Heescht daat dann elo, well ech keen héischen Skill hun, dass ech naischt hei um Site machen? Wei's de geseis guer net. Also wei schon Leit hei gesoot hun, zerbriech der net den Kapp driwwer. Wann Leit mengen se missten hieren Skill an d'Luucht dreiwen, looss hinnen hieren Spaass. smile
Thema: Geht et nach??
zia

Antworten: 46
Hits: 86.430
03.04.2006 11:32 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Hudd dir ierch emmer nach mat deem Thema, ei ei ei!!

Ech verstin ierch zwar, mee ech fannen dass et den Admins hier saach ass ob sie wellen matdeelen firwaat den Lex net mei Admin ass oder net.
Thema: Censure!?
zia

Antworten: 12
Hits: 29.952
10.03.2006 17:05 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Recht hues de Johny, an ech muss och soen, d'Qualitéit vun den Fotoen ass an d'Luucht gaangen, ech gesin do sin Leit dei gin sech méih, an sou soll et sin.

Unsech fannen ech dass et soll en challenge sin fir Fotoen acceptéiert ze kreien, dann wees een, ah hei, hun gudd geschafft smile
Thema: Missed the target??
zia

Antworten: 22
Hits: 57.187
28.02.2006 13:26 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Daat ass geschitt, et fällt denken ech schonn op dass mer manner Fotoen an dene läschten puer Deech online haaten, ganz einfach well mer der mei refuséieren smile .


Okay, dann hun ech naischt gesoot smile

Zitat:
Um Ufank ass et awer och emmer d'Begeeschterung vir eppes neies dei een derzou verleed mei laang op su engem Site ze bleiwen.


Jops daat stemmt natirlech och smile

Ass wei gesoot naischt geint dech oder soss een, mee bon, wann schon Photogen, dann och Photogen fotoen smile Dass mer rem en WOAOW Effekt hun smile

Courage Johnny, ass net einfach en populären site ze bedreiwen.
Thema: Missed the target??
zia

Antworten: 22
Hits: 57.187
28.02.2006 12:09 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech hun mech zwar och laang zreckgehaalen, mee elo wou een daat Thema opgemach huet, muss ech dann och soen dass ech mech deenen meeschten uschleissen.

Ech setzen keng Fotoen mei hei erop, och well ech selwer gemierkt hun dass ech mat mengem apparat net un verschidden aaner Fotoen runkommen. Mee, ech kommen trotzdem all daag heihin kucken, mech interresseirt einfach ze gesin waat d'leit sou mat engem fotoapparat färdeg brengen.

Mee leider ass mir och opgefall dass d'Quali vun verschiddenen Fotoen net genial ass, an där gesin ech der leider emmer mei hei. Ech iwwerfleihen dei meeschten Fotoen einfach, an wann ech eng gesin dei wirklech flott ass kucken ech mer se mei grouss un.

Gin och zou dass ech keng Kommentarer oofgin, ganz einfach aus deem Grond dass ech Fototeschnesch net begaabt sin. Mee eng gudd Foto vun enger schlechter kann ech awer ennerscheeden smile

Kloer kann een net jidfereen glécklech machen, mee menger Meenung no missten d'Kriteren fir eng Foto acceptéiert ze kreien verschäft gin.

Natirlech ass et är décisioun wei der et wellt machen. Ech wärt emmer nach kucken kommen, mee et stemmt dass een net mei sou laang zeit um Site verbrengt wei am Ufank, wei nach anstänneg an gudd Fotoen drop waren.
Thema: Geht et nach??
zia

Antworten: 46
Hits: 86.430
28.02.2006 11:55 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Anscheinend schengt awer nemmen een hei e problem domat ze hun dass den Lex net mei Admin ass.

Sorry, mee ech schaffen och an engem Forum an wann verschidden Admins oder Mods net mei daat verrichten waat se sollen dann fleihen se eraus. En Forum kann net funktionneiren wann Leit, dei eng responsabilitéit waat d'fonktionnement ugeet, ufänken scheiss ze machen. Et ass iwwerall esou. An bei Photogen ass et d'selwescht. Et huet tescht dem Lex an deenen aaneren net mei geklappt, en huet halt missen goen. Wann dir eppes un der Qualitéit vum Site leit, dann muss de halt decisiounen huelen dei verschidden konsequenzen hun. Hätt et elo tescht engem aaneren Admin an dem rescht net geklappt, wier deen gaangen.

Waat elo den Grond ass, daat kann dir dach Wurscht sin, ob's du deen wees oder net, daat helleft dir dach net weider, well den Lex net mei Admin ass. En ass net mei Admin, dofir gin et Grënn, an feddisch.

An wann Admins net wellen soen firwaat, daat ass hieren Béier, an hier décisioun.

Et ass esou an feddisch.
Thema: Wien war deen Admin?
zia

Antworten: 42
Hits: 77.971
01.12.2005 16:00 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Also Johny domat sin ech zwar net ganz d'accord. Ech mengen een deen nach léiert, an desem Fall dann Fotographie, kennt jo op sou Seiten wei des fir nach beizeléiren an sech Meenungen an Rotschléi vun Erfuerenen ze huelen. Wann een engem seet, kuck dass de eenz gess, kann desen och net vun selwer wessen waat en falsch gemach huet.

Secher kann een engem och net alles virknaen, ass secher, mee Tips gin wei en et vlaischt kéint besser machen, daat misst jo awer dransin, well soss verstin ech den Zweck vun sou enger Seit net.

Fir op PHP ze kommen, gleew mer, wann ech net op speziell Seiten kucken gaangen wier, an mir e puer beispiller erangezunn hätt, oder nach tips vun aaneren kritt hätt, wier ech nach laang net do wou ech elo sin.

Dofir mengen ech, Tips kann een engem roueg gin, ouni elo voll an d'Détail ze goen. Also ech sin deser Meenung.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 40 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH