Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 54 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Wei een Waitwenkel ?
Buba

Antworten: 20
Hits: 54.295
18.08.2008 20:07 Forum: Material


Okay merci fir är Ureegungen an Kommentarer.

Ech gin muer den Sigma sichen. Bleiwen och momentan bei menger 350D.

@ Kwitchibo : net alles perseinlech huelen smile

@ arwa : gin dir vollkommen Rescht wanns de behapts dass d'Objektiver mei wichteg wären wei d'Cam selwer an dass et besser as, sech direkt en gudden Objektiv ze kafen. Leider as main Budget de Moment ageschränkt a sou muss ech meng Wahl eischter un meng finanziell Mettel riichten.
Thema: Wei een Waitwenkel ?
Buba

Antworten: 20
Hits: 54.295
18.08.2008 08:51 Forum: Material


@ arwa :

Auslaufmodel ? Dann geif ech soen dass ech nach bessen waarden, vlait brengt d'Photokina eppes neies am September.
Hat welles mir en neien Boitier ze kafen ob elo 30D oder 40D daat wess ech nach net an zwar aus zwee Grenn:

- 30D krit een - menger Meenung - secher gudd als Occasioun ze kaafen - sou dass et demnowei mei belleg mist gin wei eng 40D

- dann froen ech mech awer och ob et sech iwerhapt lount vun enger 350D op eng 30D ze sprangen. Hun mech schlau gemet an rausfond dass et un der Bildqualiteit naischt ännert,
mee eischter vum Gefill dass een eng anständeg Camera huet.
Thema: Wei een Waitwenkel ?
Buba

Antworten: 20
Hits: 54.295
17.08.2008 17:23 Forum: Material


Dass ech an der Brennwait zimlech angeschränkt sin, as mer bewosst, mee steiert mech u sech guer net. Ech hun och schon en Tele 70-200 mm 4f L vu Canon soumat as main Teleberaich bedeckt an lo hun ech mer gesoot dass et Zait get fir e Waitwenkel.

Mee ech stellen mir awer d'Fro ob ech soll den Sigma huelen fir dei 300 € waat jo u sech e super Schnäppchen as, oder awer den Tokina a punkto Bilqualiteit besser an ob et sech demnowei lount soguer dei 150-200 € dropzeleen.
Thema: Wei een Waitwenkel ?
Buba

Antworten: 20
Hits: 54.295
17.08.2008 14:21 Forum: Material


Hat vergiess daat ze nennen - as fir CANON.

Hun eng 350D. Mee keint gudd sin dass ech demnächst enkeier op d'40D iwersprangen.

Dass ech op Vollformat wieslen - daat geif et de Moment net soen.
Thema: Wei een Waitwenkel ?
Buba

Antworten: 20
Hits: 54.295
Wei een Waitwenkel ? 17.08.2008 12:02 Forum: Material


Bjouer alleguer,

ech well mech sou kuerz wei meiglech faassen :

Ech sichen e Waitwenkelobjektiv. Mee tendeieren nach tescht 2 Versiounen :

- Sigma 10-20 mm (deen keint ech als Occasioun fir 300 € kreien)

- Tokina 12-24 mm (geif ech nei kaafen fir 450-500 € Prais steet nach net fest)

Hun mech am Forum schon schlau gemeet, mee eng Äntfert op meng Fro hun ech nach net sou richteg font.

Ech weess dass den Johny den Tokina huet an wierklech voll domat zerfridden as. Ech hat am Ufank och Welles mir den Tokina ze kafen - nodeems ech eng Partie Tester an Meenungen gelies hun.

Mee dann krut ech eng Occasioun firgeschlo - de Sigma. Natierlech hun ech mech och do schlau gemeet. Rausfond hun ech dass den Tokina a punkto Randschärft an Faarwlesch Qualiteit besser geif oofschleissen wei den Sigma.

Waat d'Brennwait ugeet, sou as et mir ,,egal'' ob ech lo 2 mm mei gewannen oder net.

Froen mech also ob et sech lount op de Sigma zouzegraifen, trotz de Rumeuren mat der Schärft.

Hei sin secher Leit dei Erfahrung mam Sigma haaten, wär interessant ze wessen waat dei dozou soen smile

Villmols merci fir ären Rod.

Buba
Thema: Paischt Croisière+Fotoapparat
Buba

Antworten: 3
Hits: 25.569
06.05.2008 18:53 Forum: Allgemeng OT


Jo Johny, hues Recht, hun mer daat och geduet, dass daat eng mega gudd Occasioun wär fir mol enkeier aaner Fotoen ze maan, wei vun der Stadt Letzebuerg oder vum Mellerdall smile

Majo dann huelen ech en mat...passen ech dann gudd op smile

Merci un ierch zwee...
Thema: Paischt Croisière+Fotoapparat
Buba

Antworten: 3
Hits: 25.569
Paischt Croisière+Fotoapparat 06.05.2008 16:09 Forum: Allgemeng OT


Bjuer dir schein Leit,

Ech sin dest Joer mat op der Paischt Croisiere. Dir wesst jo secher, dass een do net dei ganzen Zait um Scheff hänkt, mee meeschtens den dag iwer op d'Festland geet, (all dag eng aaner Stadt).

Lo hun ech dei folgend Fro. Wei as daat an deenen Länner sou wei Turkei, wann ech do mat menger super Eos 350 kommen an dozou och nach deen mega Objektiv 70 - 200 L dann keint ech mer awer gudd firstellen, dass do puer neideg Leit dohannen, aggressiv keinten gin.

Waat ech soen well as, dir wort jo schon secher mol an der vakanz, sief et op den canaren, griechenland oder Turkei, oder Italien...as do d'Gefor grouss, dass wann ech mat menger Maschine kommen, dass ech do einfach keint iwerfall gin ? Geift dir an sou engem Fall den Fotoapparat leiwer doheem loossen an zu enger klenger Digicam graifen ?

Merci am firaus fir är Hellef.

Buba
Thema: iPhone
Buba

Antworten: 384
Hits: 824.996
20.01.2008 15:39 Forum: Multimedia


Weivill kascht deen iphone deens de dir bestallt hues?
Thema: iPod -> Wéieen hues du?
Buba

Antworten: 36
Hits: 122.164
07.10.2007 13:27 Forum: Multimedia


Ipod as mega gail, soulaang een sech ken sichen geet. hehe

Also ech haat den Ipod nano 4GB silver.. haat en leschten Chreschtdag kaaft, an wei vill aaner leit, och deck beandrock dovunner. War ennert aanerem main eischten Apple Produit smile

All moies, war en main ,,Waakrechmacher'' am Bus, an en ,,Entspaaner'' no der Schoul dofier hun ech en och permanent bei mer gedroen, d.h. an der Jacket.

Dun as enkeier deen dag komm, wou ech main Ipod gesicht hun. Nondikass....wou keint en dann nemmen sin? ...Ech wosst, dass en soss emmer an der Jacket war, mee dei kont ech net fannen...Dun hun ech meng Mamm gefroot, ob se net weist wou se wier: Hei as d'äntfert: ,,Ahh d'Jacket as an der Wäschmaschine!'' LOL

Daat war fir mech en Moment de la Mort...Natierlech geet dain Ipod sait deem net mei, ech kann en nach un den Computer unschleissen, mee wann ech well ennerwee lauschteren, geet en net mei. Mengen dass eppes mam Akku as..En lued och net mei op. Liesen grad hei, dass schon puer Leit den Akku wieslen gelooss hun. Geif ech intereseieren weivill daat kascht...
Thema: Mac, wou kaafen?
Buba

Antworten: 19
Hits: 42.019
22.09.2007 12:24 Forum: Multimedia


Waat beim Linehaert och gudd as beim Service, daat krut ech vun hinnen erklärt, daat as, dass well se en Premium Reseller sin, sou hues de d'Rescht, falls de mol enkeier am Ausland wiers, dain Mac och direkt do an engem Apple Reseller repareieren loossen. D.h. vue que dass ech lo zu Namur studeieren an jo d'Woch iwer do sin, sou kann ech dohannen falls ech en Problem hun, bei den Abelsys goen (sou heescht daat Geschäft dohannen) an bei hinnen alles repareien loossen.

Mee daat hues de halt just beim Premium Reseller.
Thema: Klassefoto
Buba

Antworten: 22
Hits: 77.761
22.09.2007 12:21 Forum: Foto Forum


Jongen, d'Mano muss selwer op dei Foto kommen wei soll se dann nach fotografeieren Augenzwinkern

Nee den Kolleisch krit en ,,professionnellen'' Fotograf gescheckt fir sin Apparat enkeier dohin ze stellen an op den Knäppchen ze drecken. LoL

@ Mir hun lescht Joer och deck gegrübelt, wei mer daat keinten unstellen fir net als banal Schüler op der Foto ze stoen, vue que dass all dei aaner Klassen eng Thema haaten. Schliesslech hun mer eis decideiert fir d'Eischt Schouljoer ze spillen smile War deck witzeg, zumols well den decken Thill matgemeet huet Augenzwinkern

Ahh jo richteg du wols eng Idee: ehhm..majo...wei wär et wanns de eppes mat Zuelen mes. Wann ech mech rescht errenneren mengen ech dass de op enger B bas, ausser du haess gewieselt Augenzwinkern Hudd der keng s/w gestraiften Kleedung doheem? Soss haett der ierch keinten als Amerikanesch Prisoneier verkleeden an ierch eng Nummer op d'Broscht peschen. Sou am Senn, dass wann der den Examen net packt, dass der weider am Kolleisch wärt angespaart sin. lol.

Den Moment fällt mer awer naischt weideres an..Problem bei sou Saachen as och , dass een dann muss realistesch bleiwen. Ech well soen, du kanns net vun enger ganzer Klass mat 30 Leit verlaangen, dass dei all grad dei selwescht Verkleedung doheem am Schaf haenken hun. Augenzwinkern hhhmm wär jo schein.

Oder probeiert eppes mat der V200..sou dass der eventuel net grad an d'Kam kuckt, mee dass der sou maacht wei wann der geift op der V200 schaffen smile
Thema: Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt
Buba

Antworten: 32
Hits: 85.435
15.09.2007 18:31 Forum: Allgemeng OT


-Waat Top Vision ungeet, as mengen ech schon alles gesoot gin. Haat do schon wei oft d'Hoer bis op den Plafong stoen.

-Schlemmer nach fannen ech Hifi. Daat as jo sou en Kaffbuttek. 99% voller Frontalieren (ech hun naischt geint dei), dei keen Waak eppes vun deem verstinn waat se do verkaafen. Deen mer leed, mee d'Beschreiwung dei am Geschäft nierwt dem Produit steht, kann ech selwer liesen. Dofier brauch ech keen Vendeur! Gudd gemierkt hun ech daat och an deems ech mech enkeier domm gestalt hun, an deen dann banal technesch Detailer (Blend etc) gefroot hun. Natierlech krut ech Äntferten dei total falsch waren.

-Mee den patrickr huet den Schäeffer zu Remeleng schon erwähnt. Do roden ech nemmen engem dohinner ze goen. Einfach eng TOP Berodung. En ganz feinen Här, deen sech och wann et muss sin, iwer eng Stonn Zait fir sain Client leisst. Einfach voller Sympathie an Gedolt. An seng Praisser sin och korrekt wann een bedenkt waat een do fir eng Berodung krit.
Thema: MacBook 13 oder 15 Zoll ?
Buba

Antworten: 21
Hits: 66.678
16.08.2007 21:17 Forum: Multimedia


Deen soll jo endes Oktober rauskommen oder? ^^
Thema: MacBook 13 oder 15 Zoll ?
Buba

Antworten: 21
Hits: 66.678
16.08.2007 18:38 Forum: Multimedia


Jongen lo schlot ierch d'Käpp hei net an weinst mengem Macbook smile )

also ech war mech och mol an d'Geschäfter emfroen (Lineheart, Computer Home) , an dei sooten mer och dass d'Faarwen halt truckeiert gin.

Ech wärt mer halt mussen op d'Zänn baissen an dei 400 euro mei bezuelen fir eppes anständeges ze kreien waat och puer Joer hält.

Ech froen mech zwar ob ech net sollt leiwer nach den een Mound waarden bis den Leopard rauskennt. Sou keint ech eventuell 125 euro domat spueren, am Plaatz mer an engem Mount en mussen ze kaafen.
Thema: MacBook 13 oder 15 Zoll ?
Buba

Antworten: 21
Hits: 66.678
15.08.2007 18:58 Forum: Multimedia


LOL nee nee dorop passen ech ganz gudd op Augenzwinkern
Thema: MacBook 13 oder 15 Zoll ?
Buba

Antworten: 21
Hits: 66.678
15.08.2007 16:36 Forum: Multimedia


Kloer an wann een eng Profenkaart huet nach mei Augenzwinkern

D.h. Johny du wells soen, dass d'Faarwen um MBP mei realiteitsgetrei sin wei um einfachen MB mat glossy Bildschirm ?
Thema: MacBook 13 oder 15 Zoll ?
Buba

Antworten: 21
Hits: 66.678
15.08.2007 15:44 Forum: Multimedia


Hhmm daat kennt lo, eierlech gesoot zimlech iwerraschend.

Haat lo eischter domat gerechent dass der geift soen, den 13'' wär voll an der reih.

Ech hun nämlech en Kolleg deen studeiert Infographie an mescht all seng arbeschten op engem Macbook 13''.
Thema: Photogen + Mac
Buba

Antworten: 35
Hits: 71.488
15.08.2007 10:35 Forum: Froen zu Photogen


Kuck enkeier am Forum/Multimedia/MacBook oder Zoll smile
Thema: MacBook 13 oder 15 Zoll ?
Buba

Antworten: 21
Hits: 66.678
MacBook 13 oder 15 Zoll ? 15.08.2007 10:26 Forum: Multimedia


Metch dir schein Leit,

wei schon an engem aanerem Thema erwähnt well ech mer en MacBook kaafen.

Nun stellen ech mer d'Fro ob ech een 13 oder 15 Zoll Macbook kaafen soll. Also vum Prais hir sin se zimlech wait auserneen.

Eben wei all aaneren PG User schaffen ech vill mat Fotobearbechtungsprogrammer (PS, etc) , entwerfen puermol am Joer Flyeren an Affichen etc.

Nun wollt ech froen ob en 13 Zoll Bildschirm net ze kleng as fir sou Arbechten. En plus as jo bei den klengen Macbooks keng richteg Graphikkart dran. Sin lo keen sou en Expert dran. Waat mech just nervt as, dass dei Leit soen, fir sou Saachen wei ech well maachen braicht ech keng Graphikkart, mee eischter just fir ze Spillen (waat ech souwisou net maan) , an am Geschäft selwer behaapten se, dass ech eng Graphikkart mist hun. (warscheinlech soen se daat nemmen fir dass ech en Macbook Pro kaafen )

Ech wier dankbar fir all Meenung an all Erfahrungsbericht, schliesslech as et keng Investitioun vun 100 euro, mee eppes fir waat ech en ganzen mound muss schaffen goen.

Merci am firaus. smile

Bübchen
Thema: Photogen + Mac
Buba

Antworten: 35
Hits: 71.488
15.08.2007 10:14 Forum: Froen zu Photogen


@ Pelz : sin happy fir dech dass et rem geet. Augenzwinkern

Well mer demnächst en macbook kaafen, an wou ech dain Problem gesin hun war ech rem un d'Zweiflen komm. Well ech eben sou en gudd Bild vum Mac hun, an eben dovun iwerzeegt sin dass en mer keng Probs wärt maachen, net sou wei deen Wouscht vun Windows. hun schon deck den Keis domat.

Muss nach awer eppes klären waat den Macbook ungeet, maachen dofier awer en neit Thema op soss get et rem Buttek vum Johny großes Grinsen
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 54 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH