Thema: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie. |
|
Merci alleguer fir déi Hellefräich Tips.
Ech mengen ech kann als Schlussfolgerung (mat dem ech elo mol bei denen nächsten Fotoshoots probéieren wärt) sohen das ech emol op jidenfall:
a) d'Blend méi kleng stellen wärt wéi ech daat fir üblech gemaach hun.
b) an also Kompromiss, fir déi schnell Beliichtungszäiten ze behaalen, den ISO erop schrauwen. Waat ech net gären maachen weinst Rauschen, mee denken besser e bessi Rauschen wei eng Onscharf Foto:-).
PS: Déi Saach mam Continued Focus as mer schon bekannt, mee fir Skatefotographie as dest schwéier emzesetzen well den Cadrage vun der Foto essentiel ass.
Alex.
|
|
Thema: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie. |
|
Moien alleguer,
Bei Sportsfotographie kennt et des öfteren fir das den Sujet net optimal Scharf as.
Ginn et do irgentwelsch Techniken fir den Sujet virdrun Scharf ze stellen?
Zum Beispill, beim Skaten stellt sech emmer een, eng Persoun oder den Skater an desem Fall, op d'Plaatz wou den Trick gemaach soll ginn fir dass ech d'Schärft op des Distanz kann anstellen.
Wann et Donkel as erkennt een daat net esou gudd (mat oder ouni Bletz).
An um Fotoapparat (Bildschirm) erkennt een et net Direkt, ok et kann een Zoomen fir ze kucken op et passt mee as keng optimal Technik (Trial & Error).
Ginn et do fläit irgentwelch Paneauen (Poster, ...) mat engem Muster drop waat eng Persoun kint dohin haalen fir das een den Focus ordenlech kann anstellen?
Desen Punkt dreift mech des öfteren an den Wahnsinn, Tips sinn wellkomm. :-)
Alex
|
|
Thema: Faarweblann |
|
4.
Kann et sinn dass een mat engem besseren Bildschierm, besser Resultater Krit? Hunn mer en EIZO EV2333 bestallt, maachen den Test dann nach eng Kéier... :-/ Wann et méi en schlecht Resultat ass posten ech näischt. :-). Coolen Test btw.
|
|
Thema: Schärft verluer nom kompriméieren / d'Opléisung reduzéieren |
|
Hallo,
Ech hunn heiansdo den Problem dass wann ech Fotoen kompriméieren / d'Opléisung reduzéieren,
z.b: Original Foto ass: Raw 3465px * 5184px.
Nei Foto: sRGB 1333px * 2000px.
déi nei Foto net Schaarf ass am Preview. Mee wann ech erun zoomen dann ass se awer schaarf.
Ass dat en Problem vum kompriméieren? Oder maachen ech sos iergend eppes Falsch beim Post-Processing? Déi Lëschten kéier ass dat nom Photoshop PP passéieren, no deems ech en Export gemaach hunn...
Oder muss ech Gréiss vun der Foto dem Preview Fenster upassen. z.b. 533px * 800px, well dann ass ze schéin Schaarf.
Merci fir d'hëllef,
Alex
|
|
|