|
Froe mech och viirwaat daat gudd soll sin. Ech ka mer nët viirstellen dass daat eng Funktioun wier déi esou vill Uklang hätt fiir den Opwand ze jüstifiéieren, höchstens bei Markefetischisten, déi sech drun ergötzen wéi eng toll Biller hiir Mark mëcht, oder déi, ier se sech fiir eng Mark entschléissen fiir d'éischt wellen gesin waat den Apparillo iwerhaat vu Fotoe mecht.
Et wieren wahrscheinlech déi selwescht, déi all owens virum schloofegoen religiös déi berüchtegt Bestenlisten aus germanëschen Fotozeitschrëften liësen a mat Satisfaktioun feststellen dass hier Nippon Kogaku 2 Punkte méi kruut huet wéi dem Nooper seng Kwanon. Op hier Fotoen dann och déi bescht sin, siëw emol dohi gestallt...
|
|