Thema: Sichen Auto fir Hochzäit |
|
Mega-Sorry ... ech war elo eng Zäitchen net méi hei drop.
Hunn der op deng PM elo geäntwert.
Ech hat gemengt du häss automatesch meng normal Email-Adresse ... :-(
|
|
Thema: Sichen Auto fir Hochzäit |
|
Salut,
eng Aarbechts-Kollégin vu mer huet en immens flotten, rassegen, modernen Mustang an en Aarbechts-Kollég (dee bei him am Büro sëtzt) huet een alen (+/-1965) Cadillac. Se si vu Bieles, resp. vu Nidderkäerjeng. Wann et esou eppes an deem Genre soll sinn, so mer per Email Bescheed. Ech froen da muer de Moien emol no.
|
|
Thema: Belichtungsmiesser |
|
Also wat déi Promo ugeet weess ech elo net wéi laang déi soll daueren.
Wat awer sécher ass, et ass keen Blëtzbelichtungsmiesser.
Do muss de, fir eng super Qualitéit ze hunn, dech schonn eben um Occasiouns-Maart schlau maachen wou s de e Minolta AutoMeter kanns kafen.
Kenko baut déi Apparater "no" awer kaschten dann awer e bësse méi wéi virgesin.
Et ginn awer och vill "bëlleg" Fabrikater déi hieren eigentlechen Dingscht trotzdem +/- anstäenneg ausféieren.
Z.B. kritt ee beim Walser e Walimex, awer made by Gossen, pro Sixtomat Flash fir 220,- Euro.
Vu Gossen (wéi scho gesot eng ganz gutt Marque, wa net déi bescht) gëtt et den Gossen Digiflash fir 200,- Euronen. Den DigiproF kascht da schonn awer 280,- Euro.
De Sekonic (och eng immens gutt Marque, vläit och déi bescht) Modell FlashmateL308S kascht 250,- Euro.
|
|
Thema: Belichtungsmiesser |
|
Gudden Owend,
Perséinlech hunn ech ëmmer gutt Erfahrungen mat Apparater vun der Marque Gossen gemaach.
Am Moment (wann ech mech net ieren) ass de Modell Sixtomat digital à 165,- Euro an der Promo beim CKimage zu Esch.
Hei setzen ech emol de Link aus dem Internet an: http://www.gossen-photo.de/foto_p_sixtomat.php
Gutt sinn och Belichtungsmiesser vun Sekonic awer ech mengen déi si méi deier.
Tipptopp sinn och Geräter vu Minolta déi een zum Deel relativ gënschteg als Occasioun ka fannen.
Hoffen heimatt e bësse gehollef ze hunn. :-)
|
|
Thema: Voigtlander Bessa R3A - Input? |
|
Hey ... eng ZM fir 1000 $ ass awer e "Schnäppchen". Bei mengem Händler kascht se 1350 € (also e gutt Stéck méi deier).
Also ech hunn d'Chance och eng M2 ze hunn, an déi géif ech der och léinen, wann s de hei zu Lëtzebuerg wiers ... just ech géif mech awer un hier festhalen.
|
|
Thema: Voigtlander Bessa R3A - Input? |
|
Also ech hunn eng R3A a si voll zefridden domatt. Ass bekannt als eng Zort "Poor-Man's-Leica". ;-)
Kéint der se eng Kéier léinen dat s de der eng Iddi kanns maachen.
|
|
|