|
Ohoh, ech linke mech awer, obwuel ech net méi wëlles hat, nach emol an des Diskussioun eran. Loki du schreifs an de Schoulen giffen d'Léit och villes vill ze vill perséinlech huelen an du giffs elo erëm verbessere goen. Da maach dat awer wegl net mat engem Standardsatz à la "Du hues elo eng Datz, wëlls de der net genuch Gedanken iwwert eis Thema gemaach hues, fleit hues de awer och anerer hei kopéiert.
(Ironie aus )
Dat et immens schwéier ass ze tranchéieren, gesinn jo net wat esou erakënnt, weess ech ... an och dat ech et net wéilt maachen !
Mech selwer !! nervt u sech just deen topege beleidegende Saz do, "du hues der net genuch Gedanke gemach", .... schreift mer deng Foto ass Kack, schreift mer fir op FC ass se gut genuch, schreift mer, mer perséinlech gefëllt Se net an ech sinn hei de Chef, ... awer schreif mer wegl net eweivill Gedanken dat ech selwer mer driwwer gemaach hunn ... dat beleidegt net nëmme mech, mä de gro vun de Leit hei .
Natierlech hunn ech e groussen Respekt vun der Aarbecht, déi hei net ëmsoss
mä "fir néicht" gemaach gëtt ! ech meckere jo net nëmmen
Hei awer nach d'Léisung vun dem Ganzen, ganz einfach (an ironesch
)
All ! User bezilt 120.- Euro Beitrag, domadder gëtt en haaptberuflechen fraischaltenden Fotomeckerer a Kritiker agestallt ... mat dem mer eis dann iwwert PN'en zerklappen an ausenanersetzen, well mer jo sous garantie och net mat him averstane sinn
Loki, lo sinn ech och erëm eraus aus der Diskussioun
edit: sorry dat ech elo net ënner suraki geschriwwen hunn , dat war Zoufall
|
|