Thema: Photospabeier :/ |
|
Hues'te schon beim Lecuit um Howald probéiert ?
A wéi de Gloda seet: Blenkëg jo, mee virun Allem Multigrade
|
|
Thema: Lieblingsbild |
|
Ech hunn zuar nët nëmmen een Lieblingsbild, mee eent vu mënge Léifsten ass daat hei
vum Wynn Bullock, mam Titel: Stark Tree
|
|
Thema: wei mecht een Landschaftsfotoe mat Bess? |
|
Wéi de Laurent an de Johny scho gesoot hunn: am Beschten nët méi wéi bis Blend 11 zoumaachen.
Waat awer och mattspillt ass dé méiglëchen "Schärfentiefebereich" den
ofhängeg ass vun der Brennwait. Matt engem Waitwenkel (z.B. Canon 10-22 mm) kanns’te eng Déifteschärft vun 20 cm bis onendlëch ereechen, während bei engem Tele ( z.B.300 mm) de Fokusséierberaich oft eréischt bei 1,5-3 m ugeet.
Als Filter kanns’te eventuell och nach e Gro-verlaafilter gebrauchen fier stark Kontraster
zwëschen Himmel an Erd (bei Sonnenënnergäng z.B) auszeglaichen.
Fier Lanzzeitbelichtungen bei Waaseropnahmen ass een ND-filter (Neutraldichte) vun Notzen. Daat ass een daichtere Filter den opgeschrauwt gëtt fir deng Beliichtungszait künstlëch ze verlängeren, a Verbindung natierlech matt engem Stativ.
|
|
Thema: Neien PG-Treff |
|
Jo, do wollt Ech och schon ëmmer emol eng Kéier hinn.
|
|
Thema: Tv |
|
30.10.2006 22:09 |
Forum: Misc |
Also wann ët een interesséiert, Ech hunn den David op DVD opgeholl a kann'se gär "viruverléinen".
Dës lescht war och eng Dokumentatioun iwert de Robert Capa ze gesinn, och déi kann ech "verléinen".
|
|
|