Thema: Waat ass mat menger Foto? |
|
Am allgemengen wëll ech ierch merci soen, dass dier mer gentfert hudd...
Hannert dem Schierm ass et ëmmer witzeg esou mateneen ze zicken, mee ech sin dervun iwwerzeegt, dass wann mer vis-à -vis sëtzen giffen,.... giffen mer ALL bestëmmt richteg gudd eenz mateneen gin... !!
Ech sin mer bewosst, dass de Johny an déi aaner zwee et net einfach hun, an net jidderengem et kënne gerecht maachen.
Elo gëtt sech mol nach hannert e puer aaneren Fotoen gesaat, an vielleicht (vill méi spéit) trauen ech mech nach eng Kéier un dëss Foto erun, an probéieren se esou ze verwandelen, dass der de Kapp net rëselen musst, wann der se gesidd...
Wann elo awer nach eeng mer eng prézis Saach nennen kann, déi em net gefall huet, sin ech iwwert all Krétik dankbar...
Léif Gréiß
Jeffrey
|
|
Thema: Waat ass mat menger Foto? |
|
merci Johny, vier deng Entfert...
ech sin just e bëssen enttäuscht, dass se net ugeholl gouf, well ech perséinlech se guer net esou schlecht fond hun...
Vielleicht hätt ech nach kënnen eng Rumm ronderem maachen,... Dann wär se vielleicht äeren Usprëch méi nokomm...
@JohnJ
de Schwanz huet hien virun der Foto ofgeworf, wou e gefaange gouf, vier ze kucken, em waat vier eng Aart et sech handelt.
Ech war an Südspuenien, wou mer mam spueneschen Reptilienspezialist Francisco Jiménez Casares ennerwee waren.
Mer hun Zielungen vun verschiddenen Reptilien, Amphibien, Walen an haaptsächlech Vullen gemaach. Mer wärten eng Ronn 50 Geckoen gefaangen hun, vier se duerno mat Sëcherheet kënnen ze bestëmmen. Leider ass et bei dem heiten Exemplar schiefgaangen...
Ech muss zougin, dass ech direkt zum Fotoapparat gelaaf sin...
Obwuel ech schon honnerten vu Geckoen an den Hänn gehaalen hun, konnt et ech bis zu dem Daach nach nie gesin, wéi een sein Schwanz erofgeheit.
Natierlech ass et schued, dass daat Déierchen sein "Joker" elo verspillt huet, mee ech hun mech trotzdem rieseg iwwert déi doten Foto gefreet
Léif Gréiß
Jeffrey
|
|
Thema: Waat ass mat menger Foto? |
|
Moien allgeuer...
Leider kréien ech a leschter Zeit meng Fotoen refuséiert...
Ass et, well d' Motiv anschéinend net zentréiert derf sin, dass déi heite Foto net ugeholl gëtt...? Oder ass et, well eng speziell Idee an der Foto feelt?.... Oder ass meng Foto net genuch kreativ gestallt?
Daat ass et, waat ech un der Fotographie net verstin...
Et gin natierlech Regelen, wou een sech drun riichten kann,... Mee ass meng Foto lo wierklech esou schlecht? Oder derf een net aus der Reih sprangen, wann een selwer nach net zu de "groußen" Fotographen gehéiert?
Waat soot der?
Léif Gréiß
Jeffrey
D' Richtlinien, déi net gepasst hun;
An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et feelt eng speziell Idee an der Foto respektiv während der Ëmsetzung. Probéier nächst Kéier virun der Foto genee ze kucke wat s de wëlls ausdrécken, an dann gëtt d'Resultat och méi flott.
Vläicht ass d'Idee einfach schwéier ze erkennen an se misst kuerz am Kommentar bei der Foto erklärt ginn
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer.
|
|
|