Thema: Analog Schwaarz-Wäiss Film |
|
Hallo,
ech hunn eng Fro: An zwar wëlle mär enger Frendin als Iwweraschung e puer analog Schwaarz-wäiss Filmrollen schenken. Ech weess, dass hatt gäeren schwaarz wäiss Portrait'en an Street fotograféiert. Leider weess ech net méi, wéieng Kamera hatt huet (an géif och nemmen ongäeren nofroen, fir d'Iwweraschung net futti ze maachen). Hatt entwéckelt net selwer.
Ech géif gäere wessen, ob der mer eppes kennt empfehlen, bzw. mer kennt soen wourobber ech soll oppassen?
Merci,
Gwendoline
|
|
Thema: en neit Objektiv & Stativ |
|
Hallo där léiw Leit,
ech hunn eng D90 an 2 Objektiver: mäin "Immerdrauf", een Nikkor 18-105 (Kit-Objektiv), an en Nikkor 50mm Festbrennwäit.
Ech géif mer gäeren een neien, liichtstarken "Allrounder" matt manner Zoomëmpfang kafen, deen (entweder matt oder ouni Lënsen) eventuell makrofäheg wier.
Opgefall ass mer de Sigma 17-70mm F2,8-4,0 DC Makro OS HSM oder den SIGMA 17-50 mm F2,8 EX DC OS HSM Objektiv, allerdings ass deen e Stéck méi deier an net direkt makrofäheg.
Huet een eent vun denen Objektiver? Zefridden/Onzefridden? Kennt een nach Alternativen?
Ausserdem: Ech wëll mer endlech een egent Stativ kafen. Hunn zwar heiheem emmer Zougrëff op méngem Papp säint, hätt awer gäer een eegent fir matt op Freiburg & op Reesen. Et sollt handlech an trotzdem stabil sinn. Op wat muss ech oppassen? Huet iergendeen do gudd/schlecht Erfahrunge gemaach?
Wier frou iwwer all Tipp.
Merci,
Gwendoline
|
|
Thema: Faarweblann |
|
15 - najaaaa, geet jo nach
hat mer schlemmeres erwart
|
|
Thema: hun welles mer vläicht en neien Fotoapparat ze kafen |
|
jo mein sigma ass nach emmer ganz an der rei, mee gan eierlech gesot, ginn ech kaum eemol iwwert 100 mm, an vu que dat ech gesot krut dat nikkor objektiver besser sin wei sigma, hun mech doweinst mol wellen emfroen. anscheinend kriich een d'90 och am kit matt engem 16-85 mm, wat halt der dovunner? ass zua och 5mol Zoom...
|
|
Thema: hun welles mer vläicht en neien Fotoapparat ze kafen |
|
alsoooo ech soen villmols merci fir di vill infoen...
Dat mam pc-sync kabel ass wierklech net entscheedend (besonnesch bei dem Präiss), aslo vun do hier spillt dat net. Wat dat matt den autofocus gruppen ugeet, denken ech dat ECH den ennerscheed do secher net ging mierken.
|
|
Thema: hun welles mer vläicht en neien Fotoapparat ze kafen |
|
Jo dat mam Gewiicht hat ech mer och schonn iwwerluecht... Well bon ech hunn zua eng praktesch Täsch, mee fir am Summer an der Vakanz den ganzen Dag bei 35°C matt 1,5 kg op der Scheller duerch eng Staadt ze laatschen... il faut le faire
Den Präis deet natierlech wéi bei der D300... mee ech wier souguer bereet mi laang dofir ze schaffen!
Bon an wat d'Videofunktioun bei der D90 ugeet, ech bréciht et net mee bon, dann hu mer eben en extra.
Ech denken, ech hu mech fir d'90 entscheed.
merci alleguer!!
|
|
Thema: hun welles mer vläicht en neien Fotoapparat ze kafen |
|
Hallo,
ech denken dorunner mech vun menger Nikon D40 ze trennen an mer eng nei Nikon ze kafen. Direkt an den Sënn koumen mer Nikon D90 an Nikon D300.
Ech hunn lo schonn an e puer Testberichter am Internet gelies, dat se vun der Bildqualitéit hier zimlech gläichop leien, dass awer d'D300 méi robust an individuell wier, während d'D90 och nach eng Videofunktioun huet, woubäi ech mer secher sinn, dat ech se héchstwahrscheinlech nie wäert benotzen... Ausserdem soll den Präis vun der D300 lues a lues falen, vu que dat se vun der D300s ofgeléist gëtt...
Ausserdem hunn ech nach mäin Sigma DC 18-200 mm OS HSM, an hunn néirends sou richteg fond, ob ech déi zwee och nach weiderhin optimal kann mateneen notzen.
Wier frou iwwert all Hëllef an vläicht total aner Iddien (awer Nikon sollt et sinn)
|
|
Thema: iPod -> Wéieen hues du? |
|
IPod nano, deen neien, awer net deen ganz ganz neien matt der kamera, mee deen jüst firdrun
(hoffen dat wua lo net zefill konfus
)
|
|
|