Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Uni Bewerbung (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=986)


Geschrieben von yoshi am 01.04.2008 um 19:48:

  Uni Bewerbung

Bonjuer alleguerten,

Ech sin amgaang mech op Fachheichschoulen unzemellen fir Fotografie ze studeieren.
Lo hun se mer zousätzlech zu menger Mapp dei ech weisen muss na 2 Aufgaben gin, wou ech bessi hänken mat den Ideen. Ech hun zwar lo schon e puer Ideen, mee et ass na net daat nodeems ech sichen. Ech geif mech iwwert all Idee oder flaicht na eichter nemmen Gedankengang freen duerch deen ech flaicht eng Idee fannen kann.

Also ech muss vun beid Themen minimum 5 Fotoen maan, also eng Serie:

1. Ein Tag im Leben von...
2. Visuelle Verwandtschaften

Waat geet ierch dobai duerch den Kapp?

Soen lo schon Merci fir egal waat der schreiwt, alles kann hellefen smile



Geschrieben von Polinger am 01.04.2008 um 20:07:

 

hmmmm... steet naischt mei genaues dobäi? keng prézisiounen an weieng richtung daat ganzt soll goen? ^^



Geschrieben von JADE am 01.04.2008 um 20:42:

 

also 1 ass awer schon zimmlech einfach, nee?

bei 2 ... denken ech nët onbedéngt un Mënschen ...

ech soen nach nix waat ech doranner gesin ...
loossen dech nach bessi zappelen ... an tiirmen ... Zunge raus



Geschrieben von gloda am 01.04.2008 um 20:49:

 

Visuelle Verwandschaften kléngt cool. Huel Saachen déi guer näischt mateneen ze din hun, mee déi duerch eng Form oder eng Faarw kënne verbonnen gin.
Zb en Kiischtenjugurt an en rouden Doppeldeckerbus.

Fir déi aner Aufgab géif ech probéieren en abstrakt Konzept ze fannen fir déng Bewärter ze iwwerraschen. Eppes wat iwwert den typeschen Ein Tag im Leben eines Tennisschuhs/Kaugummi/Kugelschreiber eraus geht. Spontan kënnt mer an den Sënn Ein Tag im Leben eines Lächelns. Wéi eng Persoun eng aner ulaacht, déi Persoun nees eng aner, an wéi dat Laachen deen Daag esou ëmmer virun gin get.



Geschrieben von Polinger am 02.04.2008 um 10:14:

 

yaeh ... also gloda, du hues saugudd ideen ! respekt! =D



Geschrieben von Kleent am 02.04.2008 um 11:58:

 

Ech géiff vläicht beim 1. Thema en stressege Beruff eraussichen - wéi z.B.: Dokter, Avecot , etc. (...do gin et jo verschidden Méiglechkeeten) - an dann eben 5 Fotoen vun deem sengem Daagesooflaaf maachen, déi daat ganzt beschréiwen.

Edit: Natiirlech muss déi ganz Hektik vum Alldaag op de Fotoën ze erkennen sin... z.B. kann een do mat laangen Beliichtungszäiten schaffen. Ech hun elo schon e puer sou Fiirstellungen am Kapp, wéi daat sollt ausgesin, mee ass schwéier ze beschréiwen...



Geschrieben von Polinger am 02.04.2008 um 14:33:

 

hmmm... wees net op daat eng gudd ass, Kleent ... ass mer ze normal... giff et besser fannen, wann een eben eppesméi abstraktes geiff maachen... dei idee mam Laachen, waat vun Persoun zu Persoun weidergereecht gett, fannen ech top... mengen dass dei Unis-Professoren och op Fantasie etc. kucken an wann dei Fotoen gudd gemaach sin (net ZE alldéglech) ass daat en Pluspunkt vis-à-vis vun engem, bei deem se gesin, dass en sech net ganz genau iwwerluegt huet, wei en dei Virraussetzungen erfellen well... Bon ass lo natierlech meng meenung, an schlussendlech ass et jo dem Yoshi seng entscheedung, op hien sech vun den ideen inspireieren leisst oder net großes Grinsen

@Yoshi: so eis bescheed Augenzwinkern Zunge raus



Geschrieben von Kleent am 02.04.2008 um 14:37:

 

Stemmt schon, mee a mengem Kapp ass déi Idee guer net sou alldeegleg Augenzwinkern
Du hues awer recht, ass lo net grad déi kreativsten Idee Augen rollen
Et war eben lo just déi éischt Idee, déi mer sou spontan agefall ass smile



Geschrieben von toto am 02.04.2008 um 16:09:

 

as daat net een grond fir een neien contest ze starten mat deenen 2 themen dei den yoshi machen muss ?

nemmen mir grenzen et op 1 foto fir all theme

dat helleft dem yoshi an eingems an mir hun een neien contest



Geschrieben von yoshi am 02.04.2008 um 16:31:

 

hehe d'idee ass net schlecht, mee gei mol kucken, et ass schon en contest am gaang Augenzwinkern
an ausserdem muss ech dei fotoen an 2 wochen ofgin.
merci alleguerten fir aer ideen an gedankengäng, dir hudd mech vill weiderbruecht. dem gloda seng art an weis un dei sujeen run ze goen ass genau dei dei ech gesicht hun, eppes waat net den eichten gedanken ass, wou een mierkt, deen huet iwwerluecht. wolt och bei ein tag im leben von op allefall keng persoun huelen, also keen beruf oder sou, och wann ech mer verschidden cooler ausgeduercht hun, et ass ze banal.



Geschrieben von Polinger am 02.04.2008 um 17:09:

 

cool ... daat mam oofgabetermin ass allerdengs schued... waat eis awer secher net drun hennert, een contest ze organiseieren! Auf zu neuen Taten, auf zu neuen Ufern! An lass... wei mecht een daat? Zunge raus verwirrt



Geschrieben von yoshi am 12.04.2008 um 23:01:

 

majo et sin nach 3 deeg bis ech dohinner fueren an ech hu lo just meng aufgaben ferdeg gemaach, hei also waat ech gemaach hun:

1."Ein Tag im Leben von..."
Ech hun den leschten daag aus dem Liewen fun engem Fixfeierspoun illustreiert. An zwar aus der Siicht fun deem Stéck. Eicht Foto ass dann wou en nach an der Kescht ass an dann kennt en liichtstrahl eran, dann hellt eng hand en raus, gett ugefaangen, geet bei eng kerz an dei geet un, dann gett en ausgeblosen an den damp ass ze gesin. Wei gesot alles aus der perspektive vum Fixspoun selwer.

2. "Visuelle Verwandtschaften"
Ech hun mer Deeler fun Architekturen gesicht dei ausgesin wei Buchstawen an elo keng Detailer, nee richteg puer Meter grouss Buchstawen. An dei hun ech dann fotografeiert emmer am selwechten Stil an dann ergett dei Serie wann se ausgebreed um Desch lait daat Wuert "Verwandt".

Soss an menger Mapp sin na folgend Serien:
- Portraits (bessi extra saachen)
- High Speed Fotoen
- Produktwerbefotoen
- Déieren
- Formen an Strujturen
- Reportage
- Sport



Geschrieben von toto am 13.04.2008 um 00:16:

 

ma dann wenchen ech der viel gleck.



Geschrieben von Incognito am 13.04.2008 um 01:27:

 

fir den éischten punkt giff et vielleicht gudd kommen en mensch ze huelen deen aanescht duerch d'liewen geet wéis du selwer. Wéi waer et villeicht mat enger manner verméigender Persoun wéi engem Strummer vun der Gare. Du begleeds deen einfach vun moies frei bis owes speit... documentéirs daat ... daat giff ech z.b. direkt maan.

Den 2. punkt ass effektiv net daat einfachst ...
du kéins jo och eng photo vum kiischtenjoghurt maan an herno vun der persoun déi genesslech den leffel ofleckt ... oder sech herno gudd gemittlech den bauch hellt wéinst deem gudden joghurt ...ass just eng virschlo ...



Geschrieben von yoshi am 13.04.2008 um 04:31:

 

merci toto smile

@inkognito: et ass schon ze speit fir firschlei Augenzwinkern d'aufgab ass riwwer, merci awer smile



Geschrieben von Polinger am 13.04.2008 um 10:45:

 

Okay Yoshi: Vill Gléck an wann et schief geet ( waat awer net gescheihen wärt) dann so mer d' nimm an d' adressen vun deenen Typen... XXD Zunge raus Augenzwinkern



Geschrieben von Jean-Jos am 13.04.2008 um 12:31:

 

dat kléngt exzellent, wat's du do gemacht hues, vläicht kréie mer jo emol eppes dovunner ze gesin...
edit e bësse méi spéid: bonne chance hat ech vergiess ze soen!



Geschrieben von JADE am 13.04.2008 um 12:47:

 

Tiptop hues du daat gemach ...

bei 1 ...
do haat ech och éischter un een Objet geduecht
z.B. een Daag vun enger Zännbiischt oder vun engem Bréif oder vun engem BH (großes Grinsen ) ... oder dann awer vun enger Wonn

bei 2 ...
exzellent Idee ... daat ass bestëmmt ganz gutt gin ... an en plus lauter verschidden Buchstaawen

ech machen mir Null "Suergen" wéi deen Dossier unkënnt fröhlich



Geschrieben von yoshi am 13.04.2008 um 13:31:

 

@jade, ass jo en objet, den fixspoun smile

merci nach eng keier un jidfereen hei, war ganz hellefraich, och wann ech mengen ech naicht fun deem gema hun smile



Geschrieben von JADE am 13.04.2008 um 13:49:

 

Zitat:
Original von yoshi
@jade, ass jo en objet, den fixspoun smile

merci nach eng keier un jidfereen hei, war ganz hellefraich, och wann ech mengen ech naicht fun deem gema hun smile


majo, daat ass och een Objet ...
dofir soot ech jo ... "ech haat OCH éischter un een Objet geduecht" ... an nët un een Mënsch/Beruff ... well daat ze klassesch wier ...

fröhlich


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH