Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- LaCie Ethernet Big Disk (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=929)


Geschrieben von mikE am 15.01.2008 um 08:38:

  LaCie Ethernet Big Disk

Moin, moin,

ech hun mol gemengt mer esoueppes unzeleen CLICK fier plaatz um Büro ze maan an fier keen gesouerts mei nierft dem Mac ze hun.
Installatioun: kee Problem! Ass direkt vum Mac erkannt gin, an mat der Software dei derbäi ass, kann een en ganz easy administréiren, user schaafen, etc...
Do hun ech dann emol geschter owend direkt probeiert, an e Fichier eriwwer gesaat: 28Gb...2 Stonnen! verwirrt
Ech wees jo net, mee fannen daat laaaaaaaaaaaaaaang. T'Donnéen sin mat ongefeier 4 M/s eriwwer gaang. En benotzt den Apple Filing Protocol (afp). Ass et deen deen daat esou lues mecht? Keint en och nach iwwer ftp oder smb laafen loossen. Giff daat eppes änneren?

Merci,
Mike



Geschrieben von Johny am 15.01.2008 um 08:49:

 

Also ech wees net ob et um afp läit, well sou Ethernet Harddisken si bekannt dofir dass se relativ lues sinn waat daat ugeet. Kanns der jo mol Cyberdruck roflueden (kuerz an de google aginn a schonn hues de en), an dech per FTP drop verbannen an et dann testen, ob et vill Ënnerscheed mëcht.



Geschrieben von mikE am 15.01.2008 um 09:06:

 

ma dann probeiren ech daat mol den owend, merci Johny

Edit:
Du mengs Cyberduck an net Cyberdruck Augenzwinkern



Geschrieben von deendo am 16.01.2008 um 19:21:

 

All apple fan dierft et interesséieren dass Apple elo och esou en "Déngens" erausbréngt, an zwar ass daat en wifi access point (802.11n) mat 500 gb fir ca 300 eur, an mat 1 tb fir ca 499 €. Den Produit wärt am febuar op den marché kommen. Gleewt mer et einfach :-)



Geschrieben von deendo am 16.01.2008 um 19:23:

 

okay, ech kann den link lo och gin HEI, vu que dass ech nët secher war dass déi Info schon offiziell eraus ass oder nët. Mir kruten haut den Communiqué de presse ;-)



Geschrieben von Johny am 16.01.2008 um 19:44:

 

Et war öffentlech su ongefeier um halwer 7 gescht owend eiser Zäit Augenzwinkern

Ech fannen et vill ze deier ... an den "dengens" heescht Time Capsule Augenzwinkern



Geschrieben von ApplEric am 16.01.2008 um 20:23:

 

En ass nach laang net sou deier wei hirren neie MacBook Air, en Notebook no deems d'Welt nach nie gefrot hudd… Deier wei ech weess net wat, mee et ass fier mech nemmen en halwen Computer… (keen CD-/DvD-Laafwierk, nemmen 64gb Speicher, nemmen 1,6 respektiv 1,8 ghz etc…)
Ass wierklech nemmen een notebook matt deem Aplle allt mol rem der Welt well beweisen wat se dach fier schein Saachen bastele kennen, richteg praktesch ass en awer net.

Wat den Time Capsule betrefft, 1 Terrabyte ass intressant, mee wann ee keen Wireless hudd, ass een och rem domm drun.
Mer hun zwar souwisou en Ethernet-Harddisk vun 320gb vun Buffalo, matt direktem iTunes-Plugin, an deen ass awer wierklech seier. (grad sou seier, wann net nach e Krack mei seier wei mein maxtor Firewire-HD) Doweinst verstin ech lo net, firwat de LaCie do mei lues sollt senn…
Wat huss de dann fier eng Ethernet-Leitung?
Do gin et jo bekanntlech och nach verschidden Geschwindegkeeten… Do geht et z.B vun 10 Mbit/s, 100 Mbit/s bis 1 Gbit/s. Flait leit et hallt un der Leitung…



Geschrieben von mikE am 16.01.2008 um 21:27:

 

N'owend,

majo ApplEric, du wärs laachen, mee ech wees daat emol net! verwirrt verwirrt verwirrt unglücklich

Ech wees waat ech als Abonnement vun der Post hun, awer net welch vitesse tescht dem LaCie an mengem Mac! Schlemm gell! Augenzwinkern
Wanns de mech frees welchen Router ech hun, soen ech der keen, well ech e Switch hun. An deen leet Vitessen 10/100/1000 ....
An de Patchpanel mecht jo guer näicht enfin, en leet einfach nemmen daat weider waat e krit...

Lo stinn ech hei mam Fanger am A...



Geschrieben von Johny am 16.01.2008 um 21:52:

 

Hues de net mam FTP probéiert?

@Eric: Ech geif der jo gäer äntwerren op den Deel zum MBA mee daat gehéiert hei net hin großes Grinsen



Geschrieben von mikE am 16.01.2008 um 22:08:

 

ahjo, richteg: den LaCie refuséiert dem Cyberduck den accès. obwuel ech en mat richtegem usernumm an pw agloggt hun ...

Awer: ech hun via den Intego eräusfonnt, das Donnéen mat enger vitesse vun ongefier 4M/s eriwwer gin ...



Geschrieben von ApplEric am 16.01.2008 um 22:36:

 

Hmhmhm, jo 4Mbit/s ass jo net grad immens…
Mier hun hei heem mengen ech 100Mbit/s oder souguer 1000Mbit/s, dat geht dann natierlech scho mei seier…
Mee dann hätte mer jo lo zu mindest mol de Problem vum luesen Datentransfert opgedeckt. Lo fehlt nach d'Leisung.
@ Johny: Dann scheck mer eng PM, oder maach en neien threat op. :-)



Geschrieben von Johny am 16.01.2008 um 22:40:

 

Et ka sinn dass de FTP als eischt muss aktivéiren um Admin interface vum harddisk, bei mengem netzwierkspaicher ass et op jiddefall esou.

@eric: nö smile



Geschrieben von mikE am 17.01.2008 um 09:01:

 

Majo,
hun mech via ftp wollten am safari aloggen, deen versteet daat awer net an mecht mer eng fehlermeldung: näicht geet.
hun dunn am firefox probéiert, an do kreien ech mech via ftp ageloggt, kann den inhalt vum disk kukken (kreien sou eng table of contents mat dossieren) an daat wor et. mei krein ech dann net gemaach.

waat ech nach eräusfonnt hun, ass dass en mer an der config schreift, dass eng connexioun mat 100M/s ass.

Mee waat mer elo sou ganz spontan a'fällt: kann fläit den antivirus oder d'firewall interféreiren?



Geschrieben von Johny am 17.01.2008 um 11:30:

 

Antivirus op engem Mac ... o0

Firewall ass am fong dofir do fir Verbindungen vu bäussen op de Mac ze blocken, an mecht daat net dem emgedréintne Wee.

Mee lo fällt mer grad nach eppes an ... Fiers du iwwer wlan fir op den Harddisk zouzegräifen?



Geschrieben von mikE am 17.01.2008 um 11:36:

 

waat ass schlecht un engem AV op engem Mac? smile

neen, hu kee WLAN doheem, nemmen Leitungen



Geschrieben von Johny am 17.01.2008 um 11:45:

 

Du bräuchs keen well et keng Viren ginn fir Mac OS X, ganz einfach ...

Hm awer iwwer Leitungen ... jeje.

Probéier mol filezilla rofzelueden, en aneren FTP-Programm an dann probéiers de obs de dech domat alogge kanns.



Geschrieben von mikE am 17.01.2008 um 12:50:

 

well leitungen "out" sin?

probeiren den filezilla den owend

EDIT:
Dass et en sollen KENG Viren gin fier Mac, gleewen ech net. Manner wei Windows, ok. Mais vu que dass den Mac emmer mei populär gett, kann et net mei vu laanger dauer sin, dass der mei kommen... Soen ech elo mol, a mengem jugendlechen Liichtsenn



Geschrieben von Johny am 17.01.2008 um 12:56:

 

Nee em Gottes wëllen, et gëtt näicht besseres wei e gudden Ethernetkabel fir soueng Vebindung, mee wanns de wlan gehaat häss, hätt daat de Problem definitiv geklärt großes Grinsen



Geschrieben von mikE am 17.01.2008 um 13:12:

 

Zitat:
Original von Johny
Nee em Gottes wëllen, et gëtt näicht besseres wei e gudden Ethernetkabel fir soueng Vebindung, mee wanns de wlan gehaat häss, hätt daat de Problem definitiv geklärt großes Grinsen


hehehe, dann hätt ech de post net gemaach (sou verkomm sin ech nach net Augenzwinkern ), well den Mac steet am Büro um Späicher an den LaCie am HeizungsKeller: leien nach 2 Stäck dertesch an villllllllll arméierten Beton
Augenzwinkern smile großes Grinsen
Merci awer fier den hint Augenzwinkern



Geschrieben von FranzMacN am 17.01.2008 um 18:29:

 

Hi Mike,

ech hun och esou een Lacie, awer mat USB/ Ethenet & Firewire400 & Firewire 800.
Ech hun den firewire 400 direkt un een Mac G5 ugeschloss. Domat gin ca 35mb/sec eriwwergescheppt (op den Disk schreiwen). Mee dess Werter hänken dovunner oof ob et eng grouss File ass (typesch Video vun ee puer GB) oder dausende klenge Files (typesch cache, text...). Dann kann bis op 3-5mb/s erof goen well de System net nemmen Daten eriwwerscheppt, mee och den Directory updaten muss.

Kannst du eis mol soen weien Mac, a wei du den Disk ugeschloss hues.
Fir ze testen kannst du jo och USB2 benotzen all all den Ethernet bypassen.
Probeier den Disk op OSX Extended (Journaled) ze formateieren.

mfG
Franz


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH