Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iPod -> Wéieen hues du? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=863)


Geschrieben von Johny am 05.10.2007 um 15:50:

  iPod -> Wéieen hues du?

Dann zielt emol wéieen iPod dir hudd smile Ech wollt dës Emfro schonn éischter starten mee vu dass ech mäin bestallt haat an en haut komm ass, wollt ech nach waarden, hehe.Schreift dann och nach wéivill Späicher dir hudd smile

Ech fir mäin Deel hu lo säit enger Stonn den iPod Touch, en ass nach amgaangen ze syncen ... 16GB



W.e.g. kommt net matt "ech fannen iPod schäiss", jiddreen huet seng Meenung, an daat Thema hei soll sinn fir déi déi zefridde si mam iPod smile

PS: 5G an 5.5 sinn déi déi räus waren just firun dem läschten Update um Ufank September.



Geschrieben von -Laurent- am 05.10.2007 um 15:59:

 

Hmm hun een Ipod Nano den neien Modell Augenzwinkern

Ipoden sin Schrott well se emmer futti gin ^^, mee fannen se awer geil großes Grinsen



Geschrieben von Mojoo am 05.10.2007 um 16:02:

 

iPod Video 30GB (Wäiss)



Geschrieben von Olivier am 05.10.2007 um 16:05:

 

Sin schrott? Nja.... ech haat jsut eng keier en probleem, mee, do kruut ech main iPod 20GB geklaut.

Momentan hun ech den iPod Video 30GB... den iPod touch steet och glaich op menge wonschlescht... 16GB natirlech smile



Geschrieben von Johny am 05.10.2007 um 16:10:

 

Laurent, dee ganz neien? Den sou mies äusgesäit? großes Grinsen

(Mäin iPod Touch ass nach amgaang matt syncen ... wëll endlech testen kënnen. Eigentlech hätt e sollen vill méi spéit ukomme mee daat war lo ratzfatz gaang, 2 Woche méi fréi wéi geplangt. An hei nach en Screenshot vum Apple Order dings deen lusteg ass großes Grinsen )



Geschrieben von -Laurent- am 05.10.2007 um 17:06:

 

Jo den ganz neien großes Grinsen

Kanns soen waats de wells mee haalen doen dei denger net immens Augenzwinkern
kennen soufill futtis ipoden ^^



Geschrieben von MarcGerard am 05.10.2007 um 20:55:

 

hun coh deen neien nano. also et as deen éischten ipod deen ech mer geleescht hun, net dass ee mengt ech wier emmer hannert deem neisten trend hier großes Grinsen soss hätt ech den touch kaf großes Grinsen

ech hat awer coh schon ee problem! en as net méi ugangen.. nix ze man.. mäi brudder huet mer dann gewissen dass een iergendwéi reset-en kann... weess awer net wat do schief gangen as!
as dat méi heefeg ?

edit: 8 Gig



Geschrieben von ApplEric am 05.10.2007 um 21:38:

 

Ech hun natierlech de klengen iPod shuffle am styleschen Aluminium-Design. :-) I Love it! Genau dat richtegt fier moies am bus oder soss wou, well een en emmer derbei hudd.
Mee et gett d'nächst Vakanz en iPod 80gb matt Photo-Adapter, da kann ech meng Fotoen drop setzen a muss keng 100 CF-Kaarten mattschleefen. (Woubei ech nemmen eng hun)



Geschrieben von marischen am 05.10.2007 um 22:40:

 

hm do ass nix fir wann een guer keen iPod huet traurig



Geschrieben von MarcGerard am 05.10.2007 um 23:27:

 

Zitat:
Original von marischen
hm do ass nix fir wann een guer keen iPod huet traurig


hihi!
da bleiw dobaussen du aussenseiter großes Grinsen



Geschrieben von paulwagner am 06.10.2007 um 09:03:

 

Ech hun nach emmer deen ganz aalen iPod mini, deen ass nach grouss (huet sech besser an der hand) a stabil a net sou kleesper. Mais leider gi mer dei 4gb fir d'frécken net duer.



Geschrieben von Surf-republican am 06.10.2007 um 09:40:

 

ma ech haat och su een scheinen bloen iPod mini...4GB (wei den paulwagner schon ungedeit huet ass mer daat net su richteg duer gaangen)
et war een vun deenen eischten minis hei am land Augenzwinkern
an deen huet mech duerch deck an denn begleed...ech haat en bis firun fiergeschter (donneschden 4 oktober 2007) wierklech baal all eenzel dag am gebrauch...an en huet och dementspriechend ausgesin...ech hun zua missen eng keier een neien akku dran maachen well deen eischten et nemmi gepackt huet...mee ech emngen daat ass ganz normal...sou oft wei ech deen laafen haat...deen ass wierklech baal dag an nuecht gelaaf...ech haat nie problemer mat em...ech heiren emmer vun sou villen leit, dass se sou dermoossen vill an nerveg problemer mat hieren iPods hätten...ech haat lo oofgesin vun en puer akku-macken keng problemer...

aaaan lo...seit fiergeschter (en donneschden 4. Oktober 2007) hun ech mein neien iPod Touch 8GB

daat deier ass einfach nemmen geil großes Grinsen
ech -lieben- daat dengen...
daat war dei ebschten investitioun dei ch bis lo gemach hun...also en ass wierklech nemmen weiderzeempfehlen!



Geschrieben von Mano am 06.10.2007 um 12:31:

 

ech hun och nach souen scheinen aalen hellbloen ipod mini(4gb)
mei gott wat huet deen schon eppes matgemaach...sein akku ass leider och net mei dat wat en mol war ^^ hellt just nach 40 minutten Oo geet knapps duer vir moies an schoul XD
Sin dofir am gaang ze iwwerleen op ech soll en ipod nano oder en ipod touch kafen XD
deen leschten ass natierlech mei deier an awer och mei cool..
weess keen mer ze helelfen dass ech mehc entscheede kann? ^^

@MarcGerard -> dass een den ipod reseten muss dta ss ganz normal
wann en eng gewessen zeit net am gebrauch ass muss een en halt reset-en
mee do gete nix verluerAugenzwinkern also ech hun dat shcon souoft gema XD



Geschrieben von Johny am 06.10.2007 um 14:47:

 

Zitat:
Original von Surf-republican
aaaan lo...seit fiergeschter (en donneschden 4. Oktober 2007) hun ech mein neien iPod Touch 8GB

daat deier ass einfach nemmen geil großes Grinsen
ech -lieben- daat dengen...


An ech duecht ech wir schonn alleng hei matt Touch, yeah großes Grinsen



Geschrieben von Surf-republican am 06.10.2007 um 15:22:

 

hehe...nee nee keng angscht...
ech hun mech grad an der staad beim "hotcity" ungemellt an Setzen grad an der groussgaas...waehrenddeems ch Grad schreiwn!
mee ech hin grad gemierkt, dass deen "spellcheck" beim schreiwn mat der zait letzeboiesch leiert!!!
ech kommen aus dem staunen nemmi raus!!!
daat ass einfach nemmen den wahn!!



Geschrieben von Johny am 06.10.2007 um 15:44:

 

sérieux? Freck ... also ech hun de WLAN och scho probéiert mee getippt hun ech lo nach net vill. Daat do muss ech awer probéiren den Owend großes Grinsen



Geschrieben von patrickr am 06.10.2007 um 17:26:

 

Et fehlt eng Case an der Emfro. Ech well uklicken:

"guer keen"


Augenzwinkern



Geschrieben von Buba am 07.10.2007 um 13:27:

 

Ipod as mega gail, soulaang een sech ken sichen geet. hehe

Also ech haat den Ipod nano 4GB silver.. haat en leschten Chreschtdag kaaft, an wei vill aaner leit, och deck beandrock dovunner. War ennert aanerem main eischten Apple Produit smile

All moies, war en main ,,Waakrechmacher'' am Bus, an en ,,Entspaaner'' no der Schoul dofier hun ech en och permanent bei mer gedroen, d.h. an der Jacket.

Dun as enkeier deen dag komm, wou ech main Ipod gesicht hun. Nondikass....wou keint en dann nemmen sin? ...Ech wosst, dass en soss emmer an der Jacket war, mee dei kont ech net fannen...Dun hun ech meng Mamm gefroot, ob se net weist wou se wier: Hei as d'äntfert: ,,Ahh d'Jacket as an der Wäschmaschine!'' LOL

Daat war fir mech en Moment de la Mort...Natierlech geet dain Ipod sait deem net mei, ech kann en nach un den Computer unschleissen, mee wann ech well ennerwee lauschteren, geet en net mei. Mengen dass eppes mam Akku as..En lued och net mei op. Liesen grad hei, dass schon puer Leit den Akku wieslen gelooss hun. Geif ech intereseieren weivill daat kascht...



Geschrieben von n0brein am 07.10.2007 um 15:46:

 

ech well ee Zune!!



Geschrieben von yoshi am 07.10.2007 um 19:25:

 

ech hun guer keen ipod, ech hun emmer drop gewaard dass eppes wei den iphone kennt an lo ass en glaich do an dann sin ech happy Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH