Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iTunes Audio Enhancer (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=839)
Geschrieben von Mojoo am 11.09.2007 um 20:19:
iTunes Audio Enhancer
Ech sichen noo engem
Plug-In fir den iTunes mat deem ech den Klang vun mengen Audiodatéien veränneren kann, also souzesoën een "besseren" Equalizer. Ech hun bis elo nemmen Demo- oder Trialversiounen vun esou Programmen fonnt, wei zB den
Srs iWow deen immens performant ass, oder den
Volume Logic.
Bei apple.com/downloads hun ech näicht Anstänneges fonnt.
Huet een eng Idee oder Erfahrugen?
Merci villmools
.
Geschrieben von Garry am 14.09.2007 um 10:50:
RE: iTunes Audio Enhancer
ola
also eng Leisung fier dai Problem hun ech leider och net mee ech hun awer su en aehnleche Problem a wollt lo net extra en neit Thema opmaan...
Mai Problem as: ech hu lo su kleng extern Boxe ugeschloss fier iwwert de line out bessere Klang ze kreien wei iwwert dei intern vum Mac. Bon.. deen as awer och net su daat gielt vum Ee an den equalizer vum iTunes as einfach Schrott: D' Boxe klengen emmer nach ze hell an de Mac selwer klengt mer ze detaillos...
Den Haaptproblem as datt ech net wees wei ech dei 2 mateneen un d'goe kreien dh dei extren Lautsprecher + dei intern vum Mac well subaal een eppes uschleisst get de Mac keen Toun mei vu sech..
Get ett do iergendwou eng Funktioun / plugin datt een dei extern + dei intern matenee laafe loosse kann ? Vlaicht klengt daat e bessi besser.. kA
Waer frou iwwert all Fierschlaach
Dankööö
Geschrieben von ApplEric am 14.09.2007 um 12:29:
Souweit ech weess gett et do keng meiglechkeet fier dei intern an dei extern matteneen laafen ze lossen...
Wat huss de fier e Mac? Bei mengem iMac woren deemols nach dei cool ronn Bullen vun Harmann/Kardon fier den extra Speakerausgang um iMac G4 derbei. Dei klengen wierklech gudd!
Wanns de och sou een speakerausgang fier dei Harmann/Kardon huss, giff ech der rooden mol op eBay nodeenen ze sichen, dat klengt wierklech gudd.
Mee soss datt den Equalizer vum iTunes net sou genial ass, mierken ech och dachs, wann ech meng Stereosanlaach uschleissen. Do ass dach emmer en terriblen qualiteitsverloscht. Kann zwar och um Kabel leien...
(sou een vun 2€ vun Hama)
Geschrieben von Mojoo am 14.09.2007 um 17:17:
RE: iTunes Audio Enhancer
Zitat: |
Original von Garry
Den equalizer vum iTunes as einfach Schrott: D' Boxe klengen emmer nach ze hell an de Mac selwer klengt mer ze detaillos... |
Besser (mei richtëg) Formuléirung: Deng Boxen sin Schrott
!
Genau d'nemlecht wei beim Eric:
Zitat: |
Original von ApplEric
[...] Mee soss datt den Equalizer vum iTunes net sou genial ass, mierken ech och dachs, wann ech meng Stereosanlaach uschleissen. Do ass dach emmer en terriblen qualiteitsverloscht. Kann zwar och um Kabel leien... |
Am Allgemengen bedéit all Equalizer Qualitéitsverloscht. Mei Bass, mei Héichten, etc brengen emmer mat sëch dass d'Musek netmei esou klengt wei se klengen soll mee individuel verännert gouff, wei een et selwer eben gudd fënnt.
Wat um iTunes Equalizer ënner Emstänn net esou gudd ass, ass dass een net genuch Anstellungen zur Verfügung huet dei een individualiséieren kann an een net iwwert eng gewëssen Grenz goen kann (zevill Bass klengt och rem net gudd). Vergläichen kéint een dat am Photoshop mat der Funktion "Use Legacy" am Kontrast/Lightnesspanel. Ass dei Funktion net ageschalt kann een zB mam Kontrast net iwwert eng beschtëmmten (onréalistësch) Grenz goën, wou d'Foto sws netméi schéin giff ausgesin.
@Marc: Nee soueppes hun ech schon
. Merci awer!
@Garry: Sichen nach noo enger Léisung fir däin "Probleem".
Geschrieben von Garry am 14.09.2007 um 17:34:
@Mojoo : rofl... hmpf.. jo..Recht hues de.. loss mol sin..
Daat eenzegt gebrauchbart waat ech bis elo fonnt hun as daat hei:
http://docs.info.apple.com/article.html?artnum=300230-en
Daat leist dann de Problem vun de kacke Boxen a vun den 2 paralelle soundsystemer
thx awer ^^
Geschrieben von Mojoo am 14.09.2007 um 21:27:
@Eric: Ech mengen net dass et vill Wäert huet dem Garry déier Boxen unzerooden, soss hätt hien sech deer direkt kaaft
.
@Garry: Sou wäit ech recherchéiert hun geet et net dei intern an extern Boxen mateneen oofspillen ze loosen, leider. Ansëch brauch een "Autonormalverbraucher" dat och net
.
Lued der d'Demo vum Srs iWow mol eroof, fënns du et dann besser? Wann jo brauchs de keng aaner Boxen
. (Subwoofer ass Pflicht).
(
http://www.srs-store.com/store-plugins/mall/iwow-plugin.asp)
Geschrieben von Garry am 14.09.2007 um 21:33:
@Mojoo : genau
hard times... lovely job
villmols merci awer
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH