Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Weis Eis Déng Hompage (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=756)
Geschrieben von Pelz am 17.11.2008 um 15:04:
Wow Shanti...Mega schein HP! Respekt!!!!
Geschrieben von Shantideva am 17.11.2008 um 17:55:
@BlackPanther an Pelz:
Merci fir den Feedback. Et freed mech dass se gefällt. Dann huet sech d'Aarbescht jo gelount.
Geschrieben von Dan am 17.11.2008 um 19:25:
D'Arbecht huet sech a méngen Aen wierklech gelount!
Ech haat zwar nach nët déi nédieg Zäit fir mir déng Säit am detail unzekucken, mee den éischten Androck ass top!
Ech kucken ganz geschwënn awer nach eng Kéier méi lang eran!
Geschrieben von axo-boy am 06.12.2008 um 15:10:
fotos
eng hp mat engem kolege, do sin puer fotoen dei mer gema hun drop
der kennt eis jo o and gb schreiwen wann der wellt
link:
www.ls-photo.hot.lu
merci
Geschrieben von gloda am 06.12.2008 um 15:26:
Invitéier eis nach eng Kéier wann der en Site hudd op deem een net no fënnef Sekonnen den Kapp wéi kritt. Liesbaren Text wier en Ufank.
Geschrieben von arwa am 06.12.2008 um 15:35:
bei mir huet ët 10 seconnen gedauert
si jo nët mei dée jengsten
Geschrieben von Dan am 06.12.2008 um 15:41:
Ech ka mech hei just uschléissen...
Geschrieben von axo-boy am 06.12.2008 um 19:38:
dat as jo egal
get emt fotoen XD
ok hun jo den nowend genuch zeit an verbesseren et e bessi
Geschrieben von JADE am 06.12.2008 um 19:59:
Zitat: |
Original von axo-boy
dat as jo egal
get emt fotoen XD |
ët ass awer zevill unstrengend fir sech déi Fotoen iwerhaapt emol unzekucken resp. sie gin null en Valeur gesaat matt deenen 100.000 Apparater déi hannendrun défiléieren
post deng Fotoen hei, dann kriss du och villPaicht Comments, wann se villäicht aktivéiert gin
Geschrieben von axo-boy am 06.12.2008 um 20:36:
mee hun elo geänert, den hannergrond hun ej mol schwartz gema ,dass et fotoen besser 'erausstierschen an bessen text geännert
pls elo kuken goen
Geschrieben von Johny am 07.12.2008 um 13:19:
Un däin Thread hei erangesat well et jo em eng Homepage geet, dofir muss net jiddereen en eegenen Thread opmaachen
Geschrieben von axo-boy am 07.12.2008 um 14:19:
sorry hat dat net gesinn
Geschrieben von Johny am 21.12.2008 um 14:46:
Direkt wat mer als éischt opfällt: Du hues dem Dokument keen Titel ginn, et gëtt ugewisen "Untitled Document", dat ass net ganz gutt
Ech hätt ausserdem keng sou laang Adress gewielt, dat sollt éischter kuerz an einfach sinn.
Dann zur Säit selwer: Ech géif déi fäerdeg Borden déi ugewise ginn ersetzen duerch eegener oder guer keng maachen, rondrem de Këschten all. D'Schrëft géif ech änneren op eng typesch Web-schrëft souzesoen, Arial, Verdana, Tahoma z.B. An d'Links géif ech en anere Stil maachen, net dat Standard blo/mof, mee eppes eegenes.
Et ass mer allerdings bewosst dass de wuel réischt ugefaang hues domatt, an ech schon puer Joer Erfahrung hun dodran, dofir ass d'Kritik lo vläicht bësse vill beieneen
Geschrieben von gloda am 25.01.2009 um 15:11:
Fir déi wou an den leschten zwou Wochen nach net luussen waren, ech hun mäin Site frësch gestalt an Saachen ausgesin an Funktionalitéit.
http://gloda.net
Geschrieben von Neckel am 06.08.2009 um 13:41:
Salut
Ech hun meng Homepage geupdate an alles fresch gemach.
Kritiken an Verbesserungsvirschléi sen wellkomm
www.pnbaumann.com
Neckel
Geschrieben von deendo am 06.08.2009 um 15:21:
@ Neckel
Ganz flott, klassesch opgebaut, mat engem schlichten Design daat nët oflenkt an d'Fotoen erausstiechen léisst. Gudd geschafft! Wous de just oppassen muss ass mat denger propose fir dech ze buchen. Ech wees nët obs de do eng Steiernummer ufroen muss. Daat kann ënner Ëmstänn ganz schéin ant Box goen. Mach dech do dach emol schlau. Vlaicht schreift hei nach deen een oder aaneren eppes klenges dozou. Mir hun jo hei fir baal alles Expert'en.
Elo wou daat Thema hei nees nei ausgegruewen gin ass setzen ech mech glaich hannendrun.
Zënter Mëtt Juli bloggen ech regelméisseg iwwert meng Arbecht a meng Fotoen. Dir
fannt mëch hei, de Link steet och a mengem Profil.
Ech hun deen Blog ganz klassesch bei Wordpress.com ageriicht an kann daat jidferengem rooden deen sëch nët mat HTML & Co auskennt. Et huet een zwar nët esouvill Méiglechkeeten fir den Site unzepassen wéi bei aaneren CMS Systemer (ech denken do un Joomla), allerdéngs brauch een hei keen eegenen Webspace, keng Domain ze bezuelen, den Blog ass a 5 Minuten startkloer an kascht mat 3GB Spaicherplaaz kee Cent :-)
Deendo
Geschrieben von Neckel am 07.08.2009 um 01:11:
@ deendo
Merci fir dein Kommentar, freet mech wann se gefällt
Bass de der secher dass een sou eppes brauch ? Hun leider selwer keng Ahnung dovunner ...
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH