Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- .DNG an RAW-Fotoen am PS (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=556)


Geschrieben von ApplEric am 27.01.2007 um 12:17:

Fragezeichen .DNG an RAW-Fotoen am PS

Salut.
Zenter datt ech lo meng D70s hun, schaffen ech allt och am RAW, an well mein iMac net mei deen Seiersten ass, zumols matt sou Programmer wei Photoshop, etc., wandlen ech meng RAW-Fotoen vir ze bearbechten mam Adobe DNG-Converter em. (Krett ee Gratis bei Adobe roofzelueden)
Doweinst, wann ech se dann am .DNG hun, schafft de photoshop mei seier, an et kann een se och direkt an .jpg,... emwandlen, wat bei RAW, wann ech richteg gekuckt hun, net de Fall ass.

Mee ech wollt mol froen, op et ee Qualiteitsverloscht gett, wann een seng RAW-Fotoen an den DNG emwandelt. Mir ass zwar nach naischt sou opgefall, mee ech schaffen och nach net laang dermatt... Doweinst wollt ech hei mol nofroen, flait hudd och deen een oder aaner e puer tipps fir RAW an DNG.



Geschrieben von coolpix am 27.01.2007 um 13:36:

 

Nee theoresch dierft et io keen Qualiteitsverloscht ginn, well DNG io och en Reihdatenformat ass. Et soll io d'Meiglechkeet sinn, seng RAW-Fotoen dodranner emzewandlen, fier se och nach an 20 Joer glaeich opzekreihen an se nachengkeier ze verschaffen. Ech denken an Zukunft kanns de et an den Kamera'en och auswielen fier d'Fotoen direkt am DNG-Format oofzespaicheren. Hasselblad huet et schon, mengenech. Mää ech hunn nach net vill domadder geschafft, just probeiert.



Geschrieben von ApplEric am 27.01.2007 um 13:43:

 

Okay, merci. Jop, Hasselblad hudd den DNG-Format schon op de Kameraen. (Et ass nach eng aaner Mark, hun awer vergiess wei eng...) Mee bon, ech mengen, vir eng Hasselblad hun ech net dei neideg suen am Spuerschwein... Bleiwen do bei menger Nikon. :-)

Ass scho gudd ze wessen, datt keen Qualiteitsverloscht do ass... Zu mols well den Photoshop op mengem iMac besser matt DNG eenz gett wei matt den RAW. Do ass den DNG scho mei praktesch fier mech.



Geschrieben von coolpix am 27.01.2007 um 13:45:

 

An engem aanere Forum huet een dei glaeich Fro gestallt. D'Aentwert wor Augenzwinkern

Zitat:
Natürlich nicht, sonst hätte Adobe DNG seinen Daseinsberechtigung verspielt.



Geschrieben von MadSir am 15.05.2007 um 12:12:

 

Kann bestätegen dass d'Hasselblad an DNG oofspaichert.

Ech waar elo läscht Woch op der Adobe CS3 Roadshow, do hun déi vun Adobe gesoot (wou een muss oppassen - well et jo em hieren Produit geed), dass DNG den Rohformat vun der Zukunft wier.

Anscheinend sin aaner Hiersteller derbai och ze kucken fir op DNG emzeklammen, eeben graad well et dann een universellen Format gedd (wéi JPG), an d'Softwareentweckler net mei lauter Plug-ins an hier Programmer abannen mussen fir ze Convertéieren.

Ech sin a Moment bei mir am gaang all meng Fotoen an DNG emzewandelen (iwert den Lightroom geed daat tiptop). Et ass effektiv méi séier, an den DNG enthält all d'Metadata-Informatiounen déi am Verglach zu mengen CR2 files all an XML Sidecar files oofgespaichert waaren.

Et hued schon seng Firdeeler, mech géifen awer Noodeeler interesséieren, falls een der kennt smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH