Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- Ären Desktop (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=418)
Geschrieben von Ritch am 11.10.2006 um 12:18:
Ären Desktop
Ech wollt mol eng kleng actioun starten.
Weist eis wei är Plaatz ausgesait wou dir är Photo'en bearbescht.
Et ass intressant zegesinn wei an wou d'Leit aus der Community schaffen.
Ech well dann alt Uffänken an main privaten Arbeschtsberaich weisen.
Hoffen dass vill Leit sech bedelegen daat kann intressant gin.
Geschrieben von apu am 11.10.2006 um 13:10:
RE: Ären Desktop
Jojo dest ass elo mein Büro op der Arbescht. Setzen mein Doheem dann och na engekeier dobei :-)
Geschrieben von Ritch am 19.10.2006 um 09:50:
Hmmm leider scheint keen mat zemaachen, :-S
Hat d'idee vun engem anneren Forum iwerholl wou daat genial gin ass.
Mee bon.
Geschrieben von Johny am 19.10.2006 um 10:57:
Also sou Aktiounen si bekannt an Grafikerforen, ech wees daat ...
An wollt am fong haut kucken ob ech eng Foto hun fir heihinn .. jo daat dréit natirlech nach net derzou bäi dass en aaneren mattmecht, ech wees :/
//EDIT: Sou, dann mol eng Beschreiwung vu mengem Büro
Also mäin Fotoapparat ass net matt drop komm wei bei ierch, well matt dem hun ech d'Foto musse maachen
An fir de Laptop war keng Plaatz méi ^^
Geschrieben von Maggele am 19.10.2006 um 13:08:
hehe, déng PG-strëchlëscht hues de awer schéin dohinner gestallt
wéi wann dat emmer esou wier!!!
(man de geck!) ;D
Geschrieben von patrickr am 19.10.2006 um 13:10:
...Weist eis wei är Plaatz ausgesait wou dir är Photo'en bearbescht...
Hei as se:
Geschrieben von Johny am 19.10.2006 um 13:18:
Zitat: |
Original von Maggele
hehe, déng PG-strëchlëscht hues de awer schéin dohinner gestallt
wéi wann dat emmer esou wier!!!
(man de geck!) ;D |
Déi steet emmer esou do! Wees de firwaat?
Well genee do hannendrun dei kleng Luucht ass vum iMac déi lues un an äus geet, wann en am sleep Modus ass. Hun d'Heft virdru gestallt fir das déi Luucht an der Nuecht net sou krass stéiert.
Geschrieben von Maggele am 19.10.2006 um 13:31:
cool patrick! elo denken se al:" wat as DAT dann fir een ale komesche computer?"
Geschrieben von annemie am 19.10.2006 um 14:38:
Zitat: |
Original von Maggele
cool patrick! elo denken se al:" wat as DAT dann fir een ale komesche computer?"
|
...oder awer : wat eng HELL donkelkammer ^^ ;-))
Geschrieben von Neckel am 19.10.2006 um 16:27:
Majo hei ass mein Büro ... ( ass nach mei grouss, no lenks) ..
Hm dat wichtechst giff soen PC
, Drucker ... Mikro ... ehm jo soss, nach..hm eng Bananenschuel Battereien.. filmer ... eeehhh an wat een soss nach alles sou do trellen huet ...
)
P.S ass net geraumt ... an muss meng Posteren mol roofhuelen (an menge Fotoen dohenner hänken)
Geschrieben von JADE am 19.10.2006 um 18:33:
@ Neckel :
... an wou ass deng Poubelle dann? ...
...
Geschrieben von Neckel am 19.10.2006 um 19:00:
Hm soll dat lo eng Uspillung sin ?? Meng Poubelle ? hm wart nach eng Stonn dann lueden ech se am Forum op, mee muss mir dat awer lo nach erklären ...
Geschrieben von CHAREL am 19.10.2006 um 19:27:
meng arbechstplaatz welld der net gesin
^^
Geschrieben von Neckel am 19.10.2006 um 19:41:
lol kom schon Charel, meng ass och net den Hit
Geschrieben von Maggele am 19.10.2006 um 20:06:
hun dat am ufank bessi blöd fonnt, mee mëttlerweil gefällt mer déi iddi ;D
Geschrieben von Johny am 19.10.2006 um 20:14:
@Maggele: wanns de e Bild wells asetzen muss de och eng Bilddatei uginn, an net e Link op een Ordner
Geschrieben von JADE am 19.10.2006 um 20:54:
@Neckel:
majo ... ech gesin eng (eidel) Bananenschuel ... ech gesin een eidelt (?) Yoghourtsdëppchen ... ech gesin dofir awer keng Poubelle!! ...
..
Geschrieben von Neckel am 19.10.2006 um 21:07:
LOOOOL
Lo hun ech missen laachen ... hehe nee JADE ech sin su een deen seng ganz Wunning verdreckst, an alles muss haalen, och wann d'Banannen schuel schon zwee meint doleit, ech verbannen gewessen Emotiounen mat der Schuel .. dass ech se net kann weggeheien ...
Nee komm ... meng Dreckskescht steet an engem aneren Eck ...
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH