Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Chat and Fun (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=308)
Geschrieben von Mojoo am 30.07.2007 um 23:34:
Dat ass ansëch ganz einfach
.
D'Zuelen vun 0-8 kommen all ob d'Symbol vun der Zuel 0 eraus well een jo d'Somme vun den Zuelen (an dësem Fall nemmen eng Zuel) dei d'Zuel selwer beinhaltet oofzéihen muss. Dat gëtt dann zB bei 8:
8 - 8 = 0.
D'Symbol vun der Zuel 0 ass dat nämlecht fir d'Zuel 9, well - genau wei der Zuelenréihenfolge 0-8 - d'Zuelen 10-18 noo der Aufgabenstellung all ob d'Zuel 9 eraus kommen. Beispill: 13:
13 - 1 - 3 = 9.
An sou kanns de all Zuel duerchgoën: 19 kënnt ob d'Symbol vun der Zuel 9 eraus, 20 ob d'Symbol vun der Zuel 18, ... 99 ob d'Symbol vun der Zuel 81, woubäi 81 dat nämlecht Symbol erfierwéist wei d'Zuel 0.
Also mat Gedankenliesen huet dat guer näischt ze din
!
Geschrieben von Johny am 31.07.2007 um 00:34:
Daat ass awer scho relativ aal
Geschrieben von Mojoo am 31.07.2007 um 11:25:
Zitat: |
Original von Johny
Daat ass awer scho relativ aal
|
Ech hun dat doo zwar och nach net kannt. Du kenns sws emmer alles...
.
... Spillverdierwer
!!
Geschrieben von JADE am 31.07.2007 um 11:43:
tjo ... den Johny ... hien ass jo och praktesch vum Fach ...
Merci Mojoo fir deng Erklärungen ... ech wees zwar nët op alles verstaan hun ...
ech muss mir daat nach e puer Mol duerch den Kapp goen loossen ...
mee ët konnt jo nëmmen esou eppes an deem Genre sin ...
Gedankenleserei gëtt ët jo nët ... op jidferfall nët iwer Net ...
Geschrieben von kiischti am 08.08.2007 um 21:37:
Deen ass jo zevill deen Paul do. Einfach Top.
Geschrieben von MarcGerard am 11.08.2007 um 11:46:
also ech gin zou dass ech et witzeg fannen. net fir déi betraffe eit, an och net fir dee wou do lacht. mee déi situatioun as einfach immens. a wou sech dann och nach deen typ mellt deen déi däischter stemm huet .. naja!
Geschrieben von nikkie am 11.08.2007 um 13:18:
majo ech konnt am ufank absolut net driwwer laachen well all di leit (inklusive moderator) mer einfach nemme leed gedin hun.
mee no 5 mol kucken, an wann een sech just op de moderator beschränkt, kann dat dach schon ganz witzeg sin
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH