Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Olympus SH-1 Zoomfehler (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2047)


Geschrieben von Kleent am 26.07.2015 um 19:45:

  Olympus SH-1 Zoomfehler

Salut alleguer,

ech froën mech grad, wou een mat enger Olympus SH-1 kann higoen, wann een net méi raus- oder eranzoomen kann mat der Kamera? Muss een se direkt aschécken, oder kann een och fir d'éischt an e Fotobutték goen, deen do vläicht kann 1. Hëllef bidden?

Souwäit ech daat verstaanen hunn (et ass d'Kamera vu mengem Papp an ech sinn net sur place), funktionnéiert d'Kamera nach, just de Zoom eben net méi. Ech hunn ob eventuelle Sand getippt, deen d'Rauszoomen verhënnert, mee kann daat elo net vun Leipzig aus nookucken Augenzwinkern

Kennt een vun Ierch e gudde Foto-Butték zu Lëtzebuerg oder vläicht och Tréier (objiddefall noo bei LUX), wou ech hien hischécke kann, déi vläicht souguer ob Olympus spezialiséiert sinn?

All Hëllef ass wellkomm!

Merci am Viraus smile
Anouk


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH