Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Nikon Capture NX-D ***GRATIS*** (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2022)


Geschrieben von Gaga am 10.09.2014 um 11:58:

  Nikon Capture NX-D ***GRATIS***

Fir all Nikonisten,

no Capture NX, get et elo Capture NX-D, an deen as Gratis erofzelueden, hei :

http://nikonimglib.com/ncnxd/index_de_eur.html#os-windows

Wat ech net wosst (merci TC), anscheinend huet Adobe net dei ideal Software fier Nikon-RAWs ze entweckelen an mat Capture NX sollen grouss Ennerscheeder ze gesin sin. Ech wert et mol testen.

***************************************************************************
******


Ech hun mol einfach e Screenshot gemach, krassen Ennerscheet fie"Standartastellungen" !



Geschrieben von ornitho am 10.09.2014 um 20:32:

  RE: Nikon Capture NX-D ***GRATIS***

Dat ass normal, dat bei Canon och esou, den Hiersteller hier Softwaren sen op all dei verschieden Sensoren zou geschnidden, zumols Rauschen ass an denen Softwaren vill mei reng, beim Adobe ACR den Interpoleiert dat Rauschen vill mei Grob, an emsoumei musste vill mei Stark entrauschen... Doffier an denen Speziellen Soften do Photo bearbeschten wat schärft an Noisereduction ungeht an dann als 16 Bit Tiff eriwer an den PSD..



Geschrieben von Gaga am 10.09.2014 um 22:26:

  RE: Nikon Capture NX-D ***GRATIS***

merci Gianni,

dat hescht leider erem de ganzen Workflow emstellen, an firwat hun ech mer den Lightroom kaaf ?

unglücklich

Mol kucken, wat mech nerft as dats de am Capture NX-D keng Punktueiert retouchen kanns machen wei am Camera-RAW oder LR !

Mais et winnt een sech un alles, wann t'Resultat et wert as...



Geschrieben von ornitho am 11.09.2014 um 23:04:

  RE: Nikon Capture NX-D ***GRATIS***

Jo hun de Lightroom och mee notzen en iwerhapt net mei, schaffen just nach an da Canonsoftware an dann export un de Psd.. Mee wannste de Photoshop Abo hells heuste den Lightroom souwisou vir naicht mat dobei..



Geschrieben von Gaga am 16.09.2014 um 16:33:

  RE: Nikon Capture NX-D ***GRATIS***

Mais wann sie den Capture NX net mei weiderentweckelen, dann hues de jo keng meiglechkeet mei wei am Camera RAW am Bild, Bereicher eenzel ze bearbeschten, oder hun ech epes verpasst am Capture NX-D ?



Geschrieben von Nicon07 am 16.09.2014 um 22:22:

  RE: Nikon Capture NX-D ***GRATIS***

Datt se am NX-D d'u-point Technologie net mat iwwerholl hun, ass natiirléch blöd, mais ech ko mir virstellen, datt CaptureOne, déi dat jo am Fong erfonnt hun, Nikon dat net fir näischt gin hun, a wann den NX-D gratis ass (am Géigesaatz zum Capture-NX), da muss irgendwou gespuert gin. Ech ka méch awer och total iiren. Ech weess lo nët, ob de Capture-NX nach d'RAW-files vun der D810 liest, mais ech färten, déi vun der ganz neier D750, déi lo kënnt, liest e bestëmmt nët méi. Wann een de Capture-NX huet an den NX-D, da kann ee jo nach ëmmer séng Fotoen am NX-D ent-RAWën, an se dann als Tiff an den CNX exportéieren fir do lokal mat de u-points ze schaffen.

BG Nico


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH