Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Walen 2013 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1982)


Geschrieben von Johny am 15.10.2013 um 17:46:

  Walen 2013

Ech wëll hei kuerz op e Projet opmierksam maachen den ech zesumme mat engem Kolleg realiséiert hunn, et geet drëm, dass een den Inhalt vun de Partei-Programmer einfach kann mat aneren vergläichen, woubäi alles no Themen agedeelt ass:

http://walprogramm.lu

Diskussiounen iwwert d'Walen sinn och absolut wëllkomm, awer wann dann respektéiert w.e.g. jidderengem seng Meenung smile



Geschrieben von marischen am 16.10.2013 um 09:28:

 

Hunn dee Site scho viru puer Deeg entdeckt, muss soen datt et wierklech eng ganz gutt Initiativ ass. D'Emsetzung fannen ech och wierklech gutt gelongen (d'Méiglechkeet kënnen 2 oder méi Parteien ze vergläichen, dat ganzt ouni Schnick Schnack).

Leider, an dofir kann de Site natierlech net, weist dat ganzt just nach méi däitlech op, dass d'Programmer bei bal all de Parteien zimlech ähnlech klengen. Ofgesinn vun e puer méi krasse Géigesätz déi d'Nimm vun de Parteien am Fong schon (missten Augen rollen ) verroden, ass et des Kéier méi schwéier wéi soss, sech fir eng Richtung ze entscheeden.

Dobäi denken ech och un smartvote.lu. Ech hunn den Froebou lo schon 3 mol ausgefëllt, emmer an der Hoffnung, d'Resultat geng iergendwann (wat méi Kandidate mattmaachen) méi kloer ausfalen. Mee de Géigendeel war natierlech de Fall. Ech "misst" also lo theoretesch enger Partei meng Stëmm ginn, deenen hiere Positiounen ech just zu 54% zoustëmmen, well dat den héchste Score war souzesoen. Fannen dat schon zimlech demotivéierend. Ech denken also, datt ech bei wäitem net den Eenzege sinn, deen den 20. Oktober "das kleinere Übel" wiele muss.



Geschrieben von Johny am 16.10.2013 um 09:52:

 

Nee sou wäit geet walprogramm.lu wierklech net fir sou eppes ze maachen, ass och net dofir geduecht. Et stëmmt awer dass vill Parteien dat selwecht schreiwen - a verschiddenen Themen ass dat awer esou guer neies an dann esou guer gutt wa se et bal all schreiwen, well sou misst (!) ee sech kënnen zimlech sécher sinn, dass dat dann och sollt ëmgesat ginn smile

Ech hat nach viru puer Deeg vun engem gelies "Panachéieren mat Leit ass jo schéin a gutt, ech wéilt awer Walprogrammer panachéiere kënnen". Dat passt och ganz gutt bei dat wat s du sos smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH