Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Fotoapperat stellt nemi scharf (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1977)


Geschrieben von sloopy am 22.09.2013 um 12:58:

  Fotoapperat stellt nemi scharf

Meng Canon Eos 1100D stellt nemi richteg scharf. Een eng Ahnung wisou? Also se fokusseiert nach asw. me dueno um Computer ass keng eng Foto scharf et ass wei wann d'Lens liicht ugelaaf wier oder sou me meng Lensen sin proper... Kann een mer Hellefen weg? verwirrt



Geschrieben von xaph32 am 24.09.2013 um 09:03:

  RE: Fotoapperat stellt nemi scharf

check mol den klassiker:
vlait hues den autofokus (op der lëns) op MF stoen

ech hun och wéini nach 150 fotoen sou gemeet, et war immens...



Geschrieben von Esteban am 24.09.2013 um 12:39:

 

Gin Fotoen am Liew View scharf ? Klengt domm, mee hun schon matkritt, dass Fotoen dei am liew view gemach goufen scharf waren...
Hues du eng anner Lens fir ze testen ?
Huet sos emmer richteg scharf Fotoen gemach ?



Geschrieben von xaph32 am 24.09.2013 um 15:35:

 

liveview ëmmer manuel, matt loupe 5x oder méi, soss ass et russecht roulette

ech hun na nie mam liveview + autofokus eng foto hikritt déi mengen usprëch gercht gët ausser vlait ab f8 wou een bal naischt méi falsch maan kann (zumindenst bei den waitwënkelen)



Geschrieben von Esteban am 24.09.2013 um 15:45:

 

Zitat:
Original von xaph32
liveview ëmmer manuel, matt loupe 5x oder méi, soss ass et russecht roulette

ech hun na nie mam liveview + autofokus eng foto hikritt déi mengen usprëch gercht gët ausser vlait ab f8 wou een bal naischt méi falsch maan kann (zumindenst bei den waitwënkelen)

@ xaph: et geet jo net em qualität vun der foto (oder awer dach) :-)
Vläit helleft et jo den Fehler ze fannen....et geet net d'art an weis eng Foto ze machen....net falsch verstoen



Geschrieben von xaph32 am 24.09.2013 um 15:52:

 

jo ech wees, me dat wat hien beschreiwt klëngt nët liveview problem. beim liveview hues de ëmmer e scharfen punkt (wann och aléatoire me op iergenteppes stellt e scharf).



Geschrieben von Miau am 24.09.2013 um 16:49:

  RE: Fotoapperat stellt nemi scharf

http://support-sg.canon-asia.com/contents/SG/EN/8201011500.html



Geschrieben von Esteban am 24.09.2013 um 16:52:

Daumen hoch! RE: Fotoapperat stellt nemi scharf

@ Miau: coolen Link
@ xaph: cool signature :-)



Geschrieben von Charly am 09.10.2013 um 21:59:

  RE: Fotoapperat stellt nemi scharf

Villäicht domm Froen, mee just fir alles ze checken:
- Test mat Stativ an kuerzer Beliichtungszäit (dass et net verwackelt)?
- Test mat verschidden Objektiver?
- Wann manuell scharf gestallt, as d'Photo dann scharf? Wann nët, ass d'Dioptrien-Anstellung vum Sucher ev. donierwt?
- As den AF op Fokus-Prioritéit, d.h. léist d'Kamera nëmmen aus wann se denkt se huet scharf gestallt?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH