Geschrieben von Gaga am 10.10.2012 um 22:30:
RE: Fotoen machen an der Disco
Genau wei de Schluck seet, just e ganz liichten Bletz fier e bessen Luucht eran ze kreien.
Falls daat net duergeht, respektiv wanns de e bessen mei "dynamik" an Effekt wells dran kreien, probeier mol den Bletz op den 2. Rideau ze setzen (as normalerweis beim Bletzzeechen dann en "rear" markeiert)
Doduerch mechs de eng Foto dei relativ laang Beliicht get (1/2 - 1/40sec, an dann kennt zum Schluss den Bletz fier dei Objetkter dei mei no bei dier sin anzefreieren. Objekter dei mei weit eweg sin oder hell an a Bewegung, gin doduerch verzerrt, t'Bewegung as ze gesin. Fier Disko e ganz passenden Effekt, deen leider op deenen Nightlife-Siten nie oder baal nie benotzt get. Daat gesait dann aus wei op enger Garageparty ouni Stemmung an Lighteffects !
Sou kann daat ausgesin.
Wanns de den Feeling bis eraus hues, kanns de souguer t'Camera ganz ronnderemdreinen a verwackelen, an mat guddem Timing dann de Kadrage richteg hun deen Moment wou den Bletz ausleist.
Hei as e ganz einfacht Beispill fier den Rear Flash :
Rear Flash Flickr
Wanns de den Bletz op Normal stoen huess, mengt een t'Persoun wier hannerzeg gaangen. Dofier eben zum Schluss bletzen, net am Ufank !