Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Spot fier en autoshooting gesicht (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1916)


Geschrieben von tomsmith am 12.09.2012 um 12:26:

  Spot fier en autoshooting gesicht

Salut ech an en kolleg wollten main auto eng keier an scene setzn et ass en 1986 500SEC mercedes-benz
am selweren.

Mier sichen grad no enger gudder platz dofier mais fündeg gin mer net su richteg. Ween kennt sech do flait besser aus?



Geschrieben von gogo am 12.09.2012 um 16:56:

 

Um Buedëm vum Stauséi, neen quatsch großes Grinsen

Sicht der ëppes spezielles?

an der Natur/ Bësch etc...
oder bei enger aaler oofgewrackter Industrie
oder ...
Belval Plaza waren se fréiher ëmmer higefuer, mais do ass am Moment och alles voll mat Gitteren a Läit etc...

Kuck mol bëssi um Photogensite, do hun der scho puer Autoen op flotte Plaatzen fotograféiert, kanns jo bëssi duerchbliederen an bei de jeweileg Autoren nofroen.



Geschrieben von Cypress am 12.09.2012 um 22:48:

  RE: Spot fier en autoshooting gesicht

Salut,

Wann et e bessi eng méi "nobel" Ambiance soll sinn, kënnt Dir probéieren, fir am Schlass zu Ansebuerg ze photographéieren (um halwen Wee tëscht Koplescht an Tënten).

Hun nach nie selwer am Bannenhaff photographéiert. D'Schlass selwer ass privat, mä d'Gärt sinn (anscheinend) öffentlech zougänglech. (War bis elo 2x selwer do, an haat bis elo nach keng Problemer.)
Beim Bannenhaff sinn ech mir nët sëcher. Mä déi eng oder aaner Photo diërft nët stéieren, ging ech mengen....

Bonne chance.



Geschrieben von tomsmith am 13.09.2012 um 01:52:

  RE: Spot fier en autoshooting gesicht

merci fier di proposen man den shoot den meindeg. haaten eischter un di verloosen tankstell geduecht richtung gond eroof bei der breck mais kcuken dat nach alles.
Eischter richtung all industrie.
D'seererei zu dideleng ass zb interessant mais ass zou mat engem gitter leider.
Schmelz wier och gudd.
Dat mam schlass ansenbuerg ass ich brauchbar.



Geschrieben von micky-maus am 13.09.2012 um 21:34:

  RE: Spot fier en autoshooting gesicht

Dei aal Steekaul zu Marteleng ass ganz intersant....



Geschrieben von tomsmith am 19.09.2012 um 15:06:

  closed

merci fier d'ideen, den final brainstorming mam kolleg huet eis op dideleng gefouert, d'fotoen sin um photogen site, en puer op schidde falls. den rescht fennt een demnächst op eisen homepages/fb saiten.



Geschrieben von dateacha am 19.09.2012 um 22:30:

  RE: Spot fier en autoshooting gesicht

Salut, déi verloossen Tankstell déi hei erwähnt gin ass, wou ass déi genee, kann eenn mech do obklären pls! smile



Geschrieben von tomsmith am 21.09.2012 um 20:38:

  RE: Spot fier en autoshooting gesicht

majo anscheinend sollt dei baussen an der 180* keier sin, wan een lenks vun der breck dei richtung tunnel geht, oofbeiht an an de gronn eroof fiert.

bilder sagen mehr als worte, geff des koords bei google maps an : 49.605489,6.131539



Geschrieben von dateacha am 24.09.2012 um 22:38:

  RE: Spot fier en autoshooting gesicht

Perfekt, thanx fiir info & Koordinaten!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH