Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Neien Banner ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1900)


Geschrieben von Gaga am 12.07.2012 um 09:03:

Fragezeichen Neien Banner ?

Salut allegur,

Ech hoffen ech sin an der richteger Kategorie, dei hei klengt emmer sou no Gemeckers ! Augen rollen

Ech wollt emol froen/proposeieren, ob een net soltl en Concours machen wou als Sujet den nàchsten Banner vum Site gewiellt get ?

Den aktuellen as jo schon zimlech aal, an eierlech gesoot, fannen ech dat en och net onbedenkt fier E Letzebuerger Photos-site steht. (Een Krabbenkutter am Mier ??? mier hun weder Mier, nach Krabben, nach gut Wierder hahaha)

As einfach esou eng Idee an et geiff och nach als belounung fier de Gewenner kommen dat seng Foto all Daag op der eichter Seit ze gesin as fier dei nächt X Joer smile (keintn een jo mei oft machen, oder 1x am Joer) Et as jo och eng Kategorie do fier PG-Banner, mais ech mengen do leeft net fill.

Bon, as eng Idee, villeicht fennt jo nach een se gut, oder filleicht souguer mei Leit an et keintn een et machen ? T'Thema keinnt jo sou t'Stechwierder : "Photo" "Community" "Lxembourg" sin ?
Natierlech mussen dann t'Proportiounen vun der Foto festgehaal gin: 691px × 86px

Waat denkt der ?



Geschrieben von Metalbambi am 12.07.2012 um 17:02:

 

Wier effektiv villäicht interessant vir ze kucken wat derbäi raus kënnt.
Woubäi ech awer muss soen dat mer dat blot relativ gutt gefält bei dem groen Rescht vum Site.

(damn it! firwat erwëschen ech ëmmer den 'neien Thread'-Button wann ech well Äntwerten??? XD)



Geschrieben von Mika am 12.07.2012 um 17:42:

 

Jo, et sprëcht amfong näischt dergéint? großes Grinsen



Geschrieben von Gaga am 12.07.2012 um 17:50:

 

oh merd, iwerliesen geng heiernsdo och net schueden, weivill tipfehler sin an mengem post ????


Zunge raus

Haaptsach aaneren leit www.spellchecker.lu proposeieren ... mais weinstens as et phonetesch richteg lol



Geschrieben von gogo am 12.07.2012 um 18:46:

 

D'Iddi gefaellt mier ganz gudd.
Den naechste Concours ass zwar scho geplangt an sollt lo eng Keier annonceiert gin, mais jo kloer, super Iddi.



Geschrieben von Johny am 13.07.2012 um 09:14:

 

Ech géif ofroden dat ze maachen smile de Bambi huet et amfong scho gesot: d'Blo passt perfekt bei de Recht, an dofir kënne mer schlecht eng ganz aner Zort vu Faarw elo rabréngen. Natierlech kéint een als Konditioun ginn dass genee déi blo (+-) vill muss mat an der Foto sinn, mä ob een dann nach vill Fotoen rageschéckt kritt ... ? an wann keng herno passt, si mer dann awer gezwongen eng ze huelen dovun?



Geschrieben von Metalbambi am 13.07.2012 um 11:09:

 

Dat mam passen ass effektiv en Problem.
Eis Fachschaft op der Uni huet dëst Semester en neit Logo gesicht an dat ganzt och als Concours gestalt. Si hunn en einfach op gelooss bis puer gudder dobannen waren, an dunn réischt ofstëmmen gelooss... Sou als kleng Inspiratioun.



Geschrieben von Gaga am 13.07.2012 um 18:09:

 

hmm, mais am Fong wor jo am Ufank esou geduecht öfters mol ze wiesselen, woubei Blo jo net schweier ze fannen as .. (Himmel?) Fannen daat awer net onbedengt e Argument en dofier nie ze wiesselen. Beim Ofstemmen muss een jo dann och beuechten dat et soll passen als Logo, an net einfach e flott Bild soll sin. Oder den Comité décideiert daat, oder dei 3 dei dei meescht stemmen kreien vun de Leit kommen dann an t'Endronn bei den Comité ... dei sichen der 2 eraus an dovunenr kann de Johny nach den Gewenner ermettlen, mat der Konditioun dat Blo dran as Augenzwinkern

Soit, wor sou eng Idee ... ech wiesselen mer mein an den Temp fichieren aus lol

PS : wou kann een t'Forumconcouren lanceieren? Fannen dem Maggele seng net mei am Forum ?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH